Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Summer 2020: Zweetwäermsten August zënter den Temperaturopzeechnunge vun 1838
International Neiegkeeten

Summer 2020: Zweetwäermsten August zënter den Temperaturopzeechnunge vun 1838

Zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2020 huet de staatleche Wiederdéngscht

surprise
Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift
International Neiegkeeten

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

D‘Ausseminister vu Frankräich a Lëtzebuerg hunn sech um Freideg zu

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen
International Neiegkeeten

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen

Zu Lëtzebuerg ginn Dag fir Dag eng 30.000 Schüler an

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung

Zanter iwwert ee Joer hunn eis Belsch Noperen esou eppes wéi eng „Regierung ouni Majoritéit“ an et schéngt tatsächlech, wéi wann déi duerch de Coronavirus ausgeléiste sanitär Kris d‘Parteien nees zesummeféiere géif, zumindest iwwergangsweis.

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung

Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng Parteien hunn sech elo jiddefalls emol drop gëeenegt, déi amtéierend Ministerpresidentin Sophie Wilmès am Kampf géint de Coronavirus Covid19 ze ënnerstëtzen. Si kéint ënnert dësen Ëmstänn fir déi éischte Kéier eng Majoritéit am Parlament hunn… allerdéngs nëmmen esoulaang wéi déi sanitär Kris Bestand huet.

BelschFir déi an hir wirtschaftlech Folgen ënner Kontroll ze bréngen, soll d‘Sophie Wilmès fir sechs Méint Sonnervollmuechten erhalen. Dat wier net vu Muttwëll, schliisslech ass ze bedenken, datt eis Noperen nom Koalitiounsbroch am Hiecht 2018, eng Regierung ouni Majoritéit hunn. Déi liberal Ministerpresidentin konnt sech am Parlament op grad emol 38 vun 150 Mandater stäipen.

Eng Situatioun déi sech och net mat de Parlamentswahle vum 26. Mee 2019 verbessert huet. Ee Virstouss vun der flammännescher N-VA zur Bildung vun enger Iwwergangsregierung ass ee Sonndeg gescheitert. D‘Sozialisten (PS) aus dem „frankophonen Deel“ haten d‘Propose vun den Nationalisten zréckgewisen, wëll Koalitiounsgespréicher ze vill Zäit an Usproch géifen huelen.

BelschNo stonnelaange Gespréicher um Sonndeg, konnten sech déi zéng Parteie schliisslech op en anere „Modell“ eenegen. Déi bestoend Koalitioun vun der Minoritéitsregierung soll weidermaachen a gëtt dobäi vun de Sozialisten, de gréngen an och der N-VA, wéi anere Parteie gestëtzt. Schonn haut de Moie soll dem belsche Kinnek Philippe d‘Propose fir eng „Noutfall-Regierung“ virgeluecht ginn.

Et ass dovunner auszegoen – d‘Situatioun fuerdert et schliisslech och – datt de Kinnek de Liberale Sabine Laruelle a Patrick Dewael hire Virschlag wäert unhuelen an datt d‘Sophie Wilmès dann och mat der Regierungsbildung beoptraagt gëtt. Si kéint en Donneschdeg am Parlament d‘Vertrauensfro stellen. An der Belsch gëtt et zur Stonn 886 Infektiounsfäll, 4 Persoune sinn um Virus gestuerwen.

mat indymedia/bru

Foto: Déi Liberal Ministerpresidentin Sophie Wilmès, brauch eng funktionéierend Regierung fir der sanitärer Kris am Land Här ze ginn. Um Sonndeg hunn sech déi 10 Parteien op eng, vun hir geleeten Iwwergangsregierung verstännegt. © Hans Cardyn

Ähnlech Sujeten Belsch, Coronavirus, Covid19, Iwwergangsregierung, SARS-CoV2, Sophie Wilmès
Nächsten Artikel Virrechten Artikel