Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer
International Neiegkeeten

240.000 Stëmme fir europäesch Gewässer

Momentan organiséiert d’EU-Kommissioun eng Biergerbefroung am Kader vun de Waasserrichtlinnen.

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten
International Neiegkeeten

Kultur: Eng nei Saison mat villen Erausfuerderung an Onsécherheeten

Am kulturelle Beräich steet eng nei Saison virun der Dier,

Rambazamba fir de Cactus
International Neiegkeeten

Rambazamba fir de Cactus

Gëschter hu sech d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL mat de Vertrieder

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung

De belsche Premierminister, Charles Michel, huet e Sonndeg, nodeems déi flammännesch Minister demissionéiert hunn, d‘Spëtzt vun enger Minoritéitsregierung iwwerholl. Si waren sech an d‘Hoer geroden, well sech déi nationalistesch Politiker géint den UN-Migratiounspakt ausgeschwat hunn.

Nodeems de Charles Michel dem Kinnek eng Lëscht mat de Nimm vun de Ministeren iwwerreecht hat, déi den demissionäre Kandidaten hir Portefeuillen (Inneministère, Finanzen, Verdeedegung a Migratioun) iwwerhuelen, huet dësen d‘Kënnegungen ugeholl. „Ech bedaueren datt et dozou huet misse kommen“, sot de Premierminister de Kollege vu RTL-TVI.

Den ausscheedenden Inneminister, Jan Jambon, hat um Sonndegmuere géintiwwer der RTBF bestätegt, datt hien an déi aner Ministere vun der „neier flammännescher Allianz“ (N-VA) d‘Koalitiounsregierung verloosse wëllen. „Dat ass kloer, dat ass däitlech“, esou den Nationalist, deem Migranten, Auslänner a soss „Friemes“ ëmmer schonn en Dar am A waren.

Mat Austrëtt vun der N-VA aus der Koalitiounsregierung, steet de liberale Charles Michel elo un der Spëtzt vun enger – Mëtt-riets – Minoritéitsregierung. Si sollt de Verloscht verkraafte kënnen, bis zu den nächste reguläre Legislativwahlen ass et net méi wäit. Déi fanne statt am Mee 2019, zesumme mat den Europawahlen. Den Dissens wéinst dem UN-Migratiounspakt, wäert do opgeschafft ginn.

De Premierminister versicht pragmatesch ze bleiwen a riicht e Message un d‘Kollegen aus alle politesche Lager: „Et ass eng verantwortungsvoll Koalitioun (…) déi sech hei zesummesetzt. Virgezunne Wahle géifen derzou féieren, datt d‘Land ee Joe laang politesch blockéiert wier“. Seng Prioritéite bis zum Enn vum Mandat am Mee: Kafkraaft, Sécherheet a Klimapolitik.

Am Bann vum neofaschistesche Chaos

Mat dëser Koalitiounsregierung, wou kee „Partner“ bei deen anere gepasst huet, war et an véier Joer weder Spaass nach Freed. Déi ideologesch neofaschistesch Grondlage vun der N-VA, hir Ofleenung vun der Migratioun an allem Frieme generell, huet méi wéi eng Kéier déi belsch Regierung a Fro gestallt. Et ass d‘Maggie De Block, déi vum Gesondheetsministère, zur Migratioun wiesselt.

Interessant de Wuertlaut an hirem Communiqué. „Ech iwwerhuelen haut en Departement an der Kris. Et herrscht de Chaos“. Eng iwwerraschend Ausso, wann ee bedenkt, datt een zesummeschafft, an dat elo net zanter gëschter. Firwat denoncéiert d‘Maggie De Block, d‘Zoustänn am Ministère vun Theo Francken, eréischt no dësem senger Demissioun? Ma well et „opportun“ ass…

Um Samschdegowend, hat de President vun der N-VA, Bart De Wever, nom Ministerrot e leschten „Ultimatum“ an de Raum geworf, mat deem hie verhënnere wollt, datt sech de Premierminister um Sonndeg a Richtung Marrakesch (Marokko) dervu mécht, fir den UN-Migratiounspakt unzehuelen. E Pakt dee kee Signataire zu eppes Verflicht an inhaltlech éischter philosophesche Charakter huet.

Net ze vergiessen, datt sech d‘Weltgemeinschaft scho Mëtt Juli positiv zu dësem „Pakt“ geäussert hat. Duerno sinn déi éischt aus „hir Lächer gekroch“ an hunn ugefaangen dësen Text mat massivem Asaz vu Falschinformatiounen ze zerleeën. Opfälleg ass, datt et déi rietsnational a faschistesch Parteien/Regierunge sinn, déi vill investéiere fir mat Ligen an Falschinformatioun ze punkten.

Wie goe wëll, dee soll een net ophalen

De Charles Michel huet dem „Ultimatum“ déi Opmierksamkeet geschenkt déi e verdéngt hat, an dem Bart De Wever geäntwert: „Ech huelen Notiz dovunner, datt d‘N-VA d‘Majoritéit haut den Owend verléisst“. Hie sot och: „Op dësem Sujet gëtt et ënnerschiddlech Usiichten, mee de Pakt ass imminent wichteg, well et kengem Land eleng gelénge kann, dëse Problem ze léisen“.

Géint dësen – zu näischt verflichtenden – Text, deen haut a muer zu Marrakesch soll Zoustëmmung erhalen, huet sech vun de véier Koalitiounsparteien, nëmmen déi nationalistesch N-VA gestäipt. Bis Enn Oktober hat et (och mat der N-VA) nach e Konsens ginn. Experte sinn sech aus dësem Grond net sécher, op et der N-VA am eigentlechen net awer drëms gaangen ass d‘Regierung ze stierzen.

Déi politesch Kris an der Belsch huet en Dënschdeg ugefaangen, nodeems de Premierminister der Regierung matgedeelt huet, datt hien d‘Intentioun huet, sech un d‘Parlament ze wennen, vu datt et keng Eestëmmegkeet bannent der Regierung gëtt. En Donneschdeg huet et eng grouss Majoritéit an der Chamber ginn, wat d‘Faschiste vun der N-VA nach eppes weider isoléiert huet.

Hir Äntwert: e politesche Meeting um Samschdeg, zu deem si e puer prächteg Gäscht agelueden haten. Esou d‘Presidentin vum franséische rietsradikale Mouvement „Rassemblement National“, an de Steve Bannon; fréiere „Beroder“ vum Donald Trump, elo „Lobbyist“ zu Bréissel an absolut determinéiert all ultrakonservativ a neofaschistesch an Europa ze stäerken.

En „Däiwelspakt“

Vun dësem Meeting, dee ganz vill Zousproch erhalen hat, geet et duer zréckzebehalen, datt d‘Marine Le Pen festgestallt huet: „Wien dëse Pakt ënnerschreift (…) deen ënnerschreift e Pakt mam Däiwel“. Interessant, datt et grad d‘Presidentin vum Rassemblement National ass, déi net wëll, datt ee mat engem vun hire „Familljememberen“ e Pakt ënnerschreift.

Wéi gesot: den UN-Migratiounspakt enthält eng 20 Propose zum Ëmgang mat der Migratioun, an ass, wann iwwerhaapt, beschtefalls eng „philosophesch Ebauche“ déi kee Land zu iergendeppes verflicht. Et huet dann och éischter „Symbolik-Charakter“, wéi datt et muer oder iwwermuer géif besser ginn. Mee et léist erkennen, wien der Meenung ass, datt mir „net“ all zesummegehéieren.

Déi erkläerte Géigner vun enger friddlecher internationaler Communautéit, an där e solidaresch ass an d‘Welt net fir sech eleng beusprocht, sinn eng ganz reell Gefor fir de Weltfridden. Sécher ass elo, datt: Italien, Éisträich, Ungarn, Polen, Slowakei, Estland, Lettland, Tschechesch Republik, Schwäiz, Australien, Israel an Dominikanesch Republik, den Text net wäerten ënnerschreiwen.

D‘USA haten sech schonn am Dezember 2017 aus dësem Projet zréckgezunn. Washington huet generell seng Astellung zu de Vereenten Natiounen iwwerduecht. Si hunn sech aus esouvill Agencen entweder zréckgezunn, oder d‘Beiträg annuléiert, datt ee sech wonnere kann, datt si der UN iwwerhaapt nach ugehéieren. Et muss um stännege Sëtz am UN-Sécherheetsrot leien…

mam Clément Zampa/AFP

Foto: De liberal-konservative Charles Michel ass elo un der Spëtzt vun enger Minoritéitsregierung a fuerdert vun de verbleiwende Koalitiounspartner Zesummenhalt, fir et net virun der Echeance vun der Legislaturperiod zu Neiwahle kommen ze loossen. © Dirk Waem/Belga/AFP

Ähnlech Sujeten Bart de Wever, Belsch, Charles Michel, Faschismus, Marine Le Pen, Migratioun, Rassismus, Steve Bannon, UN-Migratiounspakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel