Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
Meenung Neiegkeeten

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!
Meenung Neiegkeeten

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!

Gëschter Owend war de Vernissage fir „150 Joer Philharmonie Municipale

Meenung Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Lämmy 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Et gëtt Mënschen déi esou ee krasse Beholl hunn an dat och nach ganz houfreg mat der Welt deelen

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Mir wëssen net wat sech de jonke Borscht dobäi geduecht huet, wéi hie sech selwer mam Handy gefilmt huet, wéi hien „domm an ausfälleg“ ginn ass. Wéini genee sech dëse Virfall zu Esch um „Kennedy“ zougedroen huet, wësse mir och net mat Sécherheet, an eigentlech ass et, bezunn op den Inhalt onerhieflech. De Virfall selwer ass deraart Krass, dat kann een net esou stoe loossen.

 

Dëse Virfall ass net am Police-Bericht erwäänt ginn an och zu enger Stellungnam war bis ewell nach kee bereet. Iwwert ee „klengem Ëmwee“ krute mir dann awer confirméiert, datt déi eis zougespillten Opnam echt ass. Op d‘Remarke vum Rabbelkapp, déi esouwuel rassistesch wéi och soss generell einfach nëmmen ënner aller Klarinett sinn, gi mir bewosst net an, de Video ass wäitaus méi explizitt, wéi méi mir datt op dëser Plaz interpretéiere kéinten.

Esou eppes huet an dierf keng Plaz an eiser Gesellschaft hunn. Et ass schlicht net méiglech friddlech zesummenzeliewen, wann esou ee Beholl sollt Schoul maachen. Polizisten si wuel fir vill Leit an éischter Linn Beamten, mee si si virun allem Mënsche wéi „Du an Ech“. Si hu keng einfach Aarbecht a mir sollten am Interessi vun der Allgemengheet, hinnen eppes méi Respekt entgéint bréngen an hiren Asaz zum Wuel vun eis all wierdegen.

Mat esou Aktiounen, déi – an dat gouf eis dann awer offiziell confirméiert – stänneg méi ginn, gëtt ee schlechte Klima geschafen. D‘Poliziste musse jo all Ament domadder Rechnen net nëmme beleidegt an provozéiert ze ginn, mee datt just fir den “Held vun der Gang” ze sinn, et och zu Gewalt komme kann. Kann et dru geleeë sinn, datt si net méi wéi ee „béise Fanger“ vum Riichter gewise kréien, oder si mir grad dobäi als Gesellschaft voll ze versoen?

Illustratioun: © Marcus Winkler / unsplash

Ähnlech Sujeten Beleidegung, Esch-Uelzecht, Police, Provokatioun, Rabbelkapp, Rassimus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel