Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau
Neiegkeeten

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau

E Freideg huet déi hollännesch Regierung engem Experiment op groussem

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?
Neiegkeeten

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op

dislike
Macron schonn am éischten Tour bestätegt
Neiegkeeten

Macron schonn am éischten Tour bestätegt

Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!

Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den heimatter verbonnen nei Aarbechtsplaze, eng vun de Prioritéiten déi sech net nëmmen déi lëtzebuergesch Regierung gesat huet. Och bei eisen Noperen huet de Verkéier op de Stroossen duerch d‘Pendler extrem zougeholl.

De belschen Transportminister Minister François Bellot an de lëtzebuergeschen Infrastrukturminister François Bausch hunn sech dann och an de leschte Méint eppes méi oft gesinn. Dat mam Zil, d‘Offer vum ëffentlechen Transport esou attraktiv ze gestalten, datt et fir d‘Leit och Sënn mécht sech nei ze orientéieren. An heifir ass dann och béidersäits der Grenz vill Geld an de Grapp geholl ginn.

Vun der belscher Säit aus kommen all Dag ronn 40.000 Leit an eist Land schaffen, eng Zuel déi kontinuéierlech klëmmt. Fir datt och de Wee „dohinner“ net eng Verschlechterung vun der Liewensqualitéit ass, zudeem och d‘Ëmweltbelaaschtung duerch d‘Benotze vum ëffentlechen Transport kann erofgesat ginn, muss dëse méi attraktiv gemaach ginn,

Et gi verschidde Mesuren geholl, fir d’Attraktivitéit ze erhéijen

Wann an renger éischter Linn d‘Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an de belsche Gare muss besser ginn, esou ass hei villes derbäi realiséiert ze ginn. Modernisatioun vun de Strecken an dem Material, mee och eng besser Zesummenaarbecht tëscht der CFL an der SNCB sollte bis spéitstens 2021 dem Pendler e kohärent Konzept ubidden.

An et ass dann och scho villes gemaach ginn. Esou d‘Ëmstellung vun 3KW op 25.000 Volt, d‘Erneierung vun enger helle Wull un Ouvragen, méi Modern Garen an de Kaf vu fuschneiem Material. Op der belscher Säit stinn heifir iwwert 1 Milliard Euroen am Budget an och Lëtzebuerg huet sech hei net als knéckeg erwisen.

Well dat mat den Aarbechten sech nach ee puer Joer wäert hinzéien, elo awer schonn d‘Attraktivitéit soll gesteigert ginn, sinn eng Rei Mesure geholl ginn, déi kuerzfristeg den ëffentlechen Transport zu enger Alternativ kënne maachen. Méi Parkplazen, besser Verbindungen an e bezuelbaren Abonnement sinn hei eng zolidd Propose déi ech sollt unhéieren.

Méi bëlleg, méi schnell, méi bequem

Fir de Salarié aus der Belsch, deen all Dag vun Arel aus op Lëtzebuerg schaffe kënnt, ännert sech zum Positiven: de Präis, dee vun 125 €/Mount op 80 €/Mount revidéiert gëtt; méi Verbindungen; mat véier Zich/Stonn an de Spëtzestonnen, an dem éischten Depart schonn um 4.30 Auer moies, dem leschten owes um 22.30 Auer; méi Bequemlechkeet, mat engem Parking vu bis zu 600 Plazen, dee mam Präis vum 80 € Abo matbezuelt ass.

An dat ass dann och emol en éischte Schratt an déi richteg Richtung. Eng Offer déi sollt Uklang fannen. Datt een esou Offeren och muss och op weider Garen ausdehne läit op der Hand an do wäert, esou wéi d‘Aarbechte virukommen, och entspriechend eppes geschéien. Gedold ass also nach gebueden.

Pendler

Den Infrastrukturminister François Bausch an de belschen Transportminister François Bellot bei der Ënnerschrëft vun der Absichtserklärung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir datt elo och jiddereen eppes vun der neier Offer an dem Ausbau vun de Verbindunge matkritt, ass sech dann nach op eng besser Kommunikatioun festgeluecht ginn. D‘CFL an d‘SNCB wäerten also eng gemeinsam Campagne starten. Hei ass et dat kloert Zil, d‘Auslaaschtung vun elo 5,3% (ronn 2.000 Pendler) op 15% ze steigeren. De François Bellot géif sech dann och freeën, wann een op Lëtzebuerger Säit Mobilitéits-Conseilleren an d‘Entreprisë géif schécken, woubäi een an der Belsch bei de Gemenge sollt Mobilitéits-Schäffen asetzen.

Fir dem gudde Versteesdemech tëscht Lëtzebuerg an der Belsch eng gesond Grondlag ze bidden, ass dann och um Méindeg zu Arel eng Absichtserklärung vu béide Minister ënnerschriwwe ginn. Elo muss een eigentlech nach just d‘Pendler iwwerzeegt kréien. Bei engem wierklechen Zäitgewënn, der Méiglechkeet Geld ze spueren a vill manner Stress, sollt een hei zouversiichtlech sinn.

Foto: (v.l.n.r.) Marc Hoffmann, CFL; François Bausch, Infrastrukturminister; François Bellot, Transportminister (B); Sophie Dutortoir, SNCB; Luc Lallemand, Infrabel. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CFL, François Bausch, François Bellot, Pendler, SNCB
Nächsten Artikel Virrechten Artikel