Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikemoney
Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
International Neiegkeeten

Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht

Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen
International Neiegkeeten

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt,

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview
International Neiegkeeten

Jonk an talentéiert: d’Kart-Pilotin Zoé Knebler, een Interview

17 Joer jonk a schonn e grousst Zil virun Aen.

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Et geet zum Rescht: d‘Kanzlerin Angela „Mutti“ Merkel preparéiert den Ofschid

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi hir vun Däitschland zougedroe goufe keng Bedeitung zougemooss, sech vum Junior aus Bavaria virféiere gelooss, a muss sech elo awer agestoen, datt et eventuell dat bescht wier, d‘Verantwortung weiderzereechen.

Sécher ass, hir Muecht muss si elo deelen. Mat der Deklaratioun, datt si net méi fir de Parteivirsëtz Kandidéiere wëll, an no dëser Mandatsperiod och kee politescht Amt méi bekleede wäert, huet si zumindest d‘Palaisrevolutioun verhënnert. Si zitt sech also elo schrëttweis zréck, während der vill ob en direkten Ofgang gehofft haten. Geet dem Angela Merkel seng Rechnung op?

Et ass u sech scho verwonnerlech, datt et grad d‘Angela Merkel (CDU) ass déi den éischte Schratt a Richtung „Sortie“ mécht. Och déi aner Parteicheffen: den Horst Seehofer vun der „Schwësterpartei“ CSU an d‘Andrea Nahles (SPD), maachen alles wéi just keng gutt Figur, a sinn hirem „politeschem Enn“ méi no, wéi et hinne léif ass. An awer ass et d‘Mutti déi mam gudde Beispill virgeet.

Méi Cabaret wéi Regierung

Zanter Woche gäert et zu Berlin, an datt et nach esou eppes wéi eng GroKo gëtt, verwonnert och Experten. Eigentlech, zumindest ënner Berécksiichtegung vun der Tatsaach, datt den Horst Seehofer, deen zesumme mat senge Krounprënz, Markus Söder, fir dat schlechtste Wahlresultat vun der CSU a Bayern verantwortlech ass, hätten anere missen den éischte Schratt maachen.

Et hätt och der politescher Logik entsprach, wann de 69 järege Bayer, als éischten d‘Blat gebotzt hätt. Mee den Horst Seehofer hat scho mat Widderwëllen d‘Mandat als Ministerpresident weider gereecht… An op där aner Säit: d‘Andrea Nahles. D‘SPD-Parteicheffin, déi hir Basis ëmgestëmmt kritt hat, an d‘Partei an d‘GroKo gezwongen huet, begréisst eng historesch Néierlag no der anerer.

Zu Berlin gëtt hannert virgehalener Hand behaapt, datt wann sech net séier eppes an der Koalitioun deet, déi iwwer 100 Joer al SPD – ëmmerhin emol eppes wat een als „Vollekspartei“ bezeechent huet – op Bundesniveau geschwënn nach just Eestelleg ass. Berécksiichtegt een d‘Aart a Weis wéi d‘Andrea Nahles géint de Martin Schulz intrigéiert huet, sollt sech d‘SPD „ouni“ erneieren.

Zréck zum eigentlechen: d‘Merkel

E Méindeg, am Kader vun eppes wat ee nëmme bedéngt als „Wahlanalys“ bezeechne kann, huet d‘Angela Merkel géintiwwer de Medien erkläert, datt si sech am Dezember net méi als Kandidatin fir de Parteivirsëtz presentéiert an sech no 2021 ganz aus der Politik wäert zréckzéien. Dobäi huet d‘CDU mam Volker Bouffier, d‘Wahlen a Hessen, knapp mee awer „gerett“.

Dat ass et um Enn dann och net, wat entscheedend ass, och grad well et engem esou wëll verkaf ginn. D‘Wahlen si mat Sécherheet vun der allgemenger Bundespolitik beaflosst ginn, mee datt sech Mutti elo entscheet huet hire schrëttweise Récktrëtt ze annoncéieren, muss een der chaotescher Politik bannent der GroKo zouschreiwen. Eng Koalitioun, déi esou kee wollt… net eeschthaft.

Elo huet d‘Kanzlerin och erkannt, datt hie Autoritéit net nëmmen a Fro gestallt, mee ganz kloer ugezweiwelt gëtt. D‘Angela Merkel seet: „D‘Regierung muss eng nei Aarbechtskultur fannen, eng déi d‘Leit net ofstéisst“. Si huet och gemengt, datt een en Ament misst a sech goen, an d‘Resultat dovunner, wier eben de Verzicht op Parteivirsëtz an de Réckzuch aus de Politik bei Mandatsenn.

Wann een ze laang waart…

D‘Angela Merkel mécht also de Wee fräi fir deng Erneierung vun der CDU. Woubäi een der Bedeitung vum Wuert „Erneierung“ net ze vill Erwaardung zoudroen dierf. Et ass awer schonn eppes méi laang esou, datt sech déi Konservativ froen, op et mat der Cheffin nach Walen ze gewanne gëtt. En éischten Hiwäis war „d‘Pensionéierung“ vum Fraktiounschef Volker Kauder.

Spéitstens hei muss och dem Angela Merkel kloer gewiescht sinn, datt d‘Equipp net méi geschlossen hannert hir steet. No 18 Joer un der Spëtzt vun der CDU, dovunner 13 Joer Bundeskanzlerin, ass et sécherlech kee Feeler un d‘Pensioun nozedenken. Si seet vu sech selwer, datt si hir Entscheedunge bis heihinner ni bereit huet, mee vill mengen datt et Zäit gëtt ze goen.

An d‘Kanzlerin geet, esouvill ass sécher. Si geet awer lues, ouni Hetz an bleift esou Verantwortlech fir alles wat do kënnt. Well den Ament beschäftegt de Bierger virun allem d‘Fro: kann déi grouss Koalitioun ënnert dëse Viraussetzunge weidergefouert ginn? Wann d‘Angela Merkel bis 2021 am Amt bleiwe wëll, muss se weidergefouert ginn. Et dierft awer ganz schwéier ginn.

Am Hannergrond ginn d‘Messer gewetzt

Stellt sech nach d‘Fro, wien d‘Nofolleg vun der Physikerin kann iwwerhuelen. Do wier déi nei Generalsekretärin Annegret Kramp-Karrenbauer, déi aus hiren Uspréch kee Geheimnis mécht. Mee och de Gesondheetsminister Jens Spahn, fillt sech „beruff“. Dat ass gewot, well si hunn allebéid kee Netzwierk, kee Réckhalt a si keng parteiintern „Hausmuecht“.

Wann d‘Annegret Kramp-Karrenbauer schonn e bëssi eppes Opweises huet, esou wier de Jens Spahn gutt beroden, sech emol als Minister um Regierungsdësch ervirzedoen. An da gëtt jo och nach all déi aner Krounprënzen a Krounprinzessinnen: Armin Laschet, Ralph Brinkhaus, esouguer de Wolfgang Schäuble sollt een net ausschléissen, an d‘Julia Klöckner ass och „beléift“.

Déi beschte Chance ginn dem Annegret Kramp-Karrenbauer zougerechent. Dem Jens Spahn oder esouguer engem Friedrich Merz wëll e wéineg Hoffnung maachen. Béid si „Kritiker“ vun der Kanzlerin a ginn net als „Teamplayer“ ageschat. Et ass awer net esou, datt d‘Angela Merkel sech hire Nofolger wäert eraussichen. Si weess, datt esou Entscheedungen ëmmer e schlecht Enn hunn.

Affär a suivre…

mat AFP an Indymedia

Foto: D‘Angela Merkel, vun der FDJ-Aktivistin zur Bundeskanzlerin, Nofolgerin vum Helmut Kohl a scho ganzer 18 Joer un der Parteispëtzt. Et geet elo duer, an dat schéngt déi studéiert Physikerin elo och iergendwéi matkritt ze hunn. Mee si wëll bis 2021 bleiwen, wat nëmme geet, wann d‘GroKo esoulaang hält. © Markus Heine/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Berlin, CDU, CSU, Däitschland, GroKo, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel