Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

dating brown guys

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

https://moien.lu/retired-dating/
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

South Park a seng Metalband: Wann een bemol kee Spaass méi versteet

Schonn zënter 1997 leeft déi US-amerikanesch Animatiounsserie South Park um

money

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

190 Leit sinn zu Lëtzebuerg do beschäftegt: 50 gi ganz ofgeschaaft, 35 mussen op Köln plënneren

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e Rekordëmsaz fir dat 1. Semester vun 2019 ugekënnegt: +4,2% fir e Gesamtëmsaz vun 3,2 Milliarden Euro. D‘Resultat vum Konzern huet sech an den éischte sechs Méint vun dësem Joer ëm 21% verbessert – an dofir gi Leit entlooss.

Bertelsmann huet mat senger „RTL-Grupp“ den audiovisuelle Secteur an Europa voll am Grëff an dierf sech roueg domadder bretzen, säi Profit ganz den Ziler entspriechend verbessert ze hunn. Wien a 6 Méint e Profit vun „nëmme“ 443 Milliounen Euro virweise kann, sollt awer net gleewen datt et eng bléiend Zukunft gëtt. Déi Lëtzebuerger „Zentral“ ass och eendeiteg ze grouss an iwwerbewäert.

BertelsmannDat gesäit den OGBL eppes anescht, an op d‘Annonce, sech engem Deel vu senge Lounofhängegen ze entleedegen, huet ee bei der Gewerkschaft verschnappt reagéiert. Et géif laut OGBL um Sëtz vun der RTL-Grupp 190 Aarbechtsplazen, vun deenen der 50 ganz ofgeschaaft an der 35 Richtung Köln verfracht ginn. Ronn 500 Jobs vun den RTL-Filialen zu Lëtzebuerg wieren dovunner net affektéiert.

Et brauch ee Sozialplang

Wéi et säitens der Escher Gewerkschaftszentral heescht, muss elo ee Sozialplang ausgeschafft ginn, a beim OGBL weist ee sech decidéiert de betraffene Salariéen zur Säit ze stoen. Déi hunn, wéi dat am Kapitalismus Usus ass, déi gutt Nouvelle jo eréischt gëschter zougedroe kritt. Et wier jo och domm mat Leit, deenen een de Fouss hannebäi gëtt, manéierlech ëmzegoen. Dat ännert sech och net méi…

BertelsmannFir den OGBL heescht et dann elo verhandelen a kucken, ob eng Méiglechkeet besteet, deen een oder aneren an enger vun de Filiale vum Grupp zu Lëtzebuerg „placéiert“ ze kréien. E sécherlech gudden Usaz, woubäi ze bedenken ass, datt wann et do e Bedarf géif ginn, déi sozial ausgeriicht Direktioun vu Bertelsmann do bestëmmt de Concernéierten eng entspriechend Offer gemaach hätt, oder?

Natierlech brauch et och Léisunge fir déi Mataarbechter déi „relokaliséiert“ solle ginn. Wie Single ass dierft mat anere Suerge konfrontéiert sinn wéi e Salarié mat Unhang. Zudeem ass den Zäitpunkt – wahrscheinlech ganz bewosst – esou gewielt ginn, datt schoulflichteg Kanner déi haart Realitéit vum Liewe schonn zäiteg um eegene Leif fir sech entdecken dierfen. Merci Bertelsmann.

Maximale Profit fir minimale Respekt

An datt sech d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB – jo och déi hunn hei e Wuert matzeschwätzen – froe wat se bei Bertelsmann nach esou an den Tiräng leien hunn, ass verständlech. Mee wat kënnen se maachen? Mat 443 Millioune kéint Bertelsmann labber „entschiedegen“ a well (bal) all Mënsch domm genuch ass, sech e Präisschëld ëm den Hals ze hänken, géifen se domat duerchkommen.

BertelsmannDat awer hu si net néideg an all Sträit ass jo och esou eppes wéi eng Reklamm. Zudeem gesinn et d‘Aktionäre gären, wann een dem lounofhängege Pöbel et schwéier mécht. Schliisslech muss jidderee wësse wou en higehéiert. Mat dëser Astellung dierft et dann och fir d‘Gewerkschaften net einfach si Verhandlungen opzehuelen. Dat och am Bezuch op d‘Investissementer an Inhalt an Technologie.

Natierlech wëll den OGBL wëssen, ob et säitens Bertelsmann nach weider „Restrukturatiounspläng“ gëtt, déi an den nächste Méint oder Joren zu weiderem Aarbechtsplazofbau féieren. Dat dierft vum däitsche Konzern net beäntwert ginn. Si weisen awer hir Aktionären a regelméissegen Ofstänn drop hin, datt all Ustrengungen ënnerholl ginn, d‘Käschten ze drécken an de Profit ze steigeren.

De Bettel kuckt domm aus der Wäsch

De Premier Xavier Bettel, deen och den Hutt vum Kommunikatiounsminister dréit an déi droleg Geselle vu Bertelsmann iwwert den Ëmwee vun „RTL Lëtzebuerg“ mat Lëtzebuerger Steiergeld kofinanzéiert, huet pragmatesch op d‘Annonce vu Bertelsmann reagéiert. Esou heescht et aus dem Ministère, datt een „Notiz vun der Entscheedung geholl hätt“. Dat ass behäerzt Engagement…

Woubäi de Kommunikatiounsminister natierlech en Appell un d‘Bertelsmänner geriicht huet an dës opgefuerdert huet, en éierlechen a respektvollen Dialog mat der Personaldelegatioun ze féieren. Hien huet am Communiqué dann och nach emol bemierkt, datt RTL-Grupp him verséchert hätt, datt déi Aktivitéite vun de Lëtzebuerger Entitéiten net betraff sinn, an een zu Lëtzebuerg enk verbonnen ass.

BertelsmannKee Wonner, den „L“ steet fir „Lëtzebuerg“ an eise Steiersaz ass mindestens esou interessant wéi déi 10 Milliounen Euro déi RTL-Grupp an den Tutes geblose kritt. Wat eigentlech heescht, datt déi vu Bertelsmann net nëmme keng Steiere bezuelen, mee Steieren erhalen. Esou eng Frëndschaft wëll keen op d‘Spill setzen, a 50 Aarbechtsplazen… wat ass dat schonn an Zäite vu Vollbeschäftegung?

Ähnlech Sujeten Bertelsmann, LCGB, OGBL, Restrukturéierung, RTL, RTL-Group
Nächsten Artikel Virrechten Artikel