Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)
International Neiegkeeten

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass

Hausdéier oder net?
International Neiegkeeten

Hausdéier oder net?

Elo dauert et net méi laang a Chrëschtdag steet virun der

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang
International Neiegkeeten

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang

An alle Länner halen d‘Staats- a Regierungscheffen zu Neijoerschdag eng

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!
© PA Media / SEA LIFE Trust

E Freideg Mëtteg huet, no laange Preparatiounen, den Transport vun den zwee Belugaen Little Grey a Little White vum banneschte Pool an de Bausseberäich stattfonnt. Soubal d’Akklimatisatiounsphas ofgeschloss ass kënnen d’Walen schliisslech an hiert oppent Doheem an der Klettsvik Bucht op der Insel Heimaey (Island) entlooss ginn.

Um 12:30 Auer lokal Zäit war et endlech esou wäit: Mam Kran goufen d’Walen individuell iwwert eng speziell Dro, per Truck a Schlepperboot an den éischte Basseng bruecht. Nodeems si 2011 vun engem russesche Wal-Fuerschungszentrum an en Aquarium a Shanghai (China) komm sinn, duerfte si nees dat natierlecht Mierwaasser spieren.

Den Andy Bool, Leeder vu SEA LIFE Trust huet erkläert: „Mir sinn absolut erfreet d’Neiegkeet matdeelen ze dierfen, datt de Little Grey an de Little White sécher an hirem Pool am Mier ukomm sinn a just ee Schrëtt dovun ewech sinn, an hirem oppenen Doheem am Waasser fräigelooss ze ginn.“

Eng komplex Erausfuerderung

Prioritéit war et d’Belugaen a kierzester Zäit an um schnellste Wee vun A no B ze bréngen, ouni d’Déieren groussem Stress auszesetzen. Nodeems am banneschte Basseng ëmmer erëm geüübt ginn ass sech op déi speziell gepolstert Droen ze leeën, koum schliisslech de finale Moment.

An hirem Video gëtt d’Ekipp eng Rei Informatiounen zum Transport:

Den Transport huet ongeféier eng Stonn gedauert a gouf dauerhaft vum Fleegeteam a Veterinäre begleet. D’Belugaen goufen dobäi mat Befiichter naass a kill gehalen. Am Bausseberäich ukomm sinn d’Walen nach emol wärend 24 Stonnen konsequent observéiert ginn. Wéi vill Zäit si elo an dësem Basseng verbréngen, hänkt vun hirer Gesondheet an dem Wuelergoen of.

Soubal de richtege Moment komm ass, wäerten d’Klappen opgoen, sou datt de Little Grey an de Little White an hiert neit Doheem mat enger Gréisst vun 32.000 Quadratmeter an enger Déift vun 10 Meter schwamme kënnen.

Ëm d’Schutzgebitt an Island këmmert sech SEA LIFE Trust. Mat der Ënnerstëtzung der vu Merlin Entertainments an a Partnerschaft mat Whale and Dolphin Conservation (WDC) konnt de Projet opgebaut ginn. Et ass déi éischt Initiative an dëser Aart, bei där Waasserliewewiesen no Joren a Gefaangenschaft an hiert natierlecht Ëmfeld entlooss an do geschützt ginn.

D’Billergalerie vu SEA LIFE Trust zum Transport vun de Walen fannt Dir uewen

Dës Artikele kéinten Iech och interesséieren:

Ähnlech Sujeten Akklimatisatiounsphas, Andy Bool, Audrey Padgett, Basseng, Bausseberäich, Beluga, Beluga Whale Sanctuary, Doheem, Heimaey, Island, Klettsvik Bucht, Little Grey, Little White, Merlin Entertainments, Mieresliewewiesen, Miereswaasser, SEA LIFE TRUST, Veterinär, Wal, Whale and Dolphin Convervation
Nächsten Artikel Virrechten Artikel