Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Elo gëtt et eescht
dating limoges marks Neiegkeeten

https://moien.lu/creole-dating-sites/

Haut geet et zu Bréissel an déi zweet Verhandlungsronn tëscht

https://moien.lu/hussey-dating-tips/
dating limoges marks Neiegkeeten

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
dating limoges marks Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“

Benjamin Netanyahu: „D‘USA hunn déi richteg Entscheedung geholl“

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech um Dënschdeg eng Freed dorausser gemaach, an d‘Entscheedung vu Washington begréisst, de Büro vun der palestinensescher Vertriedung zu Washington zou ze maachen.

Et war déi éischt offiziell israelesch Reaktioun, nodeems Washington e Méindeg déi drastesch Mesure ugekënnegt hat. D‘Trump-Administratioun beschëllegt déi palestinensesch Leedung sech engem Dialog mat Washington ze verweigeren, an och keng Verhandlunge mat Israel opzehuelen.

„Israel ënnerstëtzt déi amerikanesch Entscheedung, där hiert Zil et ass, de Palestinenser déi sech enger Verhandlung verweigeren, an Ugrëff géint Israel an internationale Foren féieren, ze soen, datt et net esou ass, wéi ee Fridden erreecht“, stëppelt den israelesche Premierminister.

D‘USA hunn hir Entscheedung domatter argumentéiert, datt „d‘Organisatioun fir d‘Befreiung vu Palestina“ (PLO) keng Moossnamen ergraff huet, fir direkt a signifikativ Verhandlunge mat Israel opzehuelen“, léisst d‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert, matdeelen.

Iwwert d‘Zukunft vu Palestina entscheeden d‘USA

An engem Communiqué, huet d‘Heather Nauert verséchert, datt Washington de Palestinenser bis ewell erlaabt hat, hir diplomatesch Missioun ze behalen, ënnert der Bedingung, datt si sech fir eng Léisung an de Fridde mat Israel engagéieren. Dat wier net méi de Fall, a si missten elo goen.

Si stellt fest: „… d‘Leader vun der PLO hunn den amerikanesche Friddensplang veruerteelt, nach iert si dëse gesinn, a weigeren sech mat der US-Regierung ze schwätzen, wann et ëm d‘Efforte fir de Fridde geet. Also huet d‘Administratioun entscheet datt de Büro vun der PLO zougemaach gëtt .

D‘Heather Nauert huet allerdéngs ganz gutt drop uecht gedoen, d‘Hannergrënn vum Dissens, deen d‘Palestinenser mat der aktueller US-Regierung hunn, ze verstoppen. Et muss een drop hiweisen, datt et net d‘Palestinenser waren, déi de Salz an de Kaffi geschott hunn. Dat war den US-President.

Wéi den Donald Trump – dee wahrscheinlech geniaalsten Diplomat dee jeemools un der Spëtzt vun de vereenegte Staate vun Amerika gestanen huet – entscheet hat, datt d‘US-Ambassade seng Plaz zu Jerusalem huet, an domatter déi helleg Stad als Haaptstad vun Israel unerkannt huet, ass et geschitt.

Der PLO d‘Pistoul un d‘Schléif gehalen

An et war dann den Donald Trump, dee ganz iwwerrascht war, nodeems hien nach am Mee 2017 a Palestina als Mann vum Fridde begréisst ginn ass, datt d‘Palestinenser dat net „cool“ hunn. Hie kann och verstoen, datt, wéinst esou enger Klengegkeet, d‘PLO sollt beleidegt sinn.

Et ass dann awer Fakt, datt duerch dës eesäiteg Entscheedung, mat där den US-Milliardär politesch „gréisst“ bewisen huet, d‘USA mat engem iwwer Joerzéngte laangem internationale Konsens gebrach hunn. Eng Mesure, déi och dem Lëtzebuerger Ausseminister Kappzerbrieches mécht.

Wéi sollten d‘Palestinenser dann och nach mat den USA op Aenhéicht verhandelen, wann eng vun de grondleeënde Fuerderungen, Ostjerusalem – dat vun Israel militäresch annexéiert besat ass – als Haaptstad vun hirem Land ze erhalen, mat engem Fiederstréch aus der Welt geschaaft gëtt?

Den Donald Trump, dee keen Heel dorausser mécht „de Frënd vun Israel“ ze sinn, ass dann awer iwwerzeegt, datt hien d‘Muecht huet, fir d‘Palestinenser zu eppes ze zwéngen, wat se ëmmer scho refuséiert hunn. D‘PLO, grad ewéi déi international Communautéit, wëll eng 2-Staate-Léisung.

US-Friddensvirschlag ass d‘Ënnerwerfung vun de Palestinenser

D‘Schléissung vun der palestinensescher Missioun zu Washington huet dann awer nach e weidere Grond. De Fait, datt sech d‘PLO ugemoosst huet, virum internationale Geriichtshaff (ICC) eng Klo anzereechen, an der israelescher Arméi Krichsverbrieche virzewerfen, huet Washington net gefall.

A scho wäit virun dëser Entscheedung, huet den Donald Trump seng Administratioun ermontert alles an d‘Wee ze leeden, fir sech d‘Palestinenser ënnerwerfeg ze maachen. Esou hunn d‘USA de Palestinenser de „Geldkrunn“ zougedréit, an sech aus der UNRWA zréckgezunn.

E weidere Grond, deen allerdéngs net esou an de Virdergrond gesat gëtt, ass d‘Proximitéit vun de Palestinenser mam Iran. Den Iran, Äerzfeind vun esouwuel Israel wéi Saudiarabien, wëll den Donald Trump och un d‘Léngt huelen. Den Iran huet op d‘Provokatioune vum Trump reagéiert.

Teheran gesäit aktuell och keng zolidd Grondlag mat enger Administratioun ze verhandelen, déi eigentlech nëmmen am Sënn huet, de Regimm ze stierzen. Och dësen Dissens an déi eesäiteg Kënnegung vum Atomofkommes, fënnt bei der internationaler Communautéit wéineg Zousproch.

mat AFP

Foto: De Benjamin „Bibi“ Netanyahu ass glécklech. Säi beschte Frënd huet him mat der Schléissung vun der PLO-Missioun zu Washington, eng grouss Freed bereet. © Ronen Zvulun/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Heather Nauert, Israel, Palestinenser, PLO, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel