Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-sites-like-craigslist/

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

https://moien.lu/dating-site-for-polygamists/
International Neiegkeeten

Scoutskiermes um Cents

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg
International Neiegkeeten

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

No méi wéi engem Joer un intensive Verhandlungen huet de

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

CD&V, cdH an CSV fuerdere vum EPP-President den Ausschloss vun der Fidesz

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher Vollekspartei (EPP), Joseph Daul, hunn d‘Parteipresidente vun de chrëschtdemokratesche Parteien aus der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, den Ausschloss vum ungaresche Ministerpresident, Viktor Orban, a senger Fidesz aus der EU-Fraktioun vun de Chrëschtdemokrate gefuerdert.

Esou bezéien sech de Belsch, Maxime Prevot (cdH), den Hollänner, Wouter Beke (CD&V) an de Lëtzebuerger Frank Engel (CSV) op déi Anti-Europäesch Politik a Campagne vum ungaresche Ministerpresident, deen „Säit Joren a Kontradiktioun géint dat handelt an agéiert, wat mir – zesumme mat der EPP – als wichteg am Liicht vun eiser chrëschtdemokratescher Siicht op de Mënsch an d‘Gesellschaft verdeedegen.“ Dat ass zumindest kloer an däitlech.

Enger Fidesz an hirem Leader einfach esou lasszegi schéngt net ganz esou Einfach, grad wéi et „schwiereg“ ass Ungarn wéinst: Verfeelunge bei der Rechtsstaatlechkeet, der Mëssuechtung vun de Rechter vu Minoritéiten, der Aschränkung vun der Pressefräiheet an dem Drangsaléiere vun net-Regierungsorganisatiounen an och d‘Verletzung vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, zur Uerdnung ze ruffen. Esou kann Artikel 7 géint Ungarn nëmmen Eestëmmeg duerchgesat ginn.

D‘Wäerter an Unioun vun der EU verdeedegen

Mat hirer Fuerderung sinn de Frank Engel a seng Kollegen net méi eleng. Esou huet och schonn den däitsche Manfred Weber (CDU), deen als Spëtzekandidat fir d‘EPP als Nofolger vum Jean-Claude Juncker gehandelt gëtt, am Interview mat der TAZ en Ausschloss vun der Fidesz-Partei aus der EPP net méi ausgeschloss. Eise Kollege vun der TAZ huet de Manfred Weber gesot: „All Optioune leien um Dësch (…) mir diskutéieren den Ament eeschthaft innerhalb der EPP doriwwer“.

Wann ee sech dann d‘Struktur vun der EPP eppes méi genee ukuckt, da kann ee feststellen, datt 8 vun den 51 EPP-Memberparteien (Nieft dem Benelux sinn och Schweden, Finnland, Portugal an Däitschland fir en Ausschloss) sech scho schrëftlech beim EPP-President fir d‘Exklusioun vun der Fidesz ausgeschwat hunn. Laut den EPP-Statuten ass domatter de Quorum – vun op mannst 7 Memberparteien aus fënnef EU-Memberlänner – fir en Ausschlossverfaren erreecht.

Elo bréicht een nach just d‘Majoritéit vun den Vertrieder bei enger Ofstëmmung ze kréien, fir den Ausschloss ze offizialiséieren. Heibäi hänkt villes vun den däitsche „Kollegen“ of, well si dee gréisste „Block“ am europäesche Parteieverbond stellen. „De Viktor Orban huet mat sengen Äusserungen a senger Plakataktioun der EPP schwéiere Schued zougefouert. Ech erwaarden dofir vun him, datt hie sech entschëllegt a seng Aktioun beendegt“. E fromme Wonsch…

Foto: Hien huet sech selwer als anti-Europäer bestätegt, gëtt es sech net midd déi eege Partner an der EPP ze beleidegen a virzeféieren, an litt datt et engem kann derbäi schlecht ginn. De Viktor Orban, Ministerpresident vun Ungarn. © Roni Rekomaa/Bloomberg (courtesy)

Ähnlech Sujeten Benelux, CD&V, cdH, CSV, Europawahlen 2019, Frank Engel, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel