Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berlin wëll en däitschen EU-Kommissiounspresident
Meenung

Berlin wëll en däitschen EU-Kommissiounspresident

Laut der däitscher Zeitung „Handelsblatt“ wëll d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, datt

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch
Meenung

Brexit: Spuenien mat engem Erpressungsversuch

De spuenesche Regierungschef, huet gëschter gewarnt, beim aussergewéinlechen EU-Sommet, wou

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht
Meenung

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht

De Studio hannert der mythescher US-Sendung Sesame Street ass net

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?

Editorial: Ass eng Berichterstattung net erwënscht?

Gëschter war, wéi ech et grad aus der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek enthuelen, zu Esch Uelzecht déi éischt Sëtzung vum Gemengerot ënnert der Leedung vun der „neier“ Koalitioun. Elo ass jo net esou, wéi wa mir eis net beméit hätten, dëst Joer iwwer Esch an säi Gemengerot ze Informéieren, invitéiert dozou si mer jo awer ginn.

Eng Informatioun an d‘Matdeelung iwwert d‘Dagesuerdnung, ass eis elo awer fir d‘Seance vum 24. November net zoukomm. Mir hunn also elo keng Detailer (aus éischter Hand) iwwert de Koalitiounsprogramm erhalen, an och soss net wierklech Anung wat an der Minettemetropole, ausser dem Chrëschtmaart wierklech Wichteges lass ass.

Dobäi kann ech mech beim beschte Wëllen net entsënnen iwwert d‘Strengt geschloen ze hunn, an wann et deem esou gewiescht wier, dierf ech drun erënneren, datt ech als Journalist als éischt mengem Gewëssen an dann dem Lieser Verflicht sinn. Sécher dat ass elo eng Ausso déi deene Leit déi meng Pai zesummebrénge mussen, elo och nees Suergefalen op d‘Stir bréngt, mee esou ass et awer nu emol.

Am Lëtzebuerger Wort ass ze liesen, datt de Georges Mischo „eng Stad fir jidderee wëll“ an där verschidde vun der vireger Koalitioun ugeléiert Projete sollen ëmgesat ginn. Zudeem soll et méi Schoulen a méi Kultur ginn, firwat sech entscheet gi wier, de fréiere Kino „Ariston“ ze kafen. D‘Mobilitéit soll verbessert ginn, méiglecherweis och de „Rufbus“ agefouert ginn.

Schéin, ech hätt datt dann awer scho gären op der Plaz mat eegenen Oueren héieren. Anscheinend hat esouguer déi fréier Buergermeeschtesch, elo Spëtzt vun der Escher Oppositioun, och Wëssenswäertes bäigedroen. Virwëtzeg war ech och wat dann de roude Separatist Dan Codello, deen als „Onofhängegen“ am Gemengerot siegéiert ze soen hat.

Bon gutt dann, vläicht wëll een jo och net datt ech do nolauschteren, mee do hunn se mat mir dann awer elo keng Freed, Gemengerotssëtzunge sinn ëffentlech, an als Escher Bierger a Journalist missten se mech da scho mat der Police aus dem Sall droen.

Natierlech kéint sech dat ganzt och am „Stream“ ukucken, mee ech sinn do iergendwéi „old school“ a well ech ewell weess datt et e Freideg eng nei Ronn gëtt, wäert ech dann emol op der Plaz nofroen, aus wéi engem gudde Gronn een et virzitt mech „erauszehalen“. Mee wahrscheinlech kréien ech da just erkläert, datt d‘Mailadress vun eiser Redaktioun am Summer „verluer“ gaangen ass.

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Gemengerot, Georges Mischo, Vera Spautz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel