Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun
International Neiegkeeten

45. US-President hält Ried zur Lag vun der Natioun

Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer

D’Expo 2020 Dubai ëm ee Joer verréckelt
International Neiegkeeten

D’Expo 2020 Dubai ëm ee Joer verréckelt

Zënter Wochen hunn d’Organisateure Diskussioune gefouert, elo steet et fest:

Weltwirtschaftsforum: Kee kann sech selwer esou luewe wéi den Donald Trump
International Neiegkeeten

Weltwirtschaftsforum: Kee kann sech selwer esou luewe wéi den Donald Trump

Si hunn him d‘Erëffnungsried iwwerlooss an den Donald Trump huet

Berlin a Peking hu Gespréichsbedarf

Däitschland setzt Ausliwwerungsofkommes mat China, wéinst verluechte Parlamentswahlen aus

Berlin a Peking hu Gespréichsbedarf

Nodeems den däitschen Ausseminister Heiko Maas an enger Stellungnam kloer gemaach huet, datt Däitschland bis op weideres d‘Ausliwwerungsofkommes mat China géif aussetzen, dat well et an der Kausa „Hong Kong“ ënnerschiddlech Usiichte gëtt an elo och nach d‘Parlamentswahlen an der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun verluecht goufen, ass d‘Stëmmung eppes Gereizt.

An esou verwonnert et net, datt et säitens der chinesescher Ambassade zu Berlin Kritik gëtt. De Shi Mingde, zanter 2012 Ambassadeur an Däitschland, verstéisst Däitschland mat dëser Decisioun géint internationaalt Recht. D‘Regierungscheffin vun Hong Kong, Carrie Lam, werft dem Heiko Maas vir sech a Saachen anzemëschen, déi hien näischt géifen ugoen. A ganz falsch ass dat jo elo och net.

Mee Hong Kong ass generell ee sensibelt Thema. Sanktioune wëll Berlin net ënnerstëtzen, dofir ass China einfach ee vill ze gewiichtegen Handelspartner, a bezunn op déi opkommend Wirtschaftskris – Däitschland verzeechen den Ament eng Baisse vum BIP vun 13% – wäert sech Däitschland hidden de „Panda ze këddelen“. Dat verhënnert net, datt een den Thema politesch verwäerte wëll.

Fir d‘Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun am Bundestag, Gyde Jensen (FDP), war dës Decisioun iwwerfälleg an déi liberal Politikerin bedauert, datt et hei um politesche Courage feelt, méi konsequent Moossnamen ze ergräifen. Si hätt gären, datt d‘Bundesregierung all Mëttel asetzt, fir déi chinesesch Regierung zum anhale vun hire vëlkerrechtleche Verflichtungen ze zwéngen.

Berlin

Datt esou eng Fuerderung grad vun där Partei ausgeschwat gëtt, déi eigentlech d‘Interesse vun all den Entreprise vertrëtt, déi an de leschte Joerzéngten – a bis haut – hir Produktioun massiv a China verlagert hunn, jo net emol ee Problem domadder huet, datt Volkswon (Traditioun verflicht) hei d‘Produktioun mat uigureschen Zwangsaarbechter oprecht erhält, dierf ee verwonneren.

Hei muss elo nees séier relativiséiert ginn. Och bei der FDP fënnt sech keen dee sech fir Sanktioune géif ausschwätzen. De Virstouss vum Gyde Jensen huet esouwuel eppes mat hirem Virsëtz vun der Mënscherechtskommissioun ze dinn, wéi och der Noutwennegkeet, der Partei eppes Visibilitéit ze verschaffen. Fakt ass, datt Däitschland kee Ausliwwerungsofkommes mat China huet.

Weder Auslänner nach däitsch Staatsbierger gi China iwwerstallt, net emol Macao – eng weider Sonnerverwaltungsregioun – huet esou en Ofkommes mat Däitschland gehat. Mat Hong Kong huet et esou en Accord ginn, mee de bezitt sech nach op déi al brittesch Krounkolonie, an gouf einfach weidergefouert. Et ass net bekannt, datt et an de leschten 20 Joer zu Ausliwwerunge komm ass.

Et geet bei dësem „politesche Geplänkels“ an éischter Linn emol drëms, den Androck ze erwächen, datt een sech der allgemenger Stëmmung uschléisst, an d‘Demokratie vun Hong Kong verdeedege wëll. Mee Hong Kong ass wäit ewech, deene meeschten Däitschen ass et esou eppes vun egal a Mënscherechter mussen sech och bei eisen Noperen de Wirtschaftsinteressen ënnerwerfen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Igor Son / unsplash

Ähnlech Sujeten Ausliwwerungsgesetz, Berlin, FDP, Gyde Jensen, Heiko Maas, Hong Kong, Peking
Nächsten Artikel Virrechten Artikel