Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Blankenberg Express gëtt vermësst
hook up outdoor wood boiler https://moien.lu/dating-lehigh-valley-pa/

https://moien.lu/dating-websites-and-tinder/

De G.A.R.(Groupement des Amis du Rail) hat am Juli eng

dating apps hinge
hook up outdoor wood boiler https://moien.lu/dating-lehigh-valley-pa/

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock
hook up outdoor wood boiler https://moien.lu/dating-lehigh-valley-pa/

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

En Donneschdeg hunn déi europäesch Staatscheffen den Drock op d‘Premierministesch

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima

Et ass schonn dee véierten Donneschdeg wou de Protest iwwert dem Schoulplang steet

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima

Si ware uechtert Belsch verdeelt zu hirer 30.000, dovunner eleng fir Bréissel 12.500 Schüler, déi scho fir déi véiert Woch hannertenee géint de Klimawandel an d‘Äerderwiermung protestéiert hunn. De Mouvement wiisst, d‘Ënnerstëtzung vun Elteren a Schoulpersonal och…

D‘Anuna de Wever ass eng Studentin vu grad emol 17 Joer, an d‘Gesiicht vum Mouvement „Youth 4 Climate“. E Mouvement deen zanter véier Wochen d‘Studenten an der Belsch federéiert kritt, an och ëmmer méi Zousproch erhält, net nëmme vun de Schüler. Säin entscheete Bléck, de Megaphon fest an der Hand steet et iwwert de Massen déi him zoujubelen. Et ass eben „anescht“…

Belsch

Waren et bei der „éischter Sortie“ vum Mouvement grad emol eng 3.000 Schüler déi sech dem „Youth 4 Climate“ Protest ugeschloss haten, esou waren si scho beim zweeten Akt zu hirer 12.000 an net manner wéi 35.000 déi lescht Woch. Mat gëschter 12.500 zu Bréissel kéinte Politiker unhuelen, datt der Beweegung eppes d‘Loft ausgeet, mee do gëtt et ënnerschiddlech Positiounen.

Zu Léck, enger Studentestad, hu gëschter eng 15.000 jonk Mënschen net den Androck gemaach, wéi wann dem Mouvement d‘Motivatioun géif ausgoen. Net ze vergiessen, datt leschte Sonndeg, 70.000 Mënschen um „europäesche Marsch fir de Klima“ zu Bréissel deelgeholl hunn. Dat ass fir déi belsch Haaptstad schonn eng Nummer, och wann d‘Leit sech hei ze behuele woussten.

Morddreeung via Facebook?

Well net jidderengem gefält wat d‘Anuna esou dreift, an et där schrecklech Dommer einfach méi gëtt wéi et engem ka léif sinn, gëtt d‘Studentin an de sozialen Netzwierker bedreet, an zwar hefteg. Mat Beleidegungen hat d‘Studentin gerechent, dat et esouwäit géif goen, datt him Morddreeunge gemaach ginn, dat verwonnert d‘Klimaaktivistin. Mee d‘Knetzel léisst sech net aschüchteren…

Belsch

D‘Anuna de Wever: „Mir brauche Verännerung. Elo!“. © infopol

„Mir mussen alleguerte vun de Verantwortleche vun eisem Planéit fuerderen, datt si dëse Problem elo léisen, de Experten nolauschteren a virum allem sech engagéiere fir aus dem Klima esou laang eng Prioritéit ze maachen, bis d‘Gefor eriwwer ass“, seet eis d‘Anuna de Wever, déi d‘Bedreeung seriö hëlt, mee sech net wëll vum Wee ofbrénge loossen, deen et grad eréischt ageschloen huet.

Hire Mouvement vu gëschter, ass vun de „Grousseltere vir de Klima“ begréisst ginn. Där „Aler“ haten sech op engem Stroosseneck virum kale Wand a Sécherheet bruecht, an hunn de Schüler a Studenten Applaus gespent an aus voller Long „Bravo“ gejaut. Eppes méi wäit hat sech eng kleng Delegatioun vum der Ekologiste-Partei opgestallt, déi d‘Schüler wëssentlech ignoréiert hunn.

mam Sophie, Studentin zu Bréissel

Foto: D‘Anuna de Wever ass d‘Gesicht vum belsche „Youth 4 Climate“ Mouvement. © sophie

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Belsch, Klima, Klimawandel, Schüler, Studenten, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel