Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen
Neiegkeeten

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen

An de Zäite vu Klimawandel, Biodiversitéitskris a gesellschaftlechem Wandel misst

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn
Neiegkeeten

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn

Den Informatik Projet „Pabeierfräi-Justiz“, oder wéi dat am Chamber-lëtzebuergesch genannt

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier
Neiegkeeten

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco.

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf

Mat BENU äntwert Esch-Uelzecht ob de Problem vun der Nohaltegkeet. D’Missioun ass den Opbau vun engem Eko-Duerf, wat duerch eng Kreeslafwirtschaft zu enger positiver Entwécklung vun eisem Land bäidréit.

BENU selwer, wat d’Virbereedunge vum Eko-Duerf begleet, ass am Joer 2017 als Asbl gegrënnt ginn a gëtt elo vun der Stad Esch-Uelzech an dem Ministère fir nohalteg Entwécklung gefuerdert. Eent vun hiren Zieler ass et Quelle fir Recetten ze erschléissen, fir och déi zukünfteg Entwécklung vun Aktivitéite sécher ze stellen. Si vereene Profien a Mënschen, déi Ënnerstëtzung brauchen, mee och Fräiwëlleger, déi d’Aktivitéite garantéieren.

Ee Beispill vun enger Aktivitéit ass hei BENU Metamorphose. Heibäi handelt et sech ëm eng Pilotkonstruktioun aus 9 ale Schëffscontaineren, déi mat enger Miscanthus-Dämmschicht iwwerzu sinn an zu engem grousse Konschtwierk ëmgewandelt ginn. Ënner anerem ginn hei och „Offäll“, wat eigentlech Wäertstoffer sinn, benotzt. An enger éischter Phas hu méi wéi 70 Fräiwëlleger ënnert der Leedung vun enger lokaler Kënschtlerin an 10 professionelle Kënschtler um Projet geschafft.

BENU

© BENU

De BENU Village – „Eng Plaz, déi d’Mënsche beweegt!“

BENU positionéiert sech an der sozio-ekonomescher Kreeslafwirtschaft. Ziel ass hei eng héich qualitativ Déngschtleeschtung a Produiten op der Grondlag vu Ressourcen, déi normalerweis als Offall gëllen. Heizou ginn et verschidde Punkten:

Konstruktioun: BENU baut am rengen UpCycling Modus, ganz ouni nei an/oder chemesch Zousazstoffer. De BENU Village, dat éischt Eko-Duerf an der Groussregioun wäert hei eng kulturell, kënschtleresch a professionell Plattform ginn.

  • Lounen: BENU bitt Start-Ups a Profie Raim un fir, mat BENU Wäerter kompatibel, Aktivitéiten ze testen oder duerch ze féieren.
  • Kleedung: Och Designerkleedung gëtt vu BENU produzéiert. Mat Hëllef vu Kleeder aus de Sammelcontaineren, déi eigentlech ewech gehäit sollte ginn, entstinn nei Stécker, déi ënnert dem Numm BENU Couture verkaf ginn.
  • Restauratioun: De Gourmetrestaurant vu BENU wäert net-verkaaften an/oder ofgelafe Bio-Liewensmëttel fir ze Kachen notzen.
  • Konscht: BENU gesäit eng Ausstellungs- an Verkaafsplattform fir Konschtwierker vir, déi am Aklang mat de BENU Wäerter vu Kënschtler a regionale sozialen Organisatioune produzéiert ginn.

Et gesäit een also, datt dës Plaz kontinuéierlech den ekologeschen a soziale Foussofdrock soll verbesseren, andeems méiglechst wéineg nei Ressource genotzt ginn a sou mann wéi méiglech Ressourcen entsuergt ginn.

D’Wäerter vu BENU bezéien sech hei op Transparenz, sozial Verantwortung, ekologesch Exzellenz an eng lokal Produktioun. Hei eraus erginn sech Zieler, wéi beispillsweis ZeroWaste oder d’Fuerdere vu sozialer Kohäsioun.

Mat guddem Beispill gi si vir, sou datt eng Plaz mat proppere Produiten a Servicer entsteet – an eisen Aen ee staarke Projet, deen een ënnerstëtze sollt! Weider Detailer fannt Dir op www.benu.lu. Zur grousser Erëffnung gëtt natierlech och ee flotte Programm ugebueden, den dir hei gesitt. Mir wënsche vill Succès!

BENU

© BENU

Ähnlech Sujeten BENU, Eco Village, Esch-Uelzecht, Kreeslafwirtschaft, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel