Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren
Neiegkeeten

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!

Sidd Dir begeeschter vun Hobbits, Mittelerde, Elben an dem Gollum?

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien
Neiegkeeten

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien

Säit dem onséilege Brexit-Referendum an de Ligen déi dëse begleet

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika

An hei gëtt et zolidd Widdersproch vun der KPL: „Fräihandel tëscht ongläiche Partner notzt deem ekonomesch (a militäresch) stäerksten. Am Weste gëtt vill Kraaft fir Propaganda opgewannt, fir dës Fakten ze verschleieren“, heescht et am Communiqué.

Mat vill Opwand ass an de Verträg iwwer „Preferenzofbau“ a „Beseitegung vun Diskriminatiounen“ rieds. Wien sech dann allerdéngs e Bléck op d‘Detailer – déi oft ënnert wirtschaftlechem Zwang esou an den Text agefloss sinn – erlaabt, erkennt séier wourëms et tatsächlech geet: ëm d‘Maarterweiderung fir Entreprise mat Iwwercapacitéiten, déi dës profitabel verkafe wëllen.

„Géigesäitegkeet“ steet, esou de Virworf vun der KPL, just um Pabeier. Richteg däitlech gëtt dat engem, wann d‘EU mat groussem Gedauschs den zollfräien Import fir afrikanesch oder karibesch Landwirtschaftsproduite verkënnt, an dat sech dann awer eenzeg an eleng op déi réi Fruucht bezitt. Verschaffte Wuere gi weiderhi mat Douanestaxe beluecht, wat dëse Länner méi schued wéi hëlleft.

Dat heescht: eng réi Mango dierf ouni Douanestax an den EU-Bannemaart, mee deen an Tetrapaks ofgefëllte Jus gëtt „uerdentlech“ besteiert. Dat mam Argument, datt d‘Verpakung net aus dem afrikaneschen Ursprongsland kënnt, an sech esou och net op d‘Partnerschaftsofkommes ka beruff ginn. Elo ass dat wuel eng riseg Sauerei, an dat weess een zu Bréissel och, firwat et Absicht ass.

Kolonialismus statt Partnerschaft

Et muss een an dësem Kontext dann och drop hiweisen, datt déi sougenannte „Partenariater“ mat den AKP-Länner vun Afrika, der Karibik an dem Pazifik, en absolut Musterbeispill dofir sinn, wéi ee Kolonialismus am 21. Joerhonnert erfollegräich bedreift. Hei gëtt knëppelhaart eng ekonomesch Peripheriséierung weidergefouert a verfeinert. Et geet ëm Ausbeutung an Ënnerwerfung, Punkt!

Dofir ass dann awer zu Bréissel d‘Gejéimers grouss, wann d‘Leit, déi vun hirer Aarbecht net liewe kënnen – wann se dann iwwerhaapt eng hunn – sech op de Wee maachen, a sech bei eis an Europa no besseren Zukunftsperspektiven ëmkucken. Fir d‘éischt kréien se hir Ressourcen entzunn, duerno kréien se Verträg opgezwongen, an zu gudder Lescht léisst een se am Mier ofsaufen. Merci Bréissel.

Elo ass dann och nach esou, datt déi „Gescheit“ zu Bréissel an/oder de Memberlänner, alleguerten an d‘Schoul gaange sinn, wou hinnen zu iergendengem Zäitpunkt muss erkläert gi sinn, datt déi gewollten Zerstéierung vun der Subsistenz, säit Mënschegedenken eng vun de Grondursaachen ass, firwat et zu massiver Migratioun kënnt. Et zwéngt een déi Leit zur Migratioun.

D‘KPL steet am Géigesaz zu „déi gréng“ an deenen anere Sektioune vun der biergerlecher pro-kapitalistescher Eenheetspartei dofir an, der EU hei d‘Handwierk ze leeën, an dëst imperialistescht Bündnis, duerch déi solidaresch Zesummenaarbecht vun de Vëlker, mat fairem géigesäitegem Handel, ze ersetzen. D‘KPL réit: gleeft der Illusioun vun enger sozialer EU net!

Ähnlech Sujeten Afrika, Ausbeutung, EU, Fräihandel, Karibik, Migratioun, Partenariat, Zwang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel