Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: ADEM? Wat leeft?
Neiegkeeten

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Nodeems dann elo erwisen ass, datt et och op der

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart
Neiegkeeten

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart

D‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) informéiert, datt en den 23. Juli,

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…
Neiegkeeten

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Déi grouss Dréchent huet och viru Lëtzebuerg net Halt gemaach, a vill vun eiser Bëscher sinn duerch Bränn bedreet. Um Freideg ass et dann och tëscht Schlënnermanescht a Konstem zur engem Feier komm. Um Samschdegmuere war d‘Feier ënner Kontroll, an kengem ass e Leed geschitt.

E Freideg géint 15 Auer sinn d‘Pompjeeën alarméiert ginn, wéi et zu engem Bëschbrand tëscht Schlënnermanescht a Konstem komm ass. De CGDIS huet reagéiert a Groussalarm ausgeléist. Et sinn iwwer 150 Pompjeeën op d‘Plaz geschéckt ginn, déi d‘Feier op zwou Fronten „ugegraff“ hunn. Aus de Luucht goufen d‘Pompjeeë vum Police-Helikopter ënnerstëtzt.

An d‘Situatioun war net einfach, well den Terrain schwéier zougänglech war. Virum Ausmooss vum Feier ass den operative Gestiounszenter aktivéiert ginn, fir déi agesate Corpsen ze koordinéieren. Deen huet och bei der CREOS intervenéiert, fir d‘Héichspannungsleitung, déi net wäit vum Feier ewech war, ofzeschalten. Eng preventiv Moossnam, well sech Waasser a Stroum schlecht verdroen.

18 Corpsen an 30 Tankween

Bannent dräi Stonne konnten d‘Pompjeeën trotz der batterer Hëtzt d‘Feier „fixéieren“. Hire gréisste Problem: Waasser! Fir esou e Bëschbrand an de Grëff ze kréie ginn onmoosseg Mengen u Waasser benéidegt, an dat wier de Pompjeeë bal ausgaangen. De Gestiounszenter huet dëse Problem séier erkannt, an eng ganz Armada u Tankcamionen agesat, déi bestänneg d‘Corpse ravitailléiert hunn.

BëschbrandAn dësem Kontext sinn och d‘Baueren aus der Ëmgéigend zu Hëllef geruff ginn, an d‘Entreprise Reiff vun Ëlwen huet net gezéckt fënnef Tankween mat enger Kapassitéit vu 19.000 Liter bereet ze stellen. Op der Plaz: d‘Pompjeeë vun Ëlwen, Buerschent, Géisdref, Housen, Weiler, Wëntger, Wolz, Dikrech, Bettenduerf, Fiels, Miersch, Biissen, Noutem, Alebësch a Lëntgen.

Géint 18 Auer konnten déi éischt Männer ofgeléist ginn. Dofir war nach emol e Peloton vun 30 Mann op d‘Plaz geschéckt ginn. Am spéiden Owend hat d‘Feier nach keng Rou ginn, an duerch d‘Propagatioun am Ënnerholz war et schwiereg an de Grëff ze kréien. D‘Corpsen op der Plaz sinn dann nach emol duerch Pompjeeë vun Habscht, Keelen a Contern verstäerkt ginn.

D‘Gefor ass nach net eriwwer

Déi ganz Nuecht vun e Freideg op se Samschdeg ass d‘Feier bekämpft ginn, an um 9.36 Auer huet de CGDIS op Twitter gemellt, datt d‘Feier geläscht ass. Vum CGDIS dann nach d‘Informatioun, datt bis d‘Lag ganz sécher ass, Pompjeeën op der Plaz bleiwen, fir d‘Situatioun ze iwwerwaachen an eventuell Brandnäschter auszemaachen.

Erfreelech bei dësem Bëschbrand, dee sech iwwer 10 Hektar ausgebreet hat: et ass kengem Mënsch e Leed geschitt. Och d‘Zesummenaarbecht muss gelueft ginn, grad ewéi d‘Kooperatioun mat den zivillen Acteuren. D‘Gefor wier awer nach net eriwwer. Mat bis e Mëttwoch Temperaturen iwwer 30°C, herrscht allgemeng Alarmbereetschaft, an et gëtt sech näischt méi erhofft wéi Reen.

D‘Kollege vu RTL hunn dann um Samschdeg nach zwee weider Bränn gemellt. Esou huet et tëscht Brouderbur a Gilsdref op engem Feld Gebrannt, am Asaz hei: d‘Corpse vun Dikrech, Iermsdref, Fiels, Miedernach an Bettenduerf. Och zu Esch-Uelzecht huet et gebrannt, op der Plaz waren d‘Pompjeeë vun Esch a Schëffleng. A béide Fäll war och d‘Police op der Plaz fir ze enquêtéieren.

Ähnlech Sujeten Bëschbrand, CGDIS, Lëtzebuerg, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel