Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steet Afrika virun enger neier Liewensmëttelkris?
International Neiegkeeten

Steet Afrika virun enger neier Liewensmëttelkris?

Nom Investisseure-Sommet zu Berlin am Virfeld vum G20 zu Hamburg

Ongemaach op der Insel
International Neiegkeeten

Ongemaach op der Insel

E Freideg hat en 28 järegen Islamist op der London

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg
International Neiegkeeten

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg

Dee vun den Amerikaner initiéierte super Soldendag „Black Friday“ (schwaarze

Bëschbrand an Spuenien – Dausende Mënschen op der Flucht

Bëschbrand an Spuenien – Dausende Mënschen op der Flucht

An Andalusien sinn iwwer 3.000 Mënsche virun engem ausser Kontroll gerodene Bëschbrand. Op der Plaz kämpfen eng 500 Pompjeeën, déi vu der Arméi ënnert d‘Äerm gegraff kréien, géint dëst risegt Feier. Wéini se dat awer an de Grëff kënne kréien, ass zur Stonn net ofzegesinn.

 

An der autonomer Regioun Andalusien (Südspuenien) dreet e Bëschbrand un der Küst eng zolidd Katastroph erbäizeféieren. Laut den Autoritéiten hu sech mëttlerweil eng 3.100 Awunner virum Feier a Sécherheet bruecht. 100 Quadratkilometer Land si de Flame schon zum Affer gefall an och en Hotel op der Costa del Sol ass bis op d‘Grondmaueren ofgebrannt. De Leit ass näischt geschitt.

Op der Plaz sinn eppes méi wéi 500 Pompjeeën am Asaz déi vun de Rettungsequipe vun der Arméi ënnerstëtzt ginn. Fir d‘Hëllef aus der Loft si 16 Helikopter am Asaz. Esouwäit et bis ewell säitens der Leedung matgedeelt gouf, ass de Bëschbrand nach net ënner Kontroll. D‘Aussiichten? Fir den Ament net wierklech gutt, kee wot ee Pronostic ze maachen, wéini d‘Feier ënner Kontroll ka sinn.

Och mat klenge Fliger gi Brandstoppmëttel ausbruecht.

De Problem? D‘Wieder mécht de Pompjeeën ëmmer nees ee Stréch duerch d‘Rechnung. Mee dat ass net den eenzege Problem. Andalusien ass bekannt fir seng Koppen a säi schwieregen Terrain, firwat et komplizéiert ass déi betraffe Gebidder ze erreechen. D‘Feier war en Donneschdeg an de Bierger, onwäit vun Almonaster la Real (nordwestlech vu Sevilla) ausgebrach…

Brennen deet et leider och op anere Plazen. 70 Awunner vun der Klengstad Mula, geleeën an der südostspuenescher Regioun Murcia hu wéinst engem Feier e Samschdeg hir Haiser verloosse mussen. Zwee weider Groussbränn hunn d‘Autoritéiten an der westspuenescher Regioun Extremadura gemellt. Och hei wieren honnerte Pompjeeën am Asaz, mee d‘Lag wier kontrolléiert.

mat indymedia/sev

Foto: D‘Feier bedreet ganz Dierfer, eng Rei Hotelsanlagen si scho betraff an de Leit bleift keng aner Wiel wéi sech aus dem Stëbs ze maachen. © Scotty Valens

Ähnlech Sujeten Andalusien, Bëschbrand, Costal del Sol, Evakuatioun, Pompjeeën, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel