Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten
https://moien.lu/park-min-young-and-lee-min-ho-dating/

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten

D’Marvel Serien op Netflix hu bei wäitem net ëmmer dee

https://moien.lu/things-to-talk-about-while-dating/
https://moien.lu/park-min-young-and-lee-min-ho-dating/

best dating sites for expats

Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz, déi duerch de Mord un

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde
https://moien.lu/park-min-young-and-lee-min-ho-dating/

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte

Berechtegt Fuerderung oder Hexejuegd?

CSV-Oppositiounsbriefing: Wann e Minister et ze bont dreift muss hie goen!

Berechtegt Fuerderung oder Hexejuegd?

Scho beim Empfang am Etat-Major vun der gréisster Oppositiounspartei war ze spieren, do kommen der zwee déi „geluede“ sinn. An tatsächlech sollten d‘CSV-Fraktiounspresidentin, Martine Hansen an de Parteipresident Frank Engel et beim éischten Oppositiounsbriefing „lafe loossen“.

An alle béid hunn dann och direkt däitlech gemaach wouhinner de verbalen Exkurs géif hiféieren. Si geheien der Regierung vun Arroganz bis „Mangel u Respekt an Transparenz“ villes vir an kënnen dat mat ganz valabelen Argumenter stëtzen. E Fait deen an éischter Linn dorops berout, datt dës Regierung sech mat de ville Froe vun den Oppositiounsbänk „schwéier“ deet.

Esou beispillsweis am Dossier Google. Bekanntlech huet sech d‘Regierung massiv engagéiert fir den Datenzenter vum US-Internetgigant op Lëtzebuerg ze kréien. Iwwer 30 Hektar si Google zu Biissen „organiséiert“ ginn, an hei wier et, esou d‘Martine Hansen, deels och schonn zu eppes méi „rabiate“ Verhandlunge mat de Grondbesëtzer komm. Woubäi dat net den Haaptproblem ass.

D‘CSV verlaangt nach ëmmer Opklärung iwwert den „Impakt“. Wéi héich ass de Besoin un Energie, wat ass mam Waasserverbrauch an, de Fall gesat de Projet géif um Enn net realiséiert ginn, gëtt et Verträg déi eng „Réckgab“ vun den Terraine virgesäit? Froen déi d‘Regierung de facto net Amstand ass ze beäntwerten, mee grondsätzlech vun ëffentlechem Interessi wieren.

Beim Ëmgang mat der Schwéngspescht schéngt, esou d‘Siicht vun der CSV, d‘Regierung och keng glécklech Hand ze hunn. Dëse Problem wier op emol „dréngend“ wonnert sech d‘Martine Hansen, déi drun erënnert, datt d‘Situatioun zanter dem Hiecht d‘lescht Joer bekannt ass. Et hätt ee Froe gestallt déi onbeäntwert bleiwen, dofir ginn elo awer Drénglechkeetsmoossnamen ergraff.

Iert et da „perséinlech“ ginn ass, huet d‘CSV-Fraktiounspresidentin nach „Wéi eng Strategie huet d‘Regierung?“ an de Raum gestallt. D‘CSV ass dann och verwonnert, wéi wéineg Minister sech um Krautmaart zur Froe-Stonn afannen. Dat hätt et an enger CSV-Regierung esou nach net ginn, an et freet sech op een hei net derbäi ass ee Paradigmewiessel an der Chamber ze implementéieren?

No un de Leit, wäit vun der Chamber?

No dëser Dissens-Iwwersiicht tëscht Oppositioun a Regierung, hu sech d‘Martine Hansen an de Frank Engel iwwert de grénge Minister fir Nohaltegkeet a Stroossebau, de François Bausch, hir gemaach. An do schéngt et eng Rei Dossieren ze ginn, bei deenen een erwaarde kéint, datt e Minister mam gudde Beispill virgeet. Leider wier deem net esou, an d‘Erklärung gëtt och dozou.

Esou gëtt drun erënnert, datt de François Bausch – deemools nach Deputéierten – 2013 a sengem Blog zimlech rabiat mam SREL ëmgesprongen ass, a Beschëllegunge geäussert huet, fir déi hien zweemol vum Geriicht veruerteelt gi wier. Wier hien nach Deputéierten, kéint hie laut dem Chambersreglement e „Blame“ ausgeschwat kréien, wat elo wou hie Minister ass, net méi dran ass.

An domatter net genuch. De Frank Engel ass zimlech veriergert iwwert dem Minister seng lescht „Amtshandlung“. Heibäi geet et ëm en därege Schantjen op der Hëttermillen (Juli 2018) wou et wéinst der Ëmleedung zu Accidenter komm ass, un deenen d‘Stroossebauamt net ganz onschëlleg wier. D‘Procureure hat de Ponts & Chaussées geroden hei e Geste ze maachen an ze entschiedegen.

Et ass richteg, datt hätten all déi geschiedegt „Reparatur“ verlaangt, et hei juristesch Suitte ginn hätt. U sech e banale Virgank, bis de François Bausch vun dësem „Echange de Vues“ Wand kritt huet, als zoustännege Minister fir d‘Stroossebauverwaltung virun de Won gesprongen ass, an der General-Procureure schrëftlech (per e-Mail) „Retenue“ géintiwwer senge Beamten ermahnt huet.

Dat ass eng däitlech Amëschung an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz, an sollt net eleng der CSV ze denke ginn. Huet et sech nähmlech tatsächlech esou virgedroen, wéi et vum CSV-President duergestallt ginn ass, géif et tatsächlech nëmmen eng Optioun: Récktrëtt. Dat wäert net geschéien, wat dem zolitten Ego vum Minister geschëlt ass, firwat ee seng Reaktioun kaum erwaarde kann.

Nohalteg wirtschaftlech wuessen

E weidere Sujet: déi geplangten Holzverbrennungsanlag an der Industriezon Lenzweiler. Hei soll eng Anlag opgeriicht ginn, déi eng Kapassitéit vun 80 Tonnen/Joer huet. Dat ass vill Holz. A wann u sech gewosst ass, datt esou eng Anlag eigentlech geduecht ass fir Holz-Offall ze verbrennen, freet ee sech wou et da soll hierkommen. Laut dem Frank Engel géife mir es net genuch produzéieren.

Dees net genuch, sinn d‘Buergermeeschter vu Klierf a Wëntger och géint d‘Installatioun vun dëser ominéiser Anlag. Déi hunn déi gréisste Bedenke wat d‘Ëmweltbelaaschtung betrëfft, well wie vun Offall schwätzt, mengt Holz dat chemesch impregnéiert, ugestrach oder soss mat geféierleche Stoffer behandelt ginn ass. Zudeem géif d‘Infrastruktur vun der Industriezon et net Zouloossen.

Fir den CSV-President kënnt nach derbäi, datt dëse Projet keng wirtschaftlech Plus-value duerstellt. A ganz Europa gëtt et keng Holzverbrennungsanlag déi profitabel wirtschafte géif. Firwat also de Leit an de Gemengen hir Suergen net eescht geholl ginn, wann et sech souwisou net rentéiert, dat géif d‘CSV brennend interesséieren. Bei der Steewollfabrick war ee jo och „konsequent“.

Wéi ee gesäit, an der CSV-Fraktioun huelen si „Oppositioun“ eescht a paken och déi däreg Dossieren un. Den Oppositiounsbriefing soll dann och reegelméisseg ofgehale ginn. Während d‘Kollege bedaueren, datt déi „wëchentlech Kaffi-Croissant Sessioun“ entfält, freeë mir eis op de politesche Schlagaustausch, deen eis vu Partei a Fraktioun nach wäert gebuede ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CSV, CSV-Fraktioun, CSV-Oppositiounsbriefing, François Bausch, Frank Engel, Martine Hansen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel