Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
International guardian angel dating agency

is my hookup jealous

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

rodney dangerfield blind dating
International guardian angel dating agency

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien
International guardian angel dating agency

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher

D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin mat hirer „Koalitioun“, dann awer nach zu enger Entscheedung an der Kausa „Maaßen“ duerchgerongen. De fréiere Chef vum Verfassungsschutz, sollt no enger éischter Decisioun zum Staatssekretär befërdert ginn. Dowéinst huet zolidd Kritik ginn, an et huet missen zréckgeruddert ginn.

55 Joer al, war den Hans-Georg Maaßen déi lescht Woch vu senger Funktioun enthuewe ginn. Hie konnt seng Affinitéiten zur rietsextremer Zeen, wéi och säi „gutt Verhältnis“ zur AfD net wierklech verleegnen, an war och generell seng Aufgab net gewuess.

De Posten als Staatssekretär kritt den CDU-Politiker dann elo net, mee den Heemecht- an Inneminister Horst Seehofer (CSU) hält d‘Hand iwwert de fréiere Verfassungsschützer, a gëtt dem Hans-Georg Maaßen elo den Posten als Sonner-Representant fir bannenzeg Sécherheet. Dës nei Funktioun ass dann och, am Bezuch op d‘Pai oder de Statut, keng Befërderung méi.

Drolegt Politikverständnes

Et bleift dann awer, egal wéi een et dréint a kéiert, eng „Promotioun-Sanktioun“. D‘Kanzlerin an hir politesch Alliéiert (CSU & SPD) hoffen dann elo, datt dësen däregen Dossier endlech kann zougemaach ginn. D‘Affär „Maaßen“ hat d‘Regierungsaarbecht eng Woch laang paralyséiert.

D‘Sozialisten haten – mat wéineg Engagement – de „Kapp“ vum Hans-Georg Maaßen gefuerdert, dat wéinst senger politescher Gesënnung engersäits, mee virun allem, wëll de Verfassungsschützer déi onmoosseg Mënschejuegd vu Chemnitz a Fro gestallt hat. Well den Horst Seehofer net mat der Migratiounspolitik vu senger Cheffin averstanen ass, hat hien d‘Hand iwwert de Maaßen gehalen.

Elo gëtt awer och déi – bis elo – lescht Entscheedung, zumindest an de Reie vun de Sozialisten net gutt geheescht. D‘SPD-Cheffin, Andrea Nahles, huet awer der ëmstriddener „Promotioun“ mat de Koalitiounspartner zougestëmmt. An den Ëmfroen, verléiert d‘SPD weider u Vertrauen…

Esou kann et net halen

Um politesche Plang, léisst déi „oppe“ Kris ronderëm d‘Kausa Maaßen, nëmmen eng Schluss zou. Politesch ass d‘Kanzlerin geschwächt, an eng „weider Affär“ kéint och déi grouss Koalitioun (GroKo) a Fro stellen. D‘SPD-Basis war dëser Koalitioun net frëndlech gesënnt, an d‘Zouso vum Andrea Nahles, stellt och hiren Usproch op eng „Erneierung“ a Fro.

Eng SPD déi am „Réckgang“ an d‘Regierung agezu war, an eng CSU déi bestänneg der Kanzlerin hir Migratiounspolitik torpedéiert… Rechent een dozou déi vill (kleng) Affären an de Fall Maaßen, da kann een – wann et net zu Neiwahle kënnt – behaapten: „Et ass der Merkel hiert lescht Mandat“.

D‘Fraktiounscheffin vun „dir Grünen“, Katrin Görinhg-Eckhard op Twitter: „An de Maaßen bleift. Dat schaaft nei Problemer. Et bleift deen, deen d‘Parlament am Fall Amri belunn huet, deen d‘AfD coacht an riets Verschwierungstheorie verbreet“. De FDP-Chef, Christian Lindner, twittert: „Dat offenbaart de Charakter vun der GroKo (…)“.

mat AFP

Foto: (v.l.n.r.) De Vizekanzler a Finanzminister Olaf Scholz (SPD), d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel (CDU) an den Heemecht- an Inneminister Horst Seehofer (CSU). Firwat déi dräi dem fréiere Chef vum Verfassungsschutz de Réck fräi halen, wou se wëssen, datt et bei de Bierger kee Versteesdemech fir hir Entscheedung gëtt, déi Erklärung sinn si eis e Sonndeg schëlleg bliwwen. © Odd Andersen/AFP

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Angela Merkel, Berlin, GroKo, Hans-Georg Maaßen, Horst Seehofer, Olaf Scholz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel