Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!
International Neiegkeeten

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!

Ee Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Persounen, déi Autismus

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?
International Neiegkeeten

D’Zäit nom Confinement: Exit-Strategie? An elo?

Sou, d’Fréijoersbotz ass gemaach – d’Fënstere blénken, d’Schief si sortéiert

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
International Neiegkeeten

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

Benelux Sommet: Eng Kooperatioun tëscht 3+1

Benelux Sommet: Eng Kooperatioun tëscht 3+1

75 Joer Benelux – dat muss gefeiert ginn! Aus dësem Grond hu sech gëschter déi 3 Premierministere vu Benelux, sou wéi de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen am MUDAM zesumme fonnt, fir ze diskutéieren an d’Deklaratioun ze erneieren.

Um 5. September 1944 hunn d’Regierunge vu Lëtzebuerg, der Belsch an Holland zesumme gesat, fir esou d’Konventioun zur Zollunioun ze ënnerschreiwen, obwuel ee sech deemools nach am Exil zu London befonnt huet. Och nach 75 Joer spéider besteet Benelux, wouduerch den hollännesche Premierministere Mark Rutte, de belsche Premier Charles Michel an de Premierminister Xavier Bettel hir Kooperatioun nees bestätegt hunn.

„Am Interessi vun eise Bierger wäerte mir enk zesumme schaffen an esou d’Prioritéite fir d’EU fir déi zukünfteg Legislaturperiod mam Strategic Agenda of the European Council ausschaffen an esou Resultater zu dëse Prioritéite liwweren“, sou de Premierminister Xavier Bettel. An dësem Kader sinn am Laf vum Moie vill Themen diskutéiert an no Léisunge gesicht ginn.

benelux

(v.l.n.r.) Armin Laschet, Ministerpresident vun NRW; Mark Rutte, hollännesche Premierminister; Xavier Bettel, Lëtzebuerger Premierminister; Charles Michel, belsche Premierminister © Martine de Lagardère

Lëtzebuerg ass immens houfreg fir an dësem Joer d’Presidence vum Comité vun de Ministere vu Benelux ze hunn. Am Laf vun 2019 soll esou de Bannemaart, d’Energietransitioun an d’Digitaliséierung gefërdert ginn, sou wéi de Kampf géint de Klimawandel weidergefouert ginn. Virun allem de leschte Punkt läit dem Minister Bettel besonnesch um Häerzen, nodeems hien der Jugend hir Ängscht an Energie an de Protester gespuert huet. Aus dësem Grond soll och eng Klimaplattform gegrënnt ginn, fir esou d’Ustrengunge vun der Limitéierung vun der Äerderwiermung besser ze koordinéieren. Dobäi gëtt och op déi essentiell Bedeitung vun erneierbaren Energien ervirgehuewen.

No der Reunioun tëscht demm Premierminister Xavier Bettel a sengem belschen an hollänneschen Homolog ass den Dagesoflaf mat enger weiderer Reunioun virugaangen, un der och de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, den Armin Laschet, sou wéi Representante vum Generalsekretariat vu Benelux deelgeholl huet. Heibäi ass et virun allem ëm déi grouss politesch Neiegkeeten an Europa gaangen – jo och ëm de Brexit, wou bei der Pressekonferenz enorm vill Froen driwwer gestallt gi sinn, een awer net spekuléiere wëll, wat deemnächst zu London decidéiert gëtt – mee och ëm d’Kooperatioun vu Benelux zesumme mat NRW.

D’Deklaratioun vu Benelux-NRW

An dësem Kader ass déi erneiert politesch Deklaratioun, zur Entwécklung vun enger méi enker Kooperatioun, vun de Memberlänner an Nordrhein-Westfalen ënnerschriwwe ginn – ee feierleche Moment, wou d’Press mat dobäi duerft sinn. Benelux-NRW stécht als ekonomesch Regioun eraus, an der iwwer 45 Millioune Mënsche wunnen. Den Echange tëscht den dräi Länner aus der Zollunioun an dem däitsche Bundesland hunn et erméiglecht, op d’Evolutioun säit dem Bestoe vu Benelux zeréck ze blécken an d’Beräicher vun der banneschter Sécherheet an der Gestioun vu Krisen, der Energiepolitik an dem Aarbechtsmarché méi am Detail ze kucken.

benelux

(v.l.n.r.) Armin Laschet, Ministerpresident vun NRW; Mark Rutte, hollännesche Premierminister; Xavier Bettel, Lëtzebuerger Premierminister; Charles Michel, belsche Premierminister © Martine de Lagardère

Bei der uschléissender Pressekonferenz huet de Premier Bettel nees op de ronne Gebuertsdag säit der „Gebuert“ vu Benelux viru 75 Joer opmierksam gemaach. Waren d’Länner deemools nach wärend dem Krich am Exil zu London, esou hu si schonn zu der Zäit staark zesumme gehalen, wat sech bis haut esou erhalen huet. Mat gemeinsamen Iddien hunn Lëtzebuerg, d’Belsch an Holland ee Schicksal gedeelt a fest un hir Zesummenaarbecht gegleeft. Ee Grond Méi, wisou dem Xavier Bettel dëst Evenement besonnesch um Häerz läit.

benelux

De Xavier Bettel bei der Pressekonferenz © Martine de Lagardère

Den däitsche Ministerpresident Armin Laschet huet dobäi däitlech ervirgehuewen, datt NRW schonn ëmmer mat grousser Bewonnerung op Benelux gekuckt huet. Dofir ass et hinnen ëmsou méi wichteg, datt d’Bundesland virun 10 Joer esou eng besonnesch Plaz an dëser Unioun kritt huet. Gemeinsam kann ee seng Stäerken notzen, Strukturen ausschaffen a Problemer méi effektiv léisen.

benelux

De Ministerpresident Armin Laschte vun NRW © Martine de Lagardère

Brexit, Brexit, Brexit,…

Schlussendlech war et un der Press seng Froen ze stellen, woubäi aus zäittechnesche Grënn just 4 Froe gestallt konnte ginn. Datt déi kleng Moien Redaktioun net dozou gehéiert huet, ass nëmmen ze bedaueren, woubäi mir emol eng Fro gehat hätten, déi NET ëm de Brexit gaange wier. Den Haaptinteressi vun de Journaliste louch tatsächlech just an der Scheedung tëscht London an dem Rescht vun der EU. Wann d’Fro zu den Neiegkeeten aus London bis eemol beäntwert ginn ass, kann ee sech jo awer denken, datt et einfach net méi ze soe gëtt.

benelux

Den hollännesche Premierminister, Mark Rutte © Martine de Lagardère

Mat liichtem Aenzucken hunn d’Ministeren dunn bei der drëtter Fro zum Brexit schliisslech mat der Fauscht op den Dësch geschloen an erkläert, datt een elo keng Spekulatiounen ustelle wäert. Déi britesch Regierung muss einfach endlech festsetze, wat si genau wëll. Den Austrëtt réckt ëmmer méi no an esou riskéieren si den haarden Austrëtt – PUNKT.

Zäitëmstellung an Energie

Tatsächlech ass et tëschenduerch awer och ëmol ee Liichtbléck ginn, andeem beispillsweis den Aspekt vun der Zäitëmstellung opgegraff ginn ass. Heibäi gëtt an de Benelux-Länner no enger Léisung gesicht, déi dann och a ganz Europa, bezéiungsweis weltwäit opgeholl gëtt. Schliisslech wëll d’Unioun – sou de Xavier Bettel – mat enger Virreideraufgab erausstiechen a mat innovative Gedanke punkten.

A Saachen nuklear Energie ass geplangt, datt d’Belsch bis 2025 all AKW’en ofgeschalt huet. An der Tëschenzäit gëtt am Parlament eng Energiestrategie entwéckelt. Trotzdeem – sou de Charles Michel – muss een de Mix betruechten, an deem et net nëmmen ëm nuklear Energie geet, mee och ëm den Ausstig aus der Kuel. Dofir muss een echten europäeschen Energiemaart geschaaft ginn, an dat mat anstännege Reguléierungen.

benelux

De belsche Premier, Charles Michel © Martine de Lagardère

Fir eis Politiker ass den Dag mat engem gudde Mëttegiessen, offréiert vum Premierminister Xavier Bettel, zu Éieren vu sengen Homologen an dem Ministerpresident vun NRW, am MUDAM op een Enn gaangen.

D’Ried zum Benelux-Sommet kënnt Dir HEI fannen. Och déi erneiert Deklaratioun hu mir Iech natierlech HEI eropgelueden.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Armin Laschet, Ministerpresident vun NRW; Mark Rutte, hollänneschePremierminister; Xavier Bettel, Lëtzebuerger Premierminister; Charles Michel, belsche Premierminister © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Armin Laschet, Benelux, Benelux Sommet, Charles Michel, Mark Rutte, NRW, Xavier Bettel, Zollunioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel