Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: Wéi eng Zukunft fir d‘Waldschoul?
International Neiegkeeten

kevin durant dating

Am Kontext vun der Escher Waldschoul hunn d‘Conseillere vun déi

31 dating 25 year old
International Neiegkeeten

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten

E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San

CFL: Nei Fuerpläng fir 2019
International Neiegkeeten

CFL: Nei Fuerpläng fir 2019

Wéi all Joer ännert sech de Fuerplang vun den CFL-Zich

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!

„De Benelux, eng staark Stëmm matzen an der Europäescher Unioun“, esou huet de President vum Benelux Parlament, de Gusty Graas d’Parlamentarier vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg um vergaangene Freideg an der Chamber empfaangen. Säit dem 1. Januar 2019 huet eis Chamber nämlech de Virsëtz vum Benelux Parlament, wouduerch de lëtzebuergeschen Deputéierte Gusty Graas fir zwee Joer zum President ernannt ginn ass.

Bei hirer zweeter Plenarsitzung vun der interparlamentarescher Versammlung ass et virun allem ëm de Mënschenhandel gaangen, sou wéi ëm innovativ Technologien, fir esou géint de Mënschenhandel virzegoen.

Et fonctionnéiert just zu dräi!

Als „ale Kolleg“ vun dësem Parlament huet de Premierminister Xavier Bettel ënnerstrach, datt Benelux duerch den Zesummenhalt vun den dräi Länner fonctionnéiert. Wärend senger Ried ass hien op d’Prioritéite vum lëtzebuergesche Virsëtz agaangen. Virun allem de Kampf géint d’Äerderwiermung an de Wëllen, fir eng sougenannt „Benelux Plattform zum Klima“ ze entwéckelen, sti ganz wäit uewen op der Lëscht.

Laut dem Premier kann de Benelux Léisungen a gemeinsam Positioune fannen, wou een um europäeschen Niveau net viru kënnt. An dësem Kontext huet hien de Parlamentarier ugeroden Initiativ ze ergräife fir esou den Ëmwelt-Dumping ze bekämpfen. Um europäeschen Niveau schéngt et schwiereg ze sinn, d’Klima-Thematik virun ze bréngen, wouduerch een am Benelux elo ëmsou méi staark handele muss.

Benelux

© Chambre des Députés

Eng weider Prioritéit vum lëtzebuergesche Virsëtz ass d’Digitaliséierung an d’Stärkung vum Bannemaart. De Xavier Bettel bedauert, datt den europäesche Kontinent an dësem Beräich nach ëmmer hannendran ass. Esou wier et elo entscheedend, datt d’Memberlänner déi néideg Kompetenzen opdreiwen, fir esou d’Beruffer vu Muer ze entwéckelen.

Zu gudder Lescht huet de Minister drun erënnert, datt den europäesche Projet ee Friddens- a Fräiheetsprojet ass. Et gehéiert zu all deenen, déi un ee fortschrëttlecht Europa mat staarken Dreem gleewen. An dësem Kontext huet de Minister Bettel och ënnerstrach, datt et beim Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU keng national Léisungen op europäeschem Niveau ginn.

De grenziwwerschreidende Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Félix Braz huet uschléissend d’Wuert kritt an zum Thema grenziwwerschreidende Mënschenhandel diskutéiert. Heibäi huet hien drun erënnert, datt d’Parlamentarier, sou wéi och d’Justizministere vun den dräi Benelux-Länner am Joer 2016 eng Deklaratioun ënnerschriwwen hunn zur Kooperatioun tëscht den Opnahme- an Assistenzzentren fir d’Affer, de riichterlechen Autoritéiten, der Police, de Servicer fir Immigratioun an Integratioun, sou wéi de sozialen Inspektiouns- an Aarbechtsservicer. An dësem kontext wëllen déi dräi Ministeren ee riichterlecht Instrument opstellen, fir esou d’Kooperatioun tëscht den dräi Länner ze stäerken.

De Justizminister huet d’Parlamentarier och doriwwer informéiert, dat déi lëtzebuergesch Regierung Cannabis entkriminaliséiere well. D’Legislatioun heizou ass nach net ganz entwéckelt, mee se wäert op Basis vun enger globaler Approche zur ëffentlecher Gesondheet ausgeschafft ginn. Laut dem Félix Braz erméiglecht et d’Cannabis-Gesetz, de Konsument vum illegale Maart ewech ze bréngen, domat verbonne psychesch a physesch Geforen ze reduzéieren an d’Kriminalitéit um Niveau vun der Versuergung ze bekämpfen.

Benelux

© Chambre des Députés

Wat ass d’Benelux-Parlament?

Den interparlamentaresche consultative Conseil vu Benelux, och Benelux Parlament genannt, informéiert a beréit déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierung zu verschiddenen Themen. D’Parlament besteet aus 49 Deputéiert, dovunner stamen der 21 aus der Belsch, 21 aus Holland a 7 aus Lëtzebuerg. Den Acronym „Benelux“ steet dobäi fir déi dräi Memberlänner.

Zur Lëtzebuerger Delegatioun gehéieren de Marc Angel (LSAP), Prsident vun der Delegatioun, d’Diane Adehm (CSV), den Alex Bodry (LSAP), de Gast Gibéryen (ADR), de Gusty Graas (DP), d’Josée Lorsché (déi gréng) an de Gilles Roth (CSV).

De ganze Video vun der Seance kënnt Dir HEI nach emol nokucken.

Ähnlech Sujeten Benelux, Cannabis, Digitaliséierung, Gusty Graas, Mënschenhandel, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel