Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?
International Neiegkeeten

De September op Netflix: Léift, Drogen a… Päerd?

En neie Mount heescht neie Stoff op Netflix. Wéi scho

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
International Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger
International Neiegkeeten

Saarland a Rheinland-Pfalz: Verschäerft Areesbestëmmunge fir Lëtzebuerger

Mam groussflächegen Testen ka Lëtzebuerg zwar genee Zuelen zu den

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie

Altersheemer, Maskeflicht a Schoulbetrib… d‘Sophie Wilmes zu de Mesuren déi den nationale Sécherheetsrot beschloss huet

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie

Et soll eng konstruktiv a fir all d‘Bedeelegt zefriddestellend Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot gewiescht sinn, bei där sech déi Belsch „Noutstandsregierung“ ënnert der Leedung vum Sophie Wilmès iwwert déi weider Moossnamen a méiglech Lackerunge vum Confinement konzertéiert hunn. Si schéngen sech bewosst gewiescht ze sinn, datt hir Decisiounen net alle gefale wäerten…

Mee d‘Regierungscheffin behält Buedemkontakt a stellt kloer: „D‘Situatioun ass weiderhi seriéis an d‘Decisioune betreffend de Confinement si schwéier ze treffen, och oder grad wéinst hirem Impakt eis Fräiheeten. Dat heescht, datt mir de psychologeschen Impakt vun de Mesuren op d‘Bevëlkerung net dierfen ënnerbewäerten“. Et brauch also Léisungen, fir de Confinement sécher ze erliichteren.

Eng vun dëse Mesuren, déi vun der federaler Regierung geholl gouf, ass et de Leit nees ze erlaben, Visitten an den Alters- a Fleegeheemer, wéi och den Zentre vir Persoune mat spezifesche Besoinen, ab dem 20. Abrëll maachen ze kënnen. Dat geet nëmme mat strengen Oplagen: esou muss et ëmmer déiselwecht Persoun sinn déi d‘Visitte mécht, an déi dierf an de virechte 14 Deeg keng Symptomer gehat hunn.

StrategieAn d‘Sophie Wilmès ass sech bewosst, dat dës Entscheedung net ouni Gegrommels an eppes Kritik bei der Bevëlkerung wäert ukommen. Et wier awer eng wichteg an déi eenzeg Decisioun, déi et erméiglecht de Confinement ze erliichteren. Hiert Argument ass lueflech: „…et muss ee wuel déi ganz strikt Moossname behäerzegen, mee et dierf een dobäi seng Mënschlechkeet net verléieren“.

Nieft der Mënschlechkeet, muss de Mënsch sech awer och beschäftege kënnen, firwat – ëmmer am Respekt vun de Mesuren: Ofstand halen an d‘Hygiènesmesure respektéieren – och an der Belsch d‘Baumäert an Gäertnereien hunn dierfen opmaachen. Bei de Gesiichtsmasken, där et elo och bei eisen Noperen net genuch gëtt, gëtt d‘Droen „encouragéiert“ mee eng Maskeflicht soll et net ginn.

Dozou d‘Sophie Wilmès: „All Mënsch muss net dee selwen Typ vu Masken zur selwechter Zäit undoen. ENG Mask vum Typ FFP2 muss dem Fleegepersonal virbehale bleiwen, dat sech ëm déi Covid19-Patiente këmmert. (…) d‘Bevëlkerung muss sech am Alldag a besonnesch wann de Confinement opgehuewe gëtt, bescht méiglechst schützen a kann dofir eng stoffe Mask undoen“.

Strategie

Déi liberal Cheffin vun der belscher Noutstandsregierung, Sophie Wilmès, weess datt net all d‘Moossnamen op Versteesdemech stoussen, mee si wieren Noutwenneg. Och bei eisen Nopere wäert de Wee an déi „nei Normalitéit“ beschwéierlech ginn. © Veille InfoPol

Parallel dozou wieren awer gréisser Bestellunge vu Maske gemaach ginn, an et gëtt mat Nodrock dru geschafft eege Produktiounslinnen am Land opzeriichten. Wat elo d‘Vakanz betrëfft, esou huet d‘Regierungscheffin gesot, datt do nach Decisiounen ausstinn. Et sollt ee sech awer elo och net erhoffen, datt et nach dëst Joer nees zu gréissere Reese ka kommen. D‘Sécherheet geet jo vir.

Wat elo d‘Ëffnung vun de Schoulen, de gastronomesche Betriber, den Entreprisen an anerem méi ugeet, esou gëtt sech hei op den Avis vun den Experte gestëtzt. Et wäert ee sech awer net hetze loossen, esou d‘Sophie Wilmès. Déi nächst Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot ass fir de 24. Abrëll ugesat ginn. Et sollen dann och méiglechst vill Äntwerten zu de ville Froe geliwwert ginn.

Wat den nationale Sécherheetsrot decidéiert huet:

  • d‘Moossname vum Confinement gi bis zum 3. Mee verlängert;
  • Baumäert a Gäertnereien dierfen zu de selwechte Konditioune wéi d‘Liewensmëttelgeschäfter opmaachen;
  • et ass ënnert strengen Oplage méiglech ee Familljemember am Alters- oder Fleegeheem ze besichen. Dat gëllt och an Etablissementer wou Mënschen isoléiert sinn a sech net deplacéiere kënnen, wéi och fir Institutiounen déi sech ëm Mënsche mat engem Handicap këmmeren;
  • d‘Police ass weider ugehale ginn d‘Anhale vun de Mesure streng ze kontrolléieren an bei Verstéiss entspriechend Sanktiounen ze ergräifen;
  • bis den 31. August sinn all gréisser Veranstaltunge verbueden;
  • den Homeoffice gëtt och weiderhi gefërdert;
  • de Bausecteur ka seng Aktivitéite weiderféieren, esoulaang wéi d‘Chantieren e Sécherheetsofstand zouloossen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Bréissel bereet sech op seng fënneft Confinement-Woch vir © Che Guevara (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Confinement, Coronavirus, Covid19, Exit-Covid19, Exit-Strategie, Sophie Wilmès
Nächsten Artikel Virrechten Artikel