Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft
Kultur Neiegkeeten

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft

Wéi d‘Police matgedeelt huet, hat e Brigang e Sonndeg um

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen
Kultur Neiegkeeten

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!

Virun 20 Joer wousst de Lou Bega net op en

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!

BENU Village: Do kënns de aus dem Staunen net méi eraus!
© Martine de Lagardère/moien.lu

Wat Kreeslafwirtschaft a voller Konsequenz bedeiten, weist de BENU Village zu Esch-Uelzecht. Vun de Gebaier, iwwert den Interieur an d’Miwwelen, bis hunn zu de Produiten, déi zum Verkaf stinn, setzt een hei op Upcycling. Vun dësem Konzept huet sech gëschter Mëtteg de Wirtschaftsminister Franz Fayot iwwerzeegt.

Ugefaangen huet de Rondgang beim BENU Provisorium, dee sech op 18 Parkplazen nieft der Rue d’Audun ausbreet. Nodeems am Februar 2019 d’Aweiung vum faarwefrouen an artistesch gestaltene Gebai stattfonnt huet, konnt ee gesinn, datt sech hei esou munches gedoen huet.

BENU

© Martine de Lagardère/moien.lu

Nach ier et an d’Bannescht gaangen ass, huet de Minister Fayot ervirgehuewen, datt d’Zukunft vun der Ekonomie, fir ee Land mat wéinege Ressourcen an engem héijen ekologesche Foussofdrock an der Kreeslafwirtschaft läit, wouduerch hie ganz gespaant a freedeg dëse sozio-kulturelle Projet matverfollegt. Donieft weist hie sech houfreg, datt traditionell Metieren, wéi beispillsweis dee vun der Néiesch, bei BENU nei a modern belieft ginn.

Ma, scho vu baussen ass d’Gebai e Buch mat Geschicht, wéi d’Mandy Ragni, Schäffin vun der Stad Esch et beschriwwen huet. An dësem Kader huet si bestätegt, datt d’Initiative mat enger Millioun Euro finanziell ënnerstëtzt wäert ginn.

Duerch an duerch „upgecyclet“

Iwwert ee Joerzéngt eraus huet den Direkter Georges Kieffer Konferenze besicht, sech lénks a riets a queesch duerch d’Welt informéiert an immenst Häerzblutt investéiert, fir déi néideg Konsequenz am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft opzebréngen, sou datt hien elo stolz behaapte kann, datt sech all eenzelt Element um an am Gebai entweder biologesch zersetze léisst oder en alen Objet transforméiert an mat neiem Liewe gefëllt gëtt.

Esou baséiert de komplette BENU Village ob deklasséierte Schëffscontainer, déi mat enger Schicht aus Elefantegras, Kallek, Salz a Waasser, respektiv Miscanthus, Lehm a Schofswoll isoléiert sinn. De Lehm bannen un de Mauere gouf vun eegener Hand ausgegruewen a beschafft, ass antiseptesch a bréngt „ee fantastescht Klima“ an de Raum.

BENU

© Martine de Lagardère/moien.lu

An BENU Provisorium fënnt een aktuell de Buttek, an deem Kleedung vu Privatpersounen transforméiert an zu engem schmocken Unikat gemaach gëtt. Ob all Stéck huet een eng liewenslaang Garantie. Fir jiddwereen anzebanne sollen deemnächst och Iwwergréisste verkaaft ginn. Vu Kleedung, iwwert Kierf a Masken, bis hin zu klenge Spiller, Ënnerwäsch a Sëtzgeleeënheete fënnt een hei e faarwege Koup un Eenzegaartegkeet, Originalitéit a Kreativitéit.

Dës Stécker, déi ee schonn als Konschtwierk ka bezeechnen, ginn eng Etage driwwer an der Bitzstuff ugefäerdegt.

BENU

© Martine de Lagardère/moien.lu

Eco Village: Esou geet dat!

Zënter leschtem Summer lafen d’Aarbechte fir den Eco Village, direkt vis-à-vis. Et muss ee sengem Titel schliisslech gerecht ginn, an do geet ee Gebai eleng net duer. De Georges Kieffer hat sech zuelräich Projeten ugekuckt, mee et gouf ni déi néideg Konsequenz am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft, respektiv waren d’Container-Projeten net fir all Wieder a Joreszäite geduecht. Zu Esch wäert also en eenzegaartegt Konschtwierk entstoen, dat dem Quartier e frësche Charakter schenkt.

Um Terrain, deen d’Gemeng Esch zur Verfügung stellt, sollen e Restaurant, e Shop mat Naturweier an Terrass, ee Wantergaart, eng Plage, en normale Gaart a Fläch fir ze verlounen (natierlech just u Persounen an/oder Entreprisen, déi dem Konzept gerecht ginn), sou wéi eng Akademie entstoen.

BENU

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et hofft een, datt bis Enn des Jores de Zero Waste Restaurant seng Diere kann opmaachen. Um Menü wäerten da fantastesch Kreatiounen aus sougenanntem „Rescued Food“ entstoen. A jo, d’Ekipp huet sech laang berode gelooss, sou datt all Gesetzer an Hygiènesreegele respektéiert ginn.

Zudeem kënnt scho geschwënn e Container dobäi, deen an der Héicht opgestallt gëtt an de Späicher fir Hëtzt an Energie bilt. E weidere positive Punkt: De ganze Site gëtt u Persoune mat reduzéierter Mobilitéit ugepasst, sou datt een och mam Rollstull vun dësem Site profitéiere kann.

Dobäi kënnt de participativen Aspekt, bei deem Kënschtler a Privatpersounen duerch Coursen an d’Matgestaltung vum Eco Village abezu ginn. Wichteg wier et, erkläert de Georges Kieffer, datt een Ëmdenke bei der Bevëlkerung kënnt. Wat futti geet, kann ee vläicht nach anescht verwäerten. Et muss ee just déi néideg Kreativitéit an de Wëllen opbréngen.

BENU

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et braucht een déi richteg Partner

D’BENU-Ekipp ass houfreg, vertrauenswierdeg Entreprisen a Mataarbechter fonnt ze hunn, déi de Gedanke vun der Initiative verwierklechen. Esou ass et d’Firma Rolf Bau vu Wolz, déi duerch ee schnellt Ëmdenken, der Sich no Alternativen a Léisungen, sou wéi dem Verwierkleche vu speziellen Iddien iwwerzeege kann. Donieft sinn et déi kreativ Käpp vum Architektebüro frei(Raum), déi staark un der Konstruktioun bedeelegt sinn.

D’Aen hu geliicht an d’Erstaunen iwwert esou e groussen Äifer konnt een einfach net verbiergen, weder de Minister Fayot, nach d’Journalisten. Bleift ze hoffen, datt sech an Zukunft méi Entreprisen e Beispill un dësem Projet huelen, an datt ee generellt Ëmdenken a Saachen Upcycling entsteet.

Mir sinn allefalls gespaant wéi zéng Lastiker op dat finaalt Resultat!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zum BENU Village © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten BENU Village, Eco Village, Fränz Fayot, frei(Raum), Georges Kieffer, Geschäft, Kleedung, Konschtwierk, Kreeslafwirtschaft, Landwirtschaftsminister, Mandy Ragni, Miscanthus, Naturmaterialien, Rolf Bau, Rue d'Audun, Stad Esch, Upcycling, Visitt, Zero Waste Restaurant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel