Search

You may also like

money
Den Aarbechtsminister an der Defensiv
International Neiegkeeten Stories

Den Aarbechtsminister an der Defensiv

Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech

Ee Joerzéngt Porn Queen – „MANTRA“ mécht Loscht op méi!
International Neiegkeeten Stories

Ee Joerzéngt Porn Queen – „MANTRA“ mécht Loscht op méi!

Wann een den 10. Gebuertsdag schonn net grouss feiere kann,

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
International Neiegkeeten Stories

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

Berg-Karabach: Wat sech alles hannert dem Konflikt verstoppt (Analys)

Berg-Karabach: Wat sech alles hannert dem Konflikt verstoppt (Analys)

Wann sech zwou éischter kleng Natiounen an den Hoer leien, stinn hannendrun oft eppes gréisser Muechten, déi un de Ficellen zéien. Am Konflikt ëm d‘Regioun Berg-Karabach ass dat keen Deit anescht: Russland an d‘Tierkei loossen hei zanter Joerzéngten hiren Afloss gelten. Aner Länner a ganz besonnesch déi Europäesch Unioun huet do wéineg ze radetten.

De Konflikt tëscht Armenien an dem Aserbaidschan huet en neit Ausmooss ugeholl: zanter dem Sonndegmuere gëtt nees openaner geschoss. Sécher déi an den 90er Jore vereenbaarte Wafferou gouf ëmmer nees gebrach an 2016 koum et zu gréisseren Ausenanersetzungen, mee esou wéi elo grad, war et laang net méi, an dat sollt déi international Gemeinschaft schonn eppes beonrouegen.

Op quasi dem ganze Verlaf vun der Grenz gëtt et zanter gëschter militäresch Operatiounen. Et sinn nees, nieft den Zaldoten och Zivilisten ënnert den Affer ze bekloen. D‘Haaptstad vu Berg-Karabach, Stepanakert war och d‘Zil vun der aserbaidschanescher Artillerie. Interessant an dësem Konflikt, de Fait, datt et sech säit Wochen ugekënnegt huet, mee sech wéi esou oft keen dofir interesséiert huet.

Scho Mëtt Juli haten sech d‘Armenier an d‘Aserbaidschaner eppes nërdlech vun eigentleche Gebitt, mat Artilleriebeschoss openaner ofgestëmmt. Och heibäi goufen Zaldoten an Zivilisten ëmbruecht. Du gouf et kuerzfristeg nees eppes méi roueg, woubäi béid Säite vill Manöver ofgehalen hunn, wuel fir sech géigesäiteg ze beandrocken. Och rhetoresch a symbolesch gouf mam Säbel gefuchtelt…

Net aus eegener Kraaft

Wann et duerchaus stëmmeg ass, datt d‘Regioun Berg-Karabach eigentlech um Territoire vum Aserbaidschan geleeën ass, an d‘Armenier quasi als Besatzungsmuecht ze betruechte sinn, esou kann een d‘Republik Aserbaidschan och als Diktatur bezeechnen, déi den Ilham Alijew 2003 vu sengem Papp verierft krut. A well den Aserbaidschan islamesch ass an iwwer grouss Pëtrolsreserve verfüügt, kann sech Baku op déi bridderlech Ënnerstëtzung vun der Tierkei verloossen.

De Sultan Recep Tayyip Erdogan, dee säi Plang vun engem neien osmanesche Räich och wëll an d‘Realitéit ëmsetzen, huet ni en heel dorausser gemaach, datt hien d‘Armenier net leide kann. Hie bestreit zudeem och weiderhin, datt d‘Tierkei am éischte Weltkrich e Genozid un den Armenier ausgeüübt huet. Esou verwonnert et net, datt Ankara mat erhiefleche Virwërf géintiwwer Eriwan optrompt an dem turksproochegen Aserbaidschan säi Bäistand bei dësem Konflikt zougesot huet.

Militäresch Hëllef ass dann och an de leschte Woche geleescht ginn: den tierkeschen Etat-Major war zu Baku, wou ee gemeinsamt Militärmanöver organiséiert gouf, dat an der aserbaidschanescher Enklav Nachitschewan – eng eigentlech Autonom Republik – stattfonnt huet. An zur Stonn ass dann och net gewosst, op sech déi tierkesch Zaldoten nees verzunn hunn. Et soll Pläng ginn, laut deenen Ankara sech zur Erriichtung vun tierkesche Militärbasen an Nachitschewan entschloss hätt.

Russesch Sécherheetszon

Hei muss een dann och wëssen, datt et scho méi laang militärstrategesch Accorden tëscht der Tierkei an dem Aserbaidschan huet, dozou gehéiert d‘Zousécherung vum géigesäitege Bäistand, och wann sech d‘Tierkei laang Zäit militäresch an diplomatesch an Zeréckhaltung geüübt huet. Dat awer virun allem aus Récksiicht op d‘Russen, déi de Südkaukasus als Sécherheetszon beusprochen.

Zudeem muss drop higewise ginn, datt Moskau den Ament weder bei den Armenier an schonn emol guer net bei den Aserbaidschaner beléift ass. Dat ass dem Fait geschëlt, datt Russland zanter Joren, béid Konfliktparteie mat Waffe beliwwert. Dobäi ass Russland ganz offiziell d‘Schutzmuecht vun Armenien. Dausende russesch Zaldoten a Grenztruppe sinn an Armenien stationéiert ginn.

Am Kontext vun der russesch geleeter „Organisatioun fir kollektiv Sécherheet“ (ODKB) gëtt et eng mat der NATO vergläichbar Bäistandsklausel, woubäi dës net fir d‘Regioun Berg-Karabach gëllt an déi russesch Militärbasen sech Abseits der Konfliktregioun befannen, mee trotzdeem ganz no un der tierkescher Grenz geleeë sinn. Esou war ee sech wärend de Manöver scho „ganz no“ komm.

Wärend elo awer Ankara ëmmer méi offensiv virgeet, setzt Moskau op d‘Diplomatie a beméit sech Armenier an Aserbaidschaner un de Verhandlungsdësch ze kréien. Den ongeléiste Konflikt notzen d‘Russen zwar, fir hiren Afloss an der Géigend oprecht ze erhalen, mee bei engem oppene Krich kéint Russland séier d‘Kontroll verléieren, wat den Iraner an och de Chinese kéint geleeë kommen.

Wat diplomatesch machbar ass

Am Sträit tëscht Armenien an Aserbaidschan fëllen d‘Russen een diplomatesch Lach, datt d‘USA an d‘EU opgelooss hunn. Bannent der OSZE hu Washington, Moskau a Paräis hunn d‘Leedung vun der „Minsk Grupp“ iwwerholl, déi zanter der vereenbaarter Wafferou Ufank den 90er Joren den Optrag huet, een nohalteg Fridden ze vermëttelen. Mee wéi et esou ass, keng vun de Vereenbarunge wéi beispillsweis d‘Madrid-Prinzipie vun 2007, si jeemools vun de Parteien ëmgesat ginn.

D‘Armenier hunn dës Zäit genotzt fir a Berg-Karabach Fakten ze schafen. Mëttlerweil ass esouguer eng drëtt Verbindungsstrooss an d‘Regioun geplangt ginn. Zu Baku ass een entspriechend veriergert well et net méiglech ass, seng Souveränitéit iwwert ee Gebitt an de vëlkerrechtlech bestëmmte Grenzen auszeüben. Woubäi een hei muss preziséieren, datt och d‘Fro vun der Sécherheet vun der armenescher Bevëlkerung bis haut net gekläert konnt ginn. Eng Fro vun héchster Importenz…

Mëttlerweil huet den Diktator Ilham Alijew säin Ausseminister a Verbindungsmann mat der Minsk Grupp entlooss an d‘Verhandlungsformat als gescheitert erkläert. D‘USA a Frankräich géifen och vun der armenescher Diaspora beaflosst. Den aserbaidschanesche Staatschef denoncéiert zudeem d‘Waffeliwwerungen un Armenien. Fir den Ament ass den oppene Konflikt nach op de Grenzverlaf begrenzt, an et gëllt ofzewaarden, ob Ankara sengem Schützling zu Verhandlunge réit…

Illustratioun: © Jay Rembert / unsplash

Annex:

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Europarot, Krichszoustand, ODKP, OSZE, Russland, Tierkei
Next post Previous post