Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!
job dating afpi

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an

g dragon dating rumors 2016
job dating afpi

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen
job dating afpi

Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen

Et freet ee sech heiansdo wat sech déi dichteg Hären

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

D'Spaanungen tëscht den zwee Länner klammen

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

Gëschter huet déi däitsch Regierung beschloss, seng Truppe vun der Militärbasis zu Incirlik an der Tierkei ofzezéien a Richtung Jordanien ze verleeën. Dëst ass (bis elo) déi leschten Episod an der déiwer Kris déi d’Relatioune vu béide Länner zerriwwen huet.

Mir verleeën eis Fliger a Jordanien“, huet d’Arméiministesch Ursula Von der Leyen der Press nom Ministerrot matgedeelt. Dat nëmmen zwee Deeg no onfruchtbare Gespréicher tëscht Berlin an Ankara zu dësem Thema.

Dialog mat der Tierkei

D’Kanzlerin Angela Merkel wollt awer den Uschäi vun enger geloossener Frëndlechkeet mat der Tierkei bäibehalen. Si wollt den Androck maachen, datt domadder d’Blat an dësem Sträit gedréint wier. „Mier wäerten eis op aner Sujete konzentréieren“, sot sinn am Kader vun enger Pressekonferenz un der Säit vum bulgaresche President Boyko Borissov, „mir mussen den Dialog mat der Tierkei opriicht halen.

Berlin huet den Ofzuch vu sengen Zaldoten als Äntwert op de stännege Verbuet ausgesprach, deen et den däitsche Parlamentarier onméiglech gemaach huet, sech op déi Basis vun der NATO ze beginn. Do sinn eng ronn 260 Mann vun der Bundeswehr stationéiert, déi sech un Militäroperatioune vun der internationaler Koalitioun géint den islamesche Staat (IS) a Syrien an am Irak bedeelegen.

Däitschland verleet also seng Zaldoten a gutt 10.000 Tonne Material op de Stëtzpunkt vun Azraq a Jordanien. Eleng déi 200 Container fir d’Material stellen eng logistesch Erausfuerderung duer. Eng Erausfuerderung, vun där de Kalenner an d’Modalitéite bis ewell nach net präzis konnte fixéiert ginn.

Den Transfert bréngt noutgedrongen eng Ënnerbriechung vun den däitschen Asätz mat sech. D’Arméiministesch geet dervunner aus, datt de Ravitailleur fir op mannst „zwou bis dräi Wochen“ an d’Fliger fir d’Opklärungsmissiounen „zwee bis dräi Méint“ wäerten ausfalen. D’Tornado’en vun der Bundeswehr sinn ee wichtege Bestanddeel fir d’Opklärung iwwert de Gebidder déi vun den Dschihadiste kontrolléiert ginn.

Keng Oppositioun awer eng Debatte

Déi konservativ Ministesch, déi der Kanzlerin nosteet, muss sech nach mat senge Partner vun der NATO zesummendoen, fir ofzekläre wéini den Transfert kann ugaange ginn. Och wien de Relais vun den Däitschen op sech hëlt, steet op.

Intern ass d’Regierung net gehalen, de Bundestag ze saiséieren. Et däerf een awer dovunner ausgoen, datt et eng Debatt am héijen Haus wäert ginn. Dat schonn aus politesche Grënn, ëmmerhin ass d’Bundeswehr eng parlamentaresch Arméi.

Problemer bei der Debatt ginn awer net erwaart. Dëst, well d’Parteien sech eigentlech eens sinn an dem Ofzuch aus Incirlik favorabel géinteniwwer stinn. Esou sinn et dann och éischter sekundär Punkten déi fir Diskussioune suergen. D’Sozialdemokraten hunn opgeworf, datt Azraq net esou sécher a manner praktesch ass, wëll vun do aus och Länner iwwerflu musse ginn, déi net Member vun der NATO sinn. Die Linke fuerdert schlicht an ergräifend de komplette Réckzuch vun den anti-IS Operatiounen.

Den Dossier Incirlik huet dann och fir nei Spannungen tëscht Berlin an Ankara gesuergt. Zwee Partner aus der atlantescher Allianz, deenen hir Bezéiungen an de leschte Méint béis ofgeholl hunn. Eng vun de Ursaache läit beim vermasselte Putsch am Juni 2016. An Däitschland gëtt dann och den Ëmgang mat der Pressefräiheet, de Presidialsysteem an de Wonsch no der Aféierung vun der Doudesstrof net wierklech begréisst.

Turbulenzen

Mëtt Mee hat d’Tierkei den Verbuet un d’Parlamentarier, déi sech wollten ee Bild vun der Lag zu Incirlik maache, gerechtfäerdegt. Dat mam Virworf un Berlin, Tierken, dorënner Zaldote, politeschen Asyl ze ginn, déi de President Erdogan beschëllegt um Staatsstreech bedeelegt ze sinn.

Mee d’Bezéiungen tëscht béid Länner gi reegelméisseg vun Turbulenzen op d’Prouf gestallt. Eng richteg Kris hat sech ofgezeechent, wéi ugangs Fréijoer däitsch Stied sech géint d’Ofhale vu politesche Meetinge fir dem Erdogan säi Presidialsysteem gestäipt haten. Eng Referendums-Debatt iwwert Doudesstrof soll et an Däitschland guer net ginn.  Ee weidere Sträitpunkt betrëfft d’Inhaftéierung vum Journalist Denz Yücel. Dee huet béid Nationalitéiten a sëtzt an der Tierkei am Prisong wou hien der Spionage an terroristeschen Aktivitéite verdächtegt gëtt.

Mënscherechtsituatioun an der Tierkei weider en Thema

Grouss Suergen zu Ankara bereet och d’Haltung vun den däitsche Politiker aller Couleur, déi et sech net midd gi stänneg d’Fro vun de Mënscherechter an der Tierkei opzewerfen. Dobäi muss gewosst sinn, datt et nom versichte Putsch eng Pürge vun dramateschem Ausmooss ginn huet.

Wäit iwwer 50.000 Leit sëtze säit deem am Prisong an eng ronn 100.000 Polizisten, Staatsbeamten an Héichschoulprofesseren, mee och Riichter a soss Intellektueller hunn entweder hir Plaz verluer oder sinn suspendéiert ginn an dierfen net méi ausreesen. Honnerten anerer si carrement geflücht, notamment Richtung Däitschland an d’Tierkei verlaangt mat Nodrock deenen hir Ausliwwerung. Deem kënnt Däitschland allerdéngs net no.

mam Coralie Febvre (AFP)

Foto: AFP PHOTO / POOL / TOBIAS SCHWARZ

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel