Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz
International Neiegkeeten

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz

Stan Lee, den amerikaneschen Zeenarist dee fir de Verlag „Marvel

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass
International Neiegkeeten

Editorial: Wann de Client nach just een liicht Affer ass

Wat sech d‘Ubidder am Beräich vun der mobiller Téléphonie erlaben

dislike
Den Duerchbléck am Label-Dschungel
International Neiegkeeten

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Promotioun vun de Landwirtschaftsproduiten ass dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ee

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi

Zwee Deeg no den Europawahle versichen d‘Staats- a Regierungscheffen sech eens ze ginn

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi

Nodeems e Sonndeg d‘EU-Wahlen zumindest fir d‘Bierger op en Enn gaange sinn, war et gëschter un den 28 europäesche Staats- a Regierungscheffen, sech bei engem informelle Banquet drop ze eenegen, wiem an der Institutioun wéi eng Roll zoukomme soll. An éischter Linn geet et natierlech ëm d‘Féierungspositiounen.

Berodungen

Si mussen sech net nëmmen doriwwer eens ginn, wien eisem Jean-Claude Juncker als neien EU-Kommissiounspresident wäert follegen, mee och wien d‘Presidence vum EU-Rot, Chef vum diplomateschen Déngscht oder déi europäesch Zentralbank (EZB) iwwerhëlt. An dat gesäit dës Kéier eppes méi komplizéiert aus, wat dem Fait geschëlt ass, datt et schwiereg ass eng Majoritéit zesummegeschoustert ze kréien, an natierlech all Land säi Pefferkär bäizedroen huet.

Et dierf een an dësem Kontext Verschiddenes net aus den Ae verléieren. Zum engen hunn déi sougenannte Volleksparteien – egal ob demokratesch, sozial oder konservativ – europawäit zimlech un Zousproch agebéisst, zum aneren, egal wien si ënnert sech auswielen, si mussen dëse vum EU-Parlament ofgeseent kréien. An hei gëtt a gewësser Aart a Weis nees de Geck mam Bierger gemaach well sech déi ganz Prozedur esou lues awer sécher net méi novollzéie léisst.

Op der Sich no „Partner“

Zum engen ass et esou, datt d‘Fraktiounen (an hei geet et exklusiv ëm déi Grouss) wéi EPP, ALDE oder S&D an neierdéngs d‘ECR mat sengen Euroskeptiker, hir Spëtzekandidaten och wëlle bestëmmen. Während een dësen nach mat vill guddem Wëllen ënnerstelle kann, datt hire Choix europäesch motivéiert ass, dierft kloer sinn, datt sech d‘Staats- a Regierungscheffe mat Bléck op déi respektiv Nationalpolitik, iwwert den „zukünftege Management“ wäerten ausenanersetzen.

Berodungen

Dat ass dann eigentlech och schonn de Problem vun Europa an erkläert zum Deel firwat een d‘Leit schonn zur Ofstëmmung zwénge muss. De Bierger wielt Vertrieder an d‘EU-Parlament, déi (esou sollt et eigentlech sinn, mat engem europäesche Programm ëm Stëmme biedelen) am Vertrauen datt d‘Fraktioune mam Bléck op Europa an am Sënn vun Europa d‘Spëtzeposten no demokratesche Kritäre besetzen. D‘Staats- a Regierungscheffe verfollegen allerdéngs national Interessen…

Hir Interessen, net eis

Wien elo mengt datt ee Kueb dem anere keen A auspéckt, huet déi dramatesch Verännerungen an der europäescher Politik net matkritt. D‘Sozialisten – eigentlech säit gutt 20 Joer méi neoliberal wéi déi gesamt Finanzindustrie – sti längst net méi fir sozialpolitesch Themen an hunn zolidd gehollef de Sozialofbau an der Unioun virunzedreiwen. Déi Konservativ sinn därmoossen „riets ofgerëtscht“ a vun den nationale Politiken ofhängeg, datt och do wéineg Politik fir de Bierger oder d‘EU bleift.

Wieren nach déi sougenannten „Demokraten“ déi eigentlech och fir eng strikt neoliberal Politik astinn an am léifsten och d‘Loft zum Ootmen „privatiséiere“ wëllen. Laut hirer Denkweis ass jo bekanntlech d‘Konkurrenz gutt fir de Konsument, well dann alles „besser“ gëtt. Si wäerten awer och an dëser Legislaturperiod nëmmen d‘Grimmelen oprafen. D‘EU-Skeptiker sinn net méi ze iwwersinn, an deene geet et eenzeg an eleng ëm d‘Opléise vun der europäescher Unioun.

Gutt Sëtzlieder ass gefrot

Et wäert also eppes Gedold a Sëtzlieder vun de Staats- a Regierungscheffe gefuerdert ginn. Bei deem wat sech den Ament ubitt, ass eng séier Léisung ausgeschloss. Schliisslech mussen sech Politiker déi am eegene Land d‘EU ëmmer beschëllegen si zu „schlechten Entscheedungen ze zwéngen“ elo zumindest den Uschäin hannerloossen, datt de „Projet Europa“ hinnen dat wichtegst ass. A si mussen déi Käpp fannen, déi eng Chance hunn vum EU-Parlament ugeholl ze ginn.

Berodungen

Net onerwaart, wann och eppes culottéiert, eis däitsch Nopere mat hire Schwësterparteie CDU/CSU an enger Kanzlerin déi ëmmer grousse Wäert drop geluecht huet zu Bréissel alles ze blockéieren, wat iergendwéi zu méi Klima- an Ëmweltschutz gefouert hätt, well dat Contraire zu den Interesse vun der däitscher Automobil-, Energie- a Agrarindustrie ass. Si geséich et gären, datt den EU-Rot nach virun der konstituéirender Sëtzung vum EU-Parlament – dat ass am Juli – gekläert kritt.

Keng Politik fir Waarmduscher

Si well naturgeméiss de Manfred Weber als EU-Kommissiounspresident gesinn. An dee muss de Schoss (deen an de Wahlkabinne gefall ass) net héieren hunn. Hie gesäit keng Alternativ zu senger Persoun, a behaapt sech drop, datt et am EU-Parlament schwiereg géif ginn eng Majoritéit ze fannen, wann de proposéierte Kandidat sech net als Spëtzekandidat qualifizéiert an de Mënsche virgestallt huet. Cool… nëmmen all 5. Däitsche weess wien de Manfred Weber ass.

Hei gëtt et awer e butzege Problem: alleguerte sinn se bei de Wahle bestrooft ginn. D‘EPP an S&D sollten hir Arroganz dann och eppes zréckfueren, zumindest wat hir Uspréch betrëfft. Et sief si wieren sech – an dat sinn se eigentlech ni – net ze schued och „krätzeg“ Allianzen anzegoen, déi nëmmen dem eegenen Zweck, net awer Europa a seng Bierger bedénge soll. Schwaarz-Rout kann et jiddefalls net ginn, an ob déi „liberal“ bereet sinn hir Victoire esou bereetwëlleg ze verschenken?

Der Mamma hire Jong

Wann et wuel richteg ass festzestellen, datt dem Emmanuel Macron seng Rechnung am eegene Land net opgaangen ass, a seng „Renaissance“ net de grousse Worf ass, esou hunn déi Liberal sech awer eng gutt Ausgangspositioun am EU-Parlament geséchert an ouni si leeft näischt. Mee de Fransous, deen no Fraen a Männer jäizt déi d‘Erneierung verkierperen, gläichzäiteg awer déi Erfahrung a Glafwierdegkeet besëtze fir den Optrag ze erfëllen, well kee Weber un der EU-Spëtzt.

De Mann aus Bayern, mam Charisma vun enger Schnéikanoun, huet awer tatsächlech Chancen. Dat ass bedenklech aus dem einfache Grond, datt déi aktuell Fraktiounsleader vun EPP, S&D a Gréngen sech gëschter kloer ausgedréckt hunn, nëmmen ee Spëtzekandidat als Juncker-Nofolger ze wielen, egal wien do vun de Staats- a Regierungscheffen nominéiert gëtt. Kann de Manfred Weber, dee mat Nationalisten a Faschiste keng Beréierungsangscht huet, iwwerzeegen? D‘Äntwert kann daueren…

mat indymedia/bru/par/ber

Illustratioun: Peggy a Marco Lachmann-Anke

Ähnlech Sujeten EU, EU-Kommissioun, EU-Rot, EZB, Frans Timmermans, Manfred Weber, Margrethe Vestager, Spëtzekandidat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel