Search

You may also like

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf
Neiegkeeten

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf

En Dënschdeg waren de Premierminister Xavier Bettel an de Landwirtschaftsminister

surprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…
Neiegkeeten

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…

Vill zefridde Gesiichter huet et e Freideg am Nomëtteg ginn,

Fréiere Beruffssportler wëll Berlin op Lëtzebuerg huelen

Fréiere Beruffssportler wëll Berlin op Lëtzebuerg huelen

De Benoît Joachim, DP-Kandidat bei de Chamberwahle vun 2009, schéngt vum Coronavirus net wierklech iwwerzeegt ze sinn, an huet un der Demonstratioun „Stuerm op Berlin“ deelgeholl. Et kann ee mat him elo averstane sinn (oder och net), mee et sollt ee senger couragéierter Positioun scho Rechnung droen.

Well d‘Medie jo gréisstendeels staatlech gesteiert sinn an zuweilen d‘Wourecht net méi vertrieden (Ligepress) huet sech och de fréiere Vëlos-Profi emol fir unzefänken an de sozialen Netzwierker, besonnesch op senger Facebooksäit, zur Initiativ „Queerdenken 711 – Stuttgart“, vum Michael Ballweg (Grënnungsmember) bekannt an ugedeit, datt hien sech esou ee Mouvement och bei eis virstelle kann. Fir säi Post huet hien esouwuel Zoustëmmung erhale wéi och Kontra gebuede kritt.

Benoît

© Benoît Joachim/Facebook

Datt de Benoît Joachim duerchaus d‘Recht huet, déi vum Michael Ballweg a senge Matstreider vertruede Positioun am Bezuch op d‘Reglementéierung zur Andämmung vun der Covid19-Pandemie ze deelen, ass dann elo och net de Punkt iwwert dee sech déi meescht vu senge kritesche Follower ausgelooss hunn. Och de Fait, datt ee géint Maskeflicht an eng méiglech Impfung ass, kann a sollt een him am Kontext vun Toleranz an demokratesche Fräiheeten net virwerfen.

Wou et dann allerdéngs nees muss eppes méi kritesch Téin ginn, ass wann ee sech op dësem jo awer eigentlech ganz verstännege Mann seng Aussoen zur Demo „Stuerm op Berlin“ bezitt. Esou behaapt de Sportler, datt hien net op enger Demonstratioun vu Rietsextremisten deelgeholl hätt, an ënnert den „1 Millioun Demonstranten“ keng Nazien oder soss faschistesch orientéiert Aktiviste gewiescht wieren. Wien dat behaapt géif vun enger anerer Demonstratioun schwätzen, esou d‘Ausso…

BenoîtHier wënscht sech, datt d‘Leit sech besser géifen informéieren, a post da leider ee Video vun engem zimmlech erfollegräiche YouTube-Influenzer, dem Samuel Eckert, dee regelméisseg vun de Kolleege vum Netzwierk „Correctiv“ no alle Reegele vun der Konscht auserneegeholl gëtt. Och dëse Mann, fënnt seng Unhänger an éischter Linn am rietse Gesellschaftsspektrum, wat schonn a gewësser Mooss, och fir e bekennenden Demokrat eigentlech e Grond fir Zweiwel sollt sinn.

Zu de Fakte gehéiert dann och, datt egal wéi fest sech de Benoît Joachim op seng Millioun Demonstrante berifft, et därer guttwëlleg eng 40.000 kënne gewiescht sinn. Fakt ass och, egal wéi vehement sech den Organisateur Michael Ballweg vum „Tëschefall“ virum Reichstag distanzéiert, hie jo awer spéitstens zanter der Demo ënnert dem Motto „Dag vun der Fräiheet“ muss gewosst hunn, wien sech hei an dat richtegt Liicht ze setze wéisst. (Gutt erkläert vum „Volksverpetzer“)

BenoîtAn wann een, wéi dat och an enger fräiheetlecher Gesellschaft soll de Fall sinn, dem Benoît Joachim weder d‘Recht um Deelhuelen un der Demo zu Berlin, nach d‘Recht esou eng Demo zu Lëtzebuerg ze organiséiere soll an dierf ausrieden, esou muss hie wëssen, datt wann ee mat Faschisten zesummen demonstréiert oder dësen erlaabt sech – vläicht aus anere Grënn – unzeschléissen, een dësen eng Bühn bitt. Dat ka jo awer net dem Benoît Joachim seng Absicht sinn.

Related topics Benoît Joachim, Covidioten, Michael Ballweg, Queerdenken, Rietsextremismus, Stuerm op Berlin
Next post Previous post