Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 20. Oktober
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 20. Oktober

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Dësen Hit ass der elo 20
International Neiegkeeten

Dësen Hit ass der elo 20

Dir hutt et villäicht verdrängt, mee den Internet vergësst näischt:

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?
International Neiegkeeten

Fërdert de Staat implizit d’Schwaarzaarbecht bei den Studentenjobs?

Dat behaapt mol op mannst d’Piratepartei an hirer Pressematdeelung vu

Benelux: Lëtzebuerg wëll mat der Presidence positiv Akzenter setzen

Dräi Länner vertrauen op dräi Pilieren: Politik – Wirtschaft – Fräie Verkéier

Benelux: Lëtzebuerg wëll mat der Presidence positiv Akzenter setzen

E Mëttwoch huet Lëtzebuerg offiziell d‘Presidence vum Benelux iwwerholl, an den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) war esou erfreet, et hätt ee kënne mengen hie wier „aus dem Haischen“. Woubäi hien net ganz Onrecht huet, well wann ee sech de Wee ukuckt, dee mir zesumme mat eise Belschen a Hollännesche Frënn hannert eis bruecht hunn, da kann ee sech net bekloen.

Dës Unioun besteet säit 1958, an de Benelux war souzesoen de Virreider vun deem wat mir haut als EU-Bannemaart kennen. Eng Pionéierleeschtung am Bezuch op de Wueren- a Persouneverkéier, an och bei de Servicer an dem Geld huet ee Grondlage geschafen. D‘Zollunioun huet zudeem derzou bäigedroen, datt et zu de véier Grondfräiheete komm ass, op deenen déi haideg EU fundéiert.

Ënnert der Berécksiichtegung dat et „kriselt“ – Handelskrich, Brexit, a Konflikter – wëll Lëtzebuerg d‘Presidence notzen, fir dem Benelux nei Impulser ze ginn. De (klenge) Bannemaart soll gestäerkt, déi energetesch Transitioun agefouert, an d‘Gesellschaft digitaliséiert ginn. Wéi dat am Detail soll oflafen, ass eis net verrode ginn. Gewosst ass just: hei geet ëm d‘Wirtschaft, net ëm d‘Mënschen.

Wa sech déi aner op eis verloossen

Fir eis belsch Noperen, déi 2018 d‘Presidence vum Benelux haten, schéngt et eppes Berouegendes ze hunn, datt mir elo de Leadership iwwerhuelen. De belschen Ausseminister, Didier Reynders, ass zouversiichtlech, datt mat der Erfahrung déi Lëtzebuerg an de leschte Joren ugesammelt huet, eist Land zukunftsorientéiert handele wäert. Stellt sech awer och d‘Fro, op eng EU de Benelux brauch.

Dozou den Jean Asselborn: „De Benelux huet eng Roll ze spillen. Et ass eng Erfollegsgeschicht an e Beispill fir déi europäesch Integratioun“. Wann et sécherlech richteg ass drop hinzeweisen, datt de Benelux am Kontext vum Europarot ee „vun de Moteuren“ ass, esou sinn et awer an éischter Linn Däitschland, Frankräich an déi nordesch Länner, déi d‘Akzenter setzen. Do kann een usetzen…

Geet et dem belschen Ausseminister no, da misst sech de Benelux sech fir d‘Mënscherechter an d‘Rechtsstaatlechkeet asetzen. Dat méiglechst andeems ee „Positioune gemeinsam vertrëtt“, füügt de Jean Asselborn bäi, deen sech net méi spéit wéi e Méindeg, géint den demokratesch gewielte President Nicolas Maduro ausgeschwat, an esou an intern Ugeleeënheete vum Venezuela amëscht.

De Benelux a seng Roll an der Welt

Interessant war och eng Ausso, déi d‘Roll vum Benelux an der Welt beliichte sollt. Ugesiichts de Verhandlunge bei der UN-Klimakonferenz zu Krakau, oder der Vertriedung am UN-Sécherheetsrot, wier ersiichtlech, datt d‘Benelux-Länner eng Unitéit bilden. Firwat de Benelux dann net als „Unitéit“ an Europa optrëtt, och wa si de Konsens sichen, ass nationalpoliteschen Interesse geschëlt.

Iwwer dës politesch Zesummenaarbecht eraus, dierf een drun erënneren, datt de Benelux iwwer eege juristesch Moyene verfüügt, an och déi Institutiounen huet déi de Bierger vun dësen dräi Länner e reelle Benefice bréngen. An dësem Kontext stellt de Jean Asselborn nach fest: „Eist Zil ass et weider um Ofbau vun den Hürden ze schaffen, déi de fräie Verkéier behënneren“.

Bleift nach ervirzesträichen, datt de Modell „Benelux“ net nëmmen eis zerguttst kënnt, mee och Ambitiounen erwächt huet. Op an de baltesche Staaten, oder Skandinavien, et gëtt méi der Länner déi sech un eiser „Unioun“ orientéiere géifen. Op de Jean Asselborn domatter och d‘Länner vun der Visegrad-Grupp gemengt huet? Wéi och ëmmer, mir hunn elo de Virsëtz a musse virleeën…

Ähnlech Sujeten Belsch, Benelux, Holland, Jean Asselborn, Lëtzebuerg, Zollunioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel