Search

You may also like

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
International Neiegkeeten

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

CNL Miersch: Dem Tit Schroeder säin Theater
International Neiegkeeten

CNL Miersch: Dem Tit Schroeder säin Theater

Besuch um Wudderhaff, dem Tit Schroeder säin éischt Theaterstéck vu

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
International Neiegkeeten

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

Belsche Virolog vu Lackerungen net iwwerzeegt

Belsche Virolog vu Lackerungen net iwwerzeegt

Laut dem Emmanuel André vun der kinneklecher Universitéit zu Louvain, wier eng virzäiteg, just op d‘Feierdeeg bezunne Lackerung vun de Moossnamen am Kampf géint d‘Verbreedung, eng ganz schlecht Iddi. Sollt ee Chrëschtdag an Neijoerschdag net awer éischter am klenge Krees feieren?

De Virolog Emmanuel André war den Invité vun der Sendung „À votre avis“ op der belscher Tëlee, an huet sech zur Covid19-Situatioun a sengem Land geäussert. D‘Zuele bei eisen Nopere sinn zwar Stabil, mee alles wéi just net zefriddestellend (bezunn op d‘Date vu Sciensano). Wuel hätt et an de leschten Deeg eng liicht Baisse ginn, mee et wier ze fréi fir ze soen datt d‘Situatioun evoluéiert.

Esou misst ee feststellen, datt een nach ganz wäit vun deenen Zuelen ewech ass, déi sech vun der Regierung gewënscht ginn. Datt d‘Zuelen esou schlecht sinn, huet laut dem Virolog vill domadder ze dinn, datt d‘Leit net méi wierklech matmaachen. Mee net nëmmen, esou de Wëssenschaftler dee multifaktoriell Ursaachen erkannt huet. Et misst een déi sozial Interaktioun besser am A behalen.

Gewosst wier beispillsweis, datt wärend de Vakanz iwwer Allerhellegen d‘Familljen sech méi op sech selwer zeréckgezunn hunn, déi sougenannte „Blos“. Esou waren d‘Kontakter limitéiert an den Infektiounsrisiko staark begrenzt. Nom Congé sinn dann nees all d‘Aktivitéiten (Schaffen, Schoul) eropgefuer ginn, déi der Blos extern Kontakter goufen nees intensivéiert an Zuele klammen…

Den Afloss vun den Tester

De Journalist huet d‘Fro opgeworf, op dës ongënschteg Tendenz eventuell och mat der Reprise vun den Tester vun asymptomatesche Persoune kéint an Zesummenhang bruecht ginn. Dat gesäit den Emmanuel André net, well d‘Zuel vun den Tester net wierklech zougeholl huet. Et géifen zur Stonn net emol déi zu Verfügung stoend Test-Kapassitéiten am Land ausschëpfen. Dat ass de Problem net.

Villméi muss een den Taux vun der Positivitéit bei de realiséierten Tester berecksiichtegen. Dee läit nach ëmmer béi zimmlech héijen 8%. Zuelen déi einfach net wëlle falen an och an de Spideeler mat Suerg verfollegt ginn. D‘Cheffin vum Infektiounsdéngscht am Universitéitsspidol (ULB) Erasme zu Bréissel, Frédérique Jacobs, réit nach d‘Situatioun iwwert déi nächst Deeg am A ze behalen.

Si hält déi bestoend Moossname fir streng genuch. Do d‘Schrauwen nach weider unzezéien hält si net fir ziilféierend. Et wier awer richteg, datt een op de Respekt vun den Oplagen an Aschränkunge bestoe muss. „Wann sech d‘Leit un déi bestoend, jo awer einfach, Reegelen halen, huet dat ee ganz positiven Effet, an dréit zu enger Verbesserung vun der Gesamtsituatioun bäi“, esou d‘Doktesch.

Ni „Zwee ouni Dräi“

Wann d‘Bezeechnung „Well“ am Kontext vun der Covid19-Pandemie net glécklech gewielt ass, et sinn ëmmer méi Stëmmen ze héieren, déi eng „drëtt Well“ ukënnegen. Et géif hei dann awer ganz dovunner ofhänke wéi mir eis behuelen, esou d‘Frédérique Jacobs, déi nach emol däitlech mécht, datt déi sanitär Sécherheet vun de Kapassitéiten am Gesondheetssecteur ofhängeg ass.

Dat gesäit de Virolog Emmanuel André änlech. Och hie schéngt iwwerzeegt dovunner, datt eis eng drëtt Well bevirsteet, an de Risk mat der Kontaktfrequenz exponentiell klëmmt. D‘Zuele géife wuel nëmme lues evoluéieren, dat awer an déi falsch Richtung. Et géif een iwwert den Zuele vum Summer leien, an un dësem Punkt misst een Usetzen. De politesche „Tohuwabohu“ ass keng hëllef.

Wann de Wëssenschaftler Versteesdemech dofir huet, datt et an der Natur vun de Politiker stécht, de Bierger eng glänzend Zukunft ze verspriechen, esou féiert dëse Beholl an Ëmgang mat de Mënsche riicht ewech zu Inkoherenzen. Déi awer veronsécheren d‘Leit éischter wéi dat se sensibiliséieren an esou hält sech kaum nach een u Recommandatiounen a Virschrëften. Dat ass déi eigentlech Gefor.

mat indymedia/lgg/bru

Foto: © G.R. Mottez / unsplash

Related topics À votre avis, Belsch, Covid19, Emmanuel André, Frédérique Jacobs, Kinneklech Universitéit zu Louvain, Spidol Erasme, ULB
Next post Previous post