Search

You may also like

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?
International Neiegkeeten

Covid-19: Wéi gesäit et mat der Landwirtschaft aus?

Zesumme mat de 26 europäesche Landwirtschaftsministeren huet de Romain Schneider

Schwéiert Zuchongléck an der Belsch fuerdert zwee Mënscheliewen
International Neiegkeeten

Schwéiert Zuchongléck an der Belsch fuerdert zwee Mënscheliewen

Um Méindeg goufen an der Belsch, zu Morlanwelz, onwäit der

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!
International Neiegkeeten

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!

ENG – Noc-Turn, TIPTIL a CCSA si stolz Iech Fabrik

Eis Belsch Nopere ginn an d‘Phas III vum Deconfinement

Eis Belsch Nopere ginn an d‘Phas III vum Deconfinement

Et wunnen – bedéngt duerch de knappe Wunnraum – och vill Lëtzebuerger an der Belsch. Besuch vu Frënn a Famill war laang schwiereg oder zumindest komplizéiert. Elo gëtt et Lackerunge, ee gudde Grond sech déi nei Reegele vum sozialen Zesummeliewen eppes méi no unzekucken.

Bei der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot de leschte Mëttwoch, goufen eng Rei Mesuren am Kontext vum progressiven Deconfinement decidéiert. Wéi bei eis gëtt den HORESCA-Secteur wéi och den Tourismussecteur nees opgemaach. Sport a kulturell Aktivitéite sollen nees kënnen, ënnert gewësse Viraussetzungen, bedriwwe ginn. Déi drëtt Phas vum Deconfinement start muer Méindeg.

Ab dem 8. Juni ass nees méiglech sech ze gesinn, wéini a wou ee wëll, datt ënnert der Konditioun, datt d‘Distanzen agehale ginn. Also esoulaang wéi en Ofstand vun annerhallwem Meter agehale gëtt. Ass dës Distanz net anzehalen, muss een d‘Mask undoen. Et gëtt awer recommandéiert de Kontakt op zéng Persounen an der Woch ze beschränken. Déi dierfe vu Woch zu Woch änneren.

Dës Reegel fundéiert um Prinzip vun der „sozialer Kontroll“, oder anescht ausgedréckt: jidderee gëtt gebueden sech disziplinéiert ze verhalen. Et kënnt keng Police oder soss en Organ bei d‘Leit doheem „nokucken“ op d‘Reegelen agehale ginn. Dat wier zudeem och kaum Ëmzesetzen, dofir huet et schlicht net genuch Personal. Et heescht also, och wann et net einfach ass, verstänneg sinn.

Vu grousse Fester, Familljefeieren oder Grillpartye sollt een also den Ament nach ofgesinn, och wann dat, besonnesch no dräi Méint Confinement an Aussicht op bescht Summerwieder, grad fir d‘Jugend dierft eng Erausfuerderung duerstellen. Gréisser Gruppe kënnen sech awer nees an de Kierchen an Tempel zum Gebiet (maximal 100 Persounen) oder Hochzäit (30 Persounen) treffen.

Grousse Wäert ginn op déi sechs Grondreegele beim individuelle Verhale geluecht:

  • Hänn wäschen an sech zur Begréissung net kussen;
  • d‘Aktivitéiten am Fräie sinn ze privilegiéieren;
  • zousätzlech Virsiicht ass gebueden, wa Persounen aus Risikogruppe bedeelegt sinn;
  • d‘Anhale vum Sécherheetsofstand (ausser ënner Membere vun enger Famill a Kanner ënner 12 Joer);
  • enk Sozial Kontakter mat maximal 10 Persounen,
  • Gruppenaktivitéiten op 10 (friem) Persounen an der Woch begrenzen.

Eis belsch Noperen hunn sech also dofir Entscheet, de Leit ze vertrauen a setzen op de gesonde Mënscheverstand, fir sech selwer, mee virun allem déi aner ze schützen. Zil vum Ganzen ass et, d‘Kontakter déi „net sécher sinn“, méiglechst op ee Minimum ze begrenzen, fir d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 ze begrenzen. Nëmme wann d‘Leit sech drun halen, kann et zu weideren Erliichterunge kommen, esou d‘Premierministesch Sophie Wilmès.

mat indymedia/bru

Foto: Ab ee Méindeg dierf een nees zu méi wéi véier Leit bei sech doheem zesummekommen. Et gëtt recommandéiert, esouwäit dat méiglech ass, sech dobaussen opzehalen. Grillen ass jo an dëser Joreszäit ee vun de schéinste Grënn sech de „fräie Raum“ unzëeegnen. © Johanna Dahlberg / unsplash

Related topics Belsch, Coronavirus, Covid19, Deconfinement
Next post Previous post