Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déidleche Schosswaffegebrauch am Texas
International Neiegkeeten

https://moien.lu/hook-up-in-trinidad/

D‘Autoritéite vun Odessa (US-Bundesstaat Texas) hu matgedeelt, datt an zwou

https://moien.lu/cougar-dating-apps-australia/
International Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)

  Eng weider beweegte Woch läit hannert eis. Net méi

D‘Carola Rackete nees op fräiem Fouss
International Neiegkeeten

D‘Carola Rackete nees op fräiem Fouss

E Geriicht op Sizilien huet den Hausarrest vun der Kapitänin

Berlin: Schéisserei um Tempodrom

Berlin: Schéisserei um Tempodrom

Um spéide Freidegowend ass ee Mënsch bei enger Schéisserei um Tempodrom (Berlin-Kreuzberg) ëm d‘Liewe komm. Weider Persoune goufen deels liewensgeféierlech blesséiert. Zu den Ursaachen oder Hannergrënn ass zur Stonn nach näischt gewosst.

TempodromBeim Tempodrom am Berliner Staddeel Kreuzberg ass et gëschter kuerz virun 23 Auer zu enger bewaffenter Ausenanersetzung komm. E Spriecher vun de Pompjeeën huet erkläert datt eng Persoun déidlech getraff ginn ass a véier anerer blesséiert gi sinn. Ee Mënsch gouf liewensgeféierlech blesséiert an d‘Spidol gefouert, déi aner Verletzt sinn aus eegener Kraaft an d‘Spidol komm.

Um Tempodrom hat um Owend eng tierkesch Komedie-Show stattfonnt. Op der Plaz war ee Groussopgebuet vun der Police, mee de Spriecher konnt zu den Hannergrënn weider keng Informatioune ginn. Um 1 Auer de Moien huet d‘Police getwittert, datt d‘Täter „flüchteg“ sinn. D‘Gebitt ëm de Veranstaltungsuert gouf vun der Police groussraimeg ofgespaart.

TempodromD‘Gäscht vun der Veranstaltung si vun de Sécherheetskräften duerch Säiten- an Hannerdieren evakuéiert ginn. Wéi et säitens de Pompjeeën heescht, wier d‘Evakuatioun gutt verlaf, et huet keng Unzeeche vu Panik ginn. D‘Police Judiciaire an den techneschen Déngscht vun der Police hunn d‘Ermëttlungen opgeholl an och d‘Ëmfeld vum Tempodrom gëtt zur Stonn nach ënnersicht.

mat indymedia/ber

Foto: Thomas Ulrich / Pixabay

Ähnlech Sujeten Berlin, Däitschland, Schéisserei, Tempodrom
Nächsten Artikel Virrechten Artikel