Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!
International Neiegkeeten

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!

Um 27. an 28 Juli organiséieren déi Lénk d’Summeruni, ee

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?
International Neiegkeeten

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17.

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung
International Neiegkeeten

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung

Huawei-Produite wieren e „Sécherheetsrisiko“, esou d‘US-Regierung, an aus dësem Grond

Bensinspräiserhéijung am Iran: 1 Doudegen

Vill Iraner fäerten d‘Inflatioun an de kurdesche Gebidder ass de Protest méi grouss wéi erwaart

Bensinspräiserhéijung am Iran: 1 Doudegen

Am Iran ass bei de Protester géint d‘Bensinspräiserhéijung 1 Persoun gestuerwen an vill aner si blesséiert ginn. Demonstranten hate versicht Tankstellen an Pëtrol-Depoten a Brand ze stiechen, firwat d‘Police an d‘Revolutiounsgarden agegraff hunn. Teheran hat e Freideg ugekënnegt de Präis un der Pompel ze verduebelen.

D‘Konfrontatioun tëscht Demonstranten an der Police zu Sirdchan huet e Mënscheliewe gefuerdert, woubäi d‘Ëmstänn hei nach ze kläre sinn. Laut dem Spriecher vun der Stadverwaltung, sollen d‘Polizisten nëmmen an d‘Luucht geschoss hunn. Bei den Zesummestéiss huet et op béide Säite Verletzter ginn. Och an aneren iranesche Stied ass protestéiert ginn, d‘Police huet Tréinegas agesat.

BensinspräiserhéijungWéinst der Wirtschaftskrise – déi och den US-Sanktiounen zouzeschreiwen ass – hat déi iranesch Regierung an der Nuecht op e Freideg de Bensin rationéiert an de Präis ugehuewen. En Decisioun déi dem Staat soll bis 2,6 Milliarden US-Dollar abréngen an laut dem Versprieche vun engem Regierungsspriecher, fir noutleidend Famillje soll agesat ginn.

No de Protester hunn e Sonndeg zu Teheran d‘Volleksvertrieder iwwer d‘Bensinspräiserhéijung debattéiert. Hei haten e puer Deputéiert eng Resolutioun virbereet, mat där d‘Regierung soll genéidegt ginn d‘Hausse bei de Bensinspräisser zréckzehuelen. Zur Stonn ass nach net gewosst, ob a wéi sech d‘Regierung zu dëser Fuerderung positionéiert huet.

BensinspräiserhéijungAm Iran gëllt de Bensinspräis als Mamm vun der Inflatioun. Dat well ëmmer wann de Bensin méi deier gëtt, alles am Iran méi deier gëtt. Eigentlech sollt de Bensinspräis schonn am August gehéicht ginn. Fir eng Verschäerfung vun der Inflatioun ze verhënneren ass dat awer ëmmer nees verluecht ginn. E Freideg huet de President Hassan Rohani tranchéiert…

Déi staatlech Subventioune fir d‘Pëtrolspräisser niddreg ze halen, drécken op de Budget vun de Sozialausgaben. Déi Subventiounen ze sträichen huet eng Hausse vun 12 Cent generéiert, wat de Präis un der Pompel op 26 Cent/Liter festleet. Zudeem muss rationéiert ginn: 60 Liter de Mount, méi kann een sech den Ament net méi an den Tank fëllen.

BensinspräiserhéijungFir déi meeschten Iraner ass „bëllege Bensin“ esou eppes wéi e Grondrecht an et gëtt virun allem gefaart, datt dëse Schratt nëmmen ee vu villen ass an hir Liewensqualitéit weider ofhëlt. Zu Washington ass een iwwert dës Protester erfreet, well et géif bestätegen datt d‘Sanktioune wierken. D‘USA wëllen de Regime vun den Ajatollahen zu Fall bréngen…

mat indymedia/mow

Foto: Déi iranesch Regierung huet wéinst den Demonstratiounen am Land och d‘Arméi an de kurdesche Stied: Marivan, Sannandaj, Kermanshah a Javanrud mobiliséiert. © Kurdistan Human Rights Network

Ähnlech Sujeten Bensinspräiserhéijung, Hassan Rohani, Iran, Protest, US-Sanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel