Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“
Neiegkeeten

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen
Neiegkeeten

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den

Doudeger am Container schocken England
Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen

Wiessel am Jonglënster Schäfferot

De Gilles BAUM leet säi Schäffeposten nidder – De Ben RIES als Nofolger virgeschloen

D’DP-Jonglënster deelt mat, datt d’Schäfferotsmandat vum Gilles Baum an der Gemeng Jonglënster soll ab dem 1. September 2020 vum Ben Ries virugefouert ginn.

Déi lescht Wochen a Méint hunn de Gilles Baum zur Iwwerzeegung bruecht, datt seng aarbechtsintensiv Funktioun als Fraktiounspresident vun der Demokratescher Partei – déi hien zanter dem 4. Februar 2020 ausüübt – a säi Schäffeposten aus Zäitgrënn net méi vereinbar sinn. De Gilles Baum bleift weider Conseiller am Gemengerot.

D’DP-Jonglënster schléit de Ben Ries als neie Schäffe vir. De 36 Joer ale Professer an 2-fache Papp vu Gonnereng war bei de leschte Walen Zweetgewielten op der DP-Lëscht. „Ech si frou, mäin Amt an der gréisster an awunnerstäerkster Gemeng am Osten un een engagéierten an talentéierte jonke Mann weiderzeginn“, esou de Gilles Baum.

D’DP-Jonglënster ass dovunner iwwerzeegt, datt de Ben Ries déi nei Aufgab mat vill Begeeschterung an Asaz ugeet, an déi ugefaangen Aarbecht an der Kontinuitéit an am Interêt vun allen Awunner weiderféiere wäert.

Matgedeelt vun der DP-Jonglënster

Ähnlech Sujeten Ben Ries, DP, Gilles Baum, Jonglënster, Schäffen, Zäitmangel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel