Search

You may also like

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch
International Neiegkeeten

Coronavirus: Weider total Intransparenz vun der Regierung an der Koppel Lenert-Meisch

Nodeems d‘Paulette Lenert (LSAP) an de Claude Meisch (DP) iwwer

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet
International Neiegkeeten

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet

Wat fir vill kleng Gemengen net einfach ass, datt ass

E gudde Maufel facilitéiert den Echange
International Neiegkeeten

E gudde Maufel facilitéiert den Echange

Datt eist Land un der Weltaustellung zu Dubai deelhëlt suergt

Belschen F16 am Frankräich gecrasht

Belschen F16 am Frankräich gecrasht

D‘Autoritéiten hu gëschter Owend bestätegt, datt et ee Juegdfliger vun der belscher Loftwaff war, deen um Donneschdeg am Morbihan vum Himmel gefall ass. De Fliger, en amerikaneschen F16, kéint méiglecherweis e Problem mam Reakter gehat hunn, esou déi zoustänneg Servicer.

Fir déi zwee Mann Besatzung ass d‘Accident gutt ausgaangen. Si konnten sech rechtzäiteg mam Schleidersëtz a Sécherheet bréngen. Ee vun de Pilote war an enger Héichspannungsleitung hänke bliwwen, konnt awer zäitno vun de Pompjeeën aus senger mësslecher Lag befreit ginn. Et huet wuel en ament gedauert well de Stroum huet missen ofgeschalt ginn, mee dem Mann géif et gutt goen.

F16

Ee vun de Pilote war mat sengem Fallschierm an der Héichspannungsleitung hänke bliwwen. Keng agreabel Situatioun, mee nodeems de Stroum ofgestallt war, konnten d‘Pompjeeën déi séier op der Plaz waren, de Mann aus senger mësslecher Lag befreien. Béid Offizéier sinn onverletzt.

De Generol-Majouer Frederik Vansina, Kommandant vun der Loftwaff, huet an der Pressekonferenz bestätegt, datt béid Offizéier, nodeems si vun de Rettungsdéngschter opgeholl goufen, an d‘Spidol gefouert goufen, wou se medezinesch ënnersicht gi sinn. D‘F16 war am Kontext vun enger Übung vun der Airbase zu Florenne gestart a sollt sech zur Militärbasis vu Lorient an der Bretagne beginn.

Um 10.33 Auer huet déi belsch Loftraumkontroll d‘Signal kritt, datt d‘Schleidersëtzer vun der F16 ausgeléist goufen. De Generol-Majouer: „De Pilot mat deem ech um Telefon geschwat hunn, huet erkläert datt hien am Fluch ee Problem mam Moteur hat a versicht huet de Reakter nei ze starten, wat bei niddreger Héicht eng zimlech schwéier Operatioun ass. De Schleidersëtz war d‘Rettung“.

D‘Ermëttlunge fänken un

Aus dem Verdeedegungsministère heescht et, datt elo déi genee Ursaache fir den Tëschefall mussen erläutert ginn. Dozou nees de Frederik Vansina: „Mir hunn eng spezialiséiert Ekipp op d‘Plaz geschéckt, déi vun engem Juristen-Team ënnerstëtzt gëtt, fir determinéieren ze kënne wat sech zougedroen huet a virun allem wéi a firwat et sech esou zougedroen huet“. Et war keen neie Fliger.

F16D‘F16 déi, iert si sech an hir Bestanddeeler opgeléist huet, wier virum Start an engem awandfräiem Zoustand gewiescht. „De Juegdfliger ass wéi all eis F16 uerdentlech an entspriechend de Virschrëften ënnerhale ginn. De Fliger war um Donneschdegmueren asazbereet. Sécher d‘Fliger ass ee Modell vun 1983, mee d‘F16 si virgesi fir bis 2028 am Déngscht ze bleiwen“, esou d‘Ausso.

Op der Plaz selwer ass de Virfall observéiert ginn an eng Damm huet op Facebook geschriwwen: „Ech hunn elo grad gesi wéi ee Fliger vum Himmel gefall ass. (…) De Fliger huet dobäi en Haus gesträift, mee de Leit déi do wunnen ass näischt geschitt“. Si huet de Kollege vun der RTBF de Virgank ausféierlech beschriwwen. Si war mam Auto ënnerwee wéi sech alles zougedroen huet.

Net alldeeglech

„Ech war mam Auto um Heemwee“, esou d‘Aenzeien „wéi ech de Fliger gesinn hunn dee rapid un Héicht verluer huet. Op emol ass eng riseg Flam aus dem Fliger ervirgetrueden, dunn huet eng déck schwaarz Dampwollek ginn an d‘Piloten hu sech eraus katapultéiert. E puer Sekonne méi spéit war de Fliger erofgefall“. D‘Fra ass der Dampwollek nogefuer fir ze kucken op se hëllefe kéint.

F16

D‘Madamm déi zum Abléck vum Crash am Haus war, ass mat engem grousse Schreck dervu komm. © Cindy le Gloanic

Op der Plaz ukomm huet si gesinn datt d‘Gendarmerie an d‘Pompjeeën op der Plaz waren, a si huet de Schued um Haus festgestallt. Si huet dunn eng Damm gesinn, déi mat den Tréinen an den Aen op der Plaz stoung. Et wier d‘Proprietärin gewiescht, déi wuel eppes geschockt war, där awer kee Leed geschitt ass. D‘Haus ass dann och glécklecherweis net esou beschiedegt datt et onbewunnbar wier.

Et kënnt dann och net oft vir, dat eis belsch Noperen e Fliger verléieren a wann da mécht et ëmmer Schlagzeilen. Déi Diddelenger erënneren sech nach ëmmer un den 31. Juli 1981, wéi d‘Antenn vu RTL um Ginzebierg vun enger belscher MirageIII getraff gouf, déi en Trainingsfluch absolvéiert huet. D‘Koppel déi am Haus beim Tuerm gewunnt huet, war sengerzäit ëm d‘Liewe komm.

mat indymedia/par/bru

Foto: De Juegdfliger vum Typ F16 ass um Donneschdegmueren tëscht Landaul an Pluvigner erofgefall, an huet dobäi en Haus „gesträift“. Bei dësem Tëschefall ass weder de Piloten nach de Bewunner vum Haus e Leed geschitt. Déi belsch Loftwaff huet Experten a Juristen op d‘Plaz geschéckt, fir de Virfall ze analyséieren. © Ministère de la Defense

Related topics Belsch, Crash, F16, Juegdfliger, Loftwaff
Next post Previous post