Search

You may also like

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch
International Neiegkeeten

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Mat engem Baseballschléier ass ee Samschdeg den Elie Rosen, Virsëtzende

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung
International Neiegkeeten

Behëlt sech de Client dernieft, bezilt de Cafetier d‘Rechnung

E Gerant vun engem Bistro war net iwwerzeegt, d‘Verantwortung fir

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL
International Neiegkeeten

„Kinnekswiss loves…“ mam Bryn Terfel, Gustavo Gimeno an dem OPL

Stars vun der klassescher Musek mat summerlescher Festivalatmosphär – och

Belsch-Lëtzebuerg: Den Accord zum Teletravail bleift bis den 31. Dezember bestoen

Belsch-Lëtzebuerg: Den Accord zum Teletravail bleift bis den 31. Dezember bestoen

Nach bis den 31. Dezember 2020 wäert de bilateralen Accord tëscht Lëtzebuerg an der Belsch zum Steiersystem beim Teletravail bestoe bleiwen. Am Kontext vun der Pandemie huet de Finanzministère gëschter den offiziellen Accord vu belscher Säit kritt.

Esou gëtt weiderhi virgesinn, datt den Teletravail esou consideréiert gëtt, wéi wann déi concernéiert Persoun hir Aarbecht zu Lëtzebuerg géif ausüüben. Als Konsequenz gëtt d’Paie am Groussherzogtum besteiert.

De Finanzminister Pierre Gramegna weist sech erfreet: „Den Accord zum Teletravail vun de Grenzgänger mat eise belschen Noperen ass wichteg am Kampf géint d’Ausbreedung vu Covid-19. Am Laf vun de leschte Méint gouf et méiglech gemaach de Lëtzebuerger Employeuren an ëm 50.000 belsche Grenzgänger déi noutwenneg Flexibilitéit ze garantéieren. Ech freeë mech also annoncéieren ze kënnen, datt d’Verhandlungen mat eise belsche Partner Friichte gedroen hunn a mir vereenbaart hunn, datt den Accord bis den 31. Dezember 2020 bestoe bleift.“

Heibäi gëtt nach emol drun erënnert, datt de kollegialen Accord mat Däitschland sech automatesch ëm ee Mount verlängert, wa kee vun de béide Länner op mannst eng Woch virum Enn vun der Frist eng Ännerung fuerdert. Esou bleift och dësen Accord e weidere Mount bestoen.

Related topics Accord, Belsch, Besteierung, Covid-19, Finanzminister, Flexibilitéit, Grenzgänger, Pandemie, Pierre Gramegna, Steieren, Teletravail
Next post Previous post