Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Sécherheetsrot: China a Russland setzen hir Veto an
International Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: China a Russland setzen hir Veto an

Den UN-Sécherheetsrot (UNSC) gëllt eigentlech als dee mächtegste Gremium vun

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!
International Neiegkeeten

Russland: Eng Katastroph déi ignoréiert gëtt!

Sibirien ass wonnerschéin a wäit entleeën, huet et wéinst de

De Gesetzprojet 7049, erkläert
International Neiegkeeten

De Gesetzprojet 7049, erkläert

Gëschter hat den OGB-L eng Demonstratioun géint de Gesetzprojet 7049

Berlin enthüllt „Exit-Covid19“ Strategie

Schrëttweis an ouni eppes ze iwwerstierze well d‘Angela „Mutti“ Merkel nees zur Normalitéit kommen

Berlin enthüllt „Exit-Covid19“ Strategie

Nodeems sech d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner beroden huet, gouf de schrëttweise „Retour zur Normalitéit“ verkënnt. Ab dem 20. Abrëll sollen eenzel Geschäfter ënner Oplagen nees dierfen opmaachen an de Schoulbetrib soll ab dem 4. Mee nees progressiv opgeholl ginn. Mindestofstand a Versammlungsverbuet ginn nach bäibehalen…

Däitschland hätt en zerbriechlechen Erfolleg ze verzeechnen, esou d‘Angela Merkel mat eeschter Minn, an et wier wichteg, datt sech d‘Bierger am Land bewosst ginn, datt si esoulaang wäerte mam Coronavirus Covid19 musse liewen, bis et en Impfstoff gëtt, deen eis vun dëser Plo befreit. Et ass also d‘Infektiounskrankheet, déi den Zäitplang wéi och d‘Begleetmoossname wäert bestëmmen.

Et ass also en eruntaaschten u „méi ëffentlecht Liewen“, firwat d‘Bundeskanzlerin insistéiert, datt och weiderhin de Mindestofstand vun annerhallwem Meter agehale gëtt, an ee sech och nëmme mat Membere vum eegene Stot oder maximal enger weiderer Persoun am Fräien dierf ophalen. No Éisträich an Dänemark, wëllen sech dann och eis däitsch Nopere vum Lockdown emanzipéieren.

Gëeenegt hu sech Bund a Länner datt ab e Méindeg 20. Abrëll Geschäfter mat enger Verkafsfläch vu bis zu 800 Quadratmeter ënner Oplagen nees dierfen hir Dieren opmaachen. Ab dem 4. Mee soll dat dann och fir Coiffeurssalone gëllen. Iwwer weider Schrëtt, respektiv „Upassungen“ vun de scho getraffe Mesuren, wëll sech d‘Bundeskanzlerin mat de Bundeslänner den 30. Abrëll ofschwätzen.

Eng ongewëss Entspanung

De sozialdemokratesche Finanzminister Olaf Scholz huet sengersäits drop higewisen, datt et ee laangen a beschwéierleche Wee ass, deen nëmme bewältegt ka ginn, wann et Däitschland geléngt säi wirtschaftlecht a soziaalt „Liewen“ un d‘Infektiounskrankheet upasst. Hie stellt fest: „Mir bewegen an eng nei Normalitéit“, esou de Sozialist, deen Aemooss an Zouversiicht fuerdert.

BerlinEng Maskeflicht aféieren – wann et där net an ausreechendem Mooss gëtt – ass natierlech Quatsch, an awer réit d‘Angela Merkel, datt fir ee bessere Schutz, zum Beispill beim Akafen oder an den ëffentlechen Transportmëttel, eng sougenannt „Alldagsmask“ sollt zur Regel ginn. Eng Maskeflicht wéi an Éisträich soll et awer net ginn. Woubäi do nees d‘Meenungen zimmlech ausenaner ginn…

Fir de Ministerpresident Markus Söder aus Bayern, ass et scho politesch net méiglech d‘Virschléi vu Berlin 1:1 ze iwwerhuelen. Hie gesäit d‘Empfeelung eng Mask unzedoen éischter als „Gebuet“ woubäi och hien net weess wou d‘Leit déi Maske sollen hierhuelen. Och bei de Schoulen, huet de Söder, eng differenzéiert Siicht. Dat ass méiglech, well et zur Kompetenz vun de Länner gehéiert.

Gott ass allgéigewäerteg…

Hei sollen d‘Schoulen dann och eréischt ab dem 11. Mee nees operationell ginn. Anescht wéi dat vun anere Bundeslänner an och an Dänemark gemaach gëtt, sollen als éischt d‘Abiturienten, also d‘Ofschlossklassen untrieden. Crèchen, Spill- a Primärschoule sollen dogéint zou bleiwen. Et ass esou gesinn, bei eisen Nopere wéi an Europa: Jidderee mécht eppes anescht an dat soll ee verstoen.

Interessant och d‘Entscheedung, bis op weideres all reliéis Feierlechkeeten an Déngschter ofzesoen. Gutt dat wier nach net an der Finalitéit mat de Kierchemänner (vun alle Reliounen) gekläert, mee d‘Bundeskanzlerin huet verséchert, datt ee nach bis zum Weekend mat Gottes-Vertrieder op Äerden wëll Diskutéieren. Gott, Allah oder Jahve – sicht iech ären eraus – maache weider Homeoffice…

An apropos „Gott“… laut dem Aktuelle Stand sinn all Groussveranstaltunge bis inklusiv dem 31. August ënnersot, an hei dierft de Schlag besonnesch d‘Fussballfans haart treffen. Mee och déi esou beléifte Festivaller an aner gréisser Evenementer si bis dohinner Tabu. Konkret Reegelen awer, wéi d‘Gréisst vun engem Event deen zoulässeg wier, dat mussen d‘Bundeslänner selwer entscheeden.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Kev Seto / unsplash

Annex: D‘Kris nohalteg iwwerwannen – Leopoldina

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Coronavirus, Covid19, Däitschland, Exit-Covid19, Exit-Strategie, Olaf Scholz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel