Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik
International Neiegkeeten

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik

Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht,

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert

Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg,

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen
International Neiegkeeten

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen

Am Kader vun der Neigestaltung vum Echangeur Irgäertche kann een

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie

Déi federal a regional Regierunge wëllen sech haut e Plang gi fir d‘Karbonneutralitéit bis 2050 ëmzesetzen

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie

Nodeems d‘EU-Kommissioun vun all Memberland verlaangt huet eng Strategie virzeleeën, mat där si gewëllt sinn déi an der europäescher Unioun ugestriefte Karbonneutralitéit bis 2050 ze erzilen, soll haut iwwert dee vun de Regioune: Bréissel, Flandern a Wallounien; ausgeschaffte Programm debattéiert ginn.

Dës Regiounen hunn d‘Kompetenz iwwert d‘Stroosseninfrastrukturen, den ëffentlechen Transport, den Amenagement vum Territoire, d‘Landwirtschaft an e groussen Deel vun der Energiepolitik. Dat erlaabt hinnen déi wichtegst Hiewel am Kontext vu Kampf géint de Klimawandel ze bedéngen. A wéi bei eis, hunn si sech ambitiéis Ziler virgeholl.

An der Regioun Wallounien ass ee ganz éiergäizeg: géintiwwer den Emissioune vun 1990, wëll een eng Reduktioun vu 95% bei den Zäregaser erreechen. D‘Regioun Bréissel ass beméit sech esou no wéi méiglech un déi vun der EU-Kommissioun genannten Ziler erunzeschaffen an d‘Flammänner gi vun enger Reduktioun an Héicht vu 85% géintiwwer den Emissiounen aus 2005 aus.

Op dat ganz Land bezunn, wier et eng Reduktioun vun den Emissiounen tëscht 84% a 87% déi nach realistesch an Betruecht gezu kënne ginn. Woubäi hei nach drop hinzeweisen ass, datt des Ziler net déi grouss industriell Komplexer, déi besonnesch Energieverfroosse sinn, an och d‘Loftfaartbranche net mat abezitt. Dat huet ee „gudde“ Grond, esou d‘Experten…

Dës Secteuren, déi fir gutt 40% vun den Emissioune verantwortlech sinn, falen ënnert den ETS-System (Emission Trade System) vun der europäescher Unioun. Hei kënnen déi Industriell hir Emissiounsquoten tauschen. D‘Industrie huet dann och Ziler vun der EU-Kommissioun gesat kritt, firwat dat net vun de Länner gemaach gëtt.

Op federalem Niveau gëtt et kee wierklecht Objektiv wat d‘Reduktioun u sech betrëfft. Dat huet nees domadder ze dinn, datt d‘Iwwerwaachung vun den Zäregasemissiounen an de Regioune gemaach gëtt. D‘Administratioun huet hei en Dokument ausgeschafft, an deem all d‘Moyenen zréckbehale goufen, déi zur Verfügung sti fir déi regional Pläng ze ënnerstëtzen.

Dozou gehéiere Virschléi fir de Schinnentransport – fir Wuere wéi Mënsche gläichermoossen – méi attraktiv ze maachen, och steierlech Avantage sinn doranner enthalen, wéi och nei Produktnormen. Op federalem Niveau sollen all déi ëffentlech Gebaier bi 2040 Klimaneutral ginn. D‘Nationalbank hat e Freideg gewarnt, datt et bei erreeche vun der Karbonneutralitéit zu enger Pëtrolskrise kënnt.

mat indymedia/bru

Foto: Li-An Lim / unsplash

Ähnlech Sujeten Belsch, Emissiounshandel, EU-Kommissioun, Klimastrategie, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel