Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen
International Neiegkeeten Stories

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen

Zënter dem 17. Juli 2019 zitt d’Neiverfilmung vum Der König

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
International Neiegkeeten Stories

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

De Covid19… eng biologesch Waff?
International Neiegkeeten Stories

De Covid19… eng biologesch Waff?

De Kampf géint déi illegal Awanderung, ass ee vun de

Little Grey a Little White: Am Juni dierfen d’Belugaen an d’Klettsvik Bucht!

Little Grey a Little White: Am Juni dierfen d’Belugaen an d’Klettsvik Bucht!

Wonnerbar Noriichten aus Island! Wéi SEA LIFE Trust elo freedeg annoncéiert huet wäerten d’Belugae Little Grey a Little White am Juni an déi oppe Bucht entlooss ginn. Am Summer si béid Déieren aus engem Aquarium a Shanghai (China) op déi islännesch Insel transportéiert ginn, fir hei ënnert Opsiicht an hirem natierleche Liewensraum d’Fräiheet genéissen ze kënnen.

No enger Rees vu bal 10.000 Kilometer duerch Land, Loft a Mier, sou wéi enger Akklimatiséierungphas zu Heimaey, lafen elo déi konkret Preparatioune fir d’Belugaen an de weltwäit éischten oppene Sanktuar ze loossen. Schonn am Juni wäerten d’Wale plënneren.

Belugaen

Den Andy Bool, Leeder vu SEA LIFE Trust © SEA LIFE Trust

Den Andy Bool, Leeder vu SEA LIFE Trust erkläert: „De Little Grey an de Little White hunn een erstaunleche Progrès gemaach säit si lescht Joer sécher am Sanktuar ukomm sinn a mir sinn houfreg soen ze kënnen, datt si elo prett sinn, fir an hiert neit oppent Doheem am Waasser ze kommen.“

SEA LIFE Trust bestätegt, datt si an der finaler Etapp vun de Preparatioune wieren. Op der Insel Heimaey, déi zu de Westmännerinselen am Süde vun Island gehéiert, waren de Little Grey an de Little White temporär an engem Basseng ënnerbruecht, fir si hei op d’Welt dobausse virzebereeden. Ënnert anerem sinn si hei un d’Temperature vum sub-arktesche Waasser gewinnt ginn an hu geléiert selbststänneg no Iessen ze sichen. Dobäi huet d’Ekipp reegelméisseg de gesondheetlechen Zoustand vun de Belugaen observéiert.

Wéi wäert des Etapp genee ausgesinn?

An der ofgeleeëner Klettsvik Bucht hunn d’Walen ronn 32.000 Quadratmeter Plaz a kënnen bis op eng Déift vun 10 Meter schwammen. Et ass eng Erausfuerderung fir d’Belugaen um schnellste Wee an hiert neit Doheem ze bréngen. Eng Ekipp vun Experten këmmert sech ëm dës Etapp, déi folgendermoosse wäert ausgesinn:

  • Op enger speziell ugefäerdegter a gepolsteter Dro ginn d’Belugaen mat engem Kran aus hirem Basseng gehuewen a mat engem Truck, wéi och engem Schlepperboot um Hafen bei d’Bucht bruecht.
  • D’Fleegeekipp wäert wärend wärend dësem Schrëtt zu all Moment bei den Déiere sinn. Geschat gëtt, datt den Transport vum Basseng bis bei d’Bucht pro Wal ëm eng Stonn dauere wäert. Dobäi gëtt dofir gesuergt, datt d’Temperatur an d’Fiichtegkeet fir si angenehm bleift.
Belugaen

© SEA LIFE Trust

  • Bei der Bucht ukomm ginn d’Walen an de Pool vum Sanktuar gelooss, deen nach emol an dräi Poolen opgedeelt ass (vun 9,6 Meter bis 2,5 Meter Déift). Dës Beräicher goufen ageriicht fir d’Walen wärend hirer Akklimatiséierung versuergen an ënnersichen ze kënnen.
  • Nodeems d’Belugaen hei iwwerwaacht gi sinn, wäerten Ënnerwaasserklappen opgoen, sou datt de Little Grey an de Little White an zousätzlech zwee Poole schwamme kënnen.
  • D’Zäit, déi d’Walen an dëse Poolen verbréngen, hänkt vun hirer Gesondheet an dem Wuelbefannen of. An engem éischte Schrëtt gi si 24 Stonnen observéiert, ier si an d’Klettsvik Bucht entlooss kënne ginn.

Zum Projet wäert een exklusiven ITV-Documentaire vu Plimsoll Productions Enn dës Jores erauskommen.

Duerch déi groussaarteg Spende vu Merlin Entertainments konnt den éischte Sanktuar an dëser Aart opgebaut ginn. De Projet gëllt als weeweisend fir zukünfteg Aktiounen, bei deene weider Déieren fräigelooss solle ginn.

D’Zesummenaarbecht vu globale karitativen Organisatioune fir d’Waasserliewewiesen, dem Whale and Dolphin Conservation (WDC) a SEA LIFE Trust erméiglecht eng vun de gréissten Entwécklungen am Beräich vum Schutz vun de Walen an Delfinen. Méi Informatioune ginn et op www.sealifetrust.org.

Opmaacherbild: Beim Little Grey a Little White © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Andy Bool, Beluga, Beluga Whale Sanctuary, Heimaey, Island, Kettsvik Bucht, Little Grey, Little White, SEA LIFE TRUST
Nächsten Artikel Virrechten Artikel