Search

You may also like

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta
Neiegkeeten

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta

Déi 16 järeg Ëmweltaktivistin, déi et mat hirem Schoulstreik zur

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Den Depart
Neiegkeeten

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Den Depart

  Um Freideg si bei der Jubiläumseditioun vu 24 Stonne

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert
Neiegkeeten

Héich Zäit datt sech Europa emanzipéiert

An hirer Europa-Ried zu Berlin huet déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula

D’Belsch klassifizéiert Lëtzebuerg als Risikogebitt

D’Belsch klassifizéiert Lëtzebuerg als Risikogebitt

Am Kader vun de Moossname fir géint d’Pandemie unzekämpfen hunn déi belsch Autoritéiten um 23. September decidéiert, fir Lëtzebuerg als Risikogebitt anzestufen. De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet d’Situatioun elo esou gedeichselt kritt, datt Openthalter an der Belsch vu manner wéi 48 Stonne weiderhin ouni Aschränkunge méiglech sinn.

Beim Entretien mam belsche Baussen- a Verdeedegungsminister Philippe Goffin gouf dës weideren decidéiert, datt bei Openthalt, déi iwwer 48 Stonnen erausginn, verschidde Persounen duerch hir Funktioun oder bestëmmt Grënn vun de Restriktiounen ausgeschloss ginn. Dorënner fale beispillsweis Grenzgänger a Studenten. Den Openthalt muss duerch en Dokument oder Beweis z’erkläre sinn.

Déi komplett Lëscht mat allen Ausname fannt Dir ënnert www.info-coronavirus.be.

All Persoun, déi an d’Belsch areest, muss d’Passenger Locator Form (PLF) online ausfëllen, wann ee wëlles huet, méi wéi 48 Stonnen an der Belsch ze verbréngen oder méi wéi 48 Stonnen zu Lëtzebuerg verbruecht huet.

Detailer zu de Restriktioune ginn nach vun der Belscher Regierung ausgeschafft. Si trieden haut um 16:0 Auer a Kraaft.

Related topics 48 Stonnen, Ausnamen, Belsch, Grenzgänger, Jean Asselborn, Lëtzebuerg, Openthalt, Passenger Locator Form, Philippe Goffin, Restriktiounen, Risikogebitt
Next post Previous post