Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren
International Neiegkeeten Stories

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog als éischt Seng Exzellenz den

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!
International Neiegkeeten Stories

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!

Gëschter Owend huet déi US-amerikanesch Rockband Halestorm am Atelier performt.

Den digitale Stroumzieler (e Kommentar)
International Neiegkeeten Stories

Den digitale Stroumzieler (e Kommentar)

Den Zäitalter vun de sougenannten digitale Stroumzieler (Smart Meter) ass

Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!

Wéi geet et de Belugaen am neien Doheem?

Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
De Beluga Whale Sanctuary zu Heimaey déngt der Sensibilisatioun © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
De Lumpfësch ass kee besonnesch gudde Schwëmmer a pecht sech dofir léiwer un ee Steen © Shari Pleimelding/moien.lu

© Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
D'Aquarien am Zentrum © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
D'Audrey Padgett, General Manager vun der Fleegestatioun, erkläert déi eenzel Mieresbewunner © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Hei kann een net nëmme kucken, mee och upaken © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Vum Mënsch opgezunn, wëll et jo esou ee séisst Déier ass, kann dëse Puffin net méi fräi gelooss ginn © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
D'Statioun vun de Puffins an anere Waasservullen © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Wéi och eng Kaz jot de Puffin gären emol dem Laserpointer hannendrun © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Biller zum Transport vun de Belugaen © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Ee ganze Beräich ass eleng de Belugae gewidmet © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Ee ganze Beräich ass eleng de Belugae gewidmet © Shari Pleimelding/moien.lu
Beluga Whale Sanctuary Heimaey: Op Besuch bei eise Walen!
Beim Little Grey a Little White © Shari Pleimelding/moien.lu

No laangem Plange sinn dëse Summer d’Belugaen Little Grey a Little White aus engem Aquarium a Shanghai (China) op d’Insel Heimaey (Island) transportéiert ginn, fir datt si hei an enger Bucht an hirem natierleche Liewensraum d’Fräiheet genéissen kënnen. Nodeems mir bei der Presentatioun vu Cargolux eng häerzlech Invitatioun säitens SEA LIFE TRUST – déi ënnert anerem fir den Ufank an d’Leedung  vun dësem weeweisende Projet verantwortlech waren – kritt hunn, ass et elo endlech Zäit ginn, d’Fleegestatioun um Inselstaat am Nordweste vun Europa ze besichen. Ee fantastescht a beréierend Erliefnis huet eis erwaart!

Nodeems mir a kompletter Däischtert an heftegem Séigank vum islännesche Festland op d’Insel Heimaey iwwergesat hunn, war een iwweraus erliichtert nees feste Buedem ënnert de Féiss ze hunn. Nach liicht weech ass et bei de Beluga Whale Sanctuary, an direkter Proximitéit zum Hafe gaangen, wou mir scho vum Audrey Padgett, General Manager vun der Fleegestatioun, erwaart gi sinn.

Den Zentrum fir Visiteure besteet nach guer net esou laang, huet awer als Zil Kleng a Grouss ze sensibiliséieren, ze informéieren an ze weisen, datt d’Mieresliewewiesen an d’Ënnerwaasserwelt kengesfalls mat Langweil a Verbindung stoe mussen.

Beluga

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat dohannen esou ronderëm schwëmmt

D’Gebai, an deem d’Ekipp vu SEA LIFE TRUST sech néiergelooss huet, war fréier een Aquarium. Mëttlerweil besteet d’Missioun doran, unhand vun de verschiddene Bassengen heemesch Aarten ze weisen an iwwert si opzeklären. Duerch interaktiv Aquarien, nëtzlechen Informatiounstafelen an dem Wësse vun de Mataarbechter gëtt d’Visitt zu engem super Erliefnis.

Wousst Dir beispillsweis, datt sech de Bauch vu Séistären sech reegelrecht no baussen dréckt, wa si giess hunn an datt si kee Gehir oder Nervesystem hunn? Ee Basseng, dee mat enger Wellemaschinn d’Beweegung vum Waasser imitéiert, weist Waasserschleeken, Krabben, Anemonen a Séiwalzen. E bëssi weider kann een beispillsweis Skorpiounsfësch oder och de Lumpfësch beobachten, déi sech iwwregens mat hirem Saugnapf um Bauch un Stäng festpechen. Mee och den Oktopus, den atlantesche Cabillaud oder de Séiwollef, deen mënschenähnlech Zänn huet, hunn hir Plaz fonnt.

Beluga

Hei kann een net nëmme kucken, mee och upaken © Shari Pleimelding/moien.lu

Den eleganten Tollpatsch ënnert de Villercher

Nieft de ville Mieresbewunner sinn et d’Papageientaucher oder och Puffins, déi an der Fleegestatioun Hëllef fannen. Am Summer kommen d’Villercher am schwaarz-wäisse Kostüm a faarwegem Schniewel nämlech bis an Island, fir ze bréien. Soubal déi Kleng, Pufflings genannt, an hirer Entwécklung wäit genuch sinn, geet et op déi grouss Rees, woubäi si sech um Mound an de Stären orientéieren.

Den Trajet scheitert fir d’Jongdéieren allerdéngs oft un der Liichtverschmotzung. Duerchernee vun de ville vum Mënsch opgestallte Luuchte verléiere si d’Orientéierung, falen erof a blesséiere sech. Dofir ass et fir déi islännesch Bevëlkerung mëttlerweil zur Traditioun ginn, datt d’Kanner, equipéiert mat enger Kartongskëscht an Täscheluucht, no de verletzten Déiercher sichen a se zur Kontroll a Fleeg ofginn. Am vergaangene Joer sinn esou méi, wéi 7600 Pufflings behandelt ginn (2018 waren et der 5600– d’Zuel klëmmt konstant).

Beluga

Vum Mënsch opgezunn, wëll et jo esou ee séisst Déier ass, kann dëse Puffin net méi fräi gelooss ginn © Shari Pleimelding/moien.lu

Mëttlerweil zielt d’Fleegestatioun op der Insel Heimaey 13 dauerhaft Residenten, déi aus de verschiddenste Grënn net méi an d’Fräiheet entlooss kënne ginn: Bei den enge Papageientaucher feelt d’Fett op de Plomme fir waasserdicht ze sinn, anerer kënnen aus genetesche Grënn net fléien an erëm anerer goufe vum Mënsch opgezunn, wouduerch sidobaussen net eleng iwwerliewen kéinten.

Entgéint allen Erwaardunge ginn d’Puffins just ëm 30 Zentimeter grouss a 500 Gramm schwéier. Dofir kann de Villche mam eegesënnege Charakter a faarwefroue Schniewel zirka 25 Joer al ginn, woubäi sech den Alter un de Réng um Schniewel äussert. Sinn si och net déi Bescht, wann et ëm d’Fléie geet, esou kënnen si dat mam Talent beim Schwammen an Tauche kompenséieren. Iwwregens sinn d’Papageientaucher Gemeinschaftsdéieren, déi zur Zäit vum Bréie monogam Bezéiunge féieren. An der Fleegestatioun selwer hunn déi kleng elegant Déiercher sech iwwregens wéi Kaze beholl: Egal ob een dem Laserpointer nojot oder dem Ball hannendru leeft, et muss ëmmer Action sinn!

Elo awer zu de Belugaen

Zum eegenen Erstaune sinn déi zwee Belugaen, déi op den Numm Little White a Little Grey gedeeft gi sinn, nach an der Fleegestatioun an engem risegen Aquarium, an net, wéi geduecht, an der Bucht. Wéi d’Audrey erkläert huet, komme béid Wäisswalen, déi an arkteschen a subarktesche Gewässer doheem sinn, am Fréijoer eraus. Momentan ginn déi douce Déieren op hiren natierleche Liewensraum virbereet an trainéiert, fir beispillsweis eegestänneg no Fudder ze sichen oder op de Kommando vum „Pinger“ bei den Trainer ze kommen (noutwenneg fir gesondheetlech Kontrollen).

No der erfollegräicher Rees vun iwwer 40 Stonnen, bei där d’Wale mat der Cargolux geflunn an mat Camionen op d’Insel bruecht gi sinn, ware si natierlech dätsch. Zënterhier gëtt reegelméisseg hiert Blutt, d’Temperatur, Gewicht a villes méi kontrolléiert, woubäi de Little White bis zur Fräiloossung nach e bëssi u Gewiicht zouhuele muss.

Beluga

Beim Little Grey a Little White © Shari Pleimelding/moien.lu

De Beluga ass een immens soziaalt an intelligent Déier, wat a matriarchale Gruppe vu bis zu 8 Mammifère lieft. Den Numm Beluga kënnt iwwregens vum russesche Wuert belukha, wat wäiss bedeit. Speziell um Little White, Little Grey an hiren Aartgenossen ass, datt si hire Kapp beweegen an och hannerzeg schwamme kënnen. Donieft hu si keng Réckefloss, fir datt si besser ënnert dem Äis schwamme kënnen.

An Déifte vu bis zu 20 Fouss sichen si iwwert Echolocatioun no Iessen. Hir Haut besteet aus zuelräichen dënne Schichten, déi sech wéi haarde Plastik ufillen a si virun der Keelt schützen. Wat ausgesäit wéi Rëpper sinn 2 Säck mat dem sougenannte Blubber. Dës Mëschung aus Fett a Waasser déngt als Energiereserv a mécht ëm 40% vum Gesamtgewiicht vum Beluga aus. Donieft hu si net nëmmen eng, mee direkt 3 Kummeren am Mo, mat deenen si ee ganzen atlanteschen Hierk (bis zu 45 Zentimeter) a wéinege Stonne verdaue kéinten.

Vun der perséinlecher Visitt aus hu mir béid Walen als immens geselleg a virwëtzeg Déiere kennegeléiert, déi sech och dat komescht zweebeenegt Geschëpf gären emol méi no ukucken. Wou de Little Grey, eng Madamm vun 12 Joer a 4 Meter Längt, sech als verspillt, extrem interesséiert an och liicht frech presentéiert huet, ass de Little White, eng Damm vun 12 Joer an 3,9 Meter Längt, éischter schei a kuckt sech d’Situatioun aus der Distanz un.

D’Audrey, wat schonn ëmmer am Déiereschutz aktiv war a viru SEA LIFE TRUST bei Merlin geschafft huet, lueft d’Aktioun an héchsten Téin. Momentan schafft d’Ekipp drun, vir nach weider Aquarien zur Kooperatioun ze iwwerrieden, sou datt d’Fräiloossung vum Little Grey a Little White just ee klenge beispillhaften Ufank ass.

Vergiesst net Iech d’Biller-Galerie uewen unzekucken © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aquarium, Audrey Padgett, Beluga, Beluga Whale Sanctuary, Cargolux, Déiereschutz, Fleegestatioun, Fräiheet, Heimaey, Informatioun, Island, Little Grey, Little White, Merlin, Mieresbewunner, Papageientaucher, Puffin, Robert Hicks, SEA LIFE TRUST, Sensibiliséierung, Visitt, Wal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel