Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Koalitiounsgespréicher: Wie kritt wéi e Ministère?
International Neiegkeeten

Koalitiounsgespréicher: Wie kritt wéi e Ministère?

Wou sinn se drun d‘Koalitiounsgespréicher a wie kënnt mat an

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten
International Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

Scho säit méi wéi 400 Millioune Joer existéieren Insekten op

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?
International Neiegkeeten

Enquête: Wéi eng sozio-ekonomesch Impakter huet déi sanitär Kris?

Fir méi iwwert dat Erlieften an d’Erwaardunge vun de Famillen

Bëschbränn a Kalifornien fuerderen éischt Affer

Bëschbränn a Kalifornien fuerderen éischt Affer

Am US-Bundesstaat Kalifornien bekämpfen zur Stonn eng 12.000 Pompjeeën dräi Feiergruppen déi ronderëm San Francisco iwwer 2.000 Km² Bësch, Schluchten a ländlech Gebidder erfaasst hunn. Vun der zoustänneger Verwaltung (CAL Fire) gëtt matgedeelt, datt trotz dem enorme personellen Asaz, eréischt 7% vun de Bränn ënner Kontroll konnte bruecht ginn.

Zanter leschtem Mëttwoch si mindestens fënnef Mënschen duerch d‘Feier gestuerwen. Dosende Pompjeeën an Zivilisten si blesséiert ginn an et ginn och Leit vermësst. Ronn 120.000 Residente ware gezwonge ginn hir Haiser ze verloossen, wat am Kontext vun der nach ëmmer grasséierender Covid19-Pandemie, fir d‘Autoritéiten eng ganz Rei ënnerschiddlecher Problemer opwerft.

Vill Leit wëllen net an déi ageriichten Zenter, wou si virum Feier geschützt wieren a wou et och Verfleegung, gëtt well si fäerten sech do mam Virus ze infizéieren. An de Bezierker: Napa County, Lake County a Sonoma County si bis ewell mindestens 500 Haiser de Flamen zum Affer gefall. Dausende weider Haiser sinn duerch dat sech séier ausbreedend Feier bedreet.

De Gouverneur Gavin Newsom huet wéinst de Bränn an den unhalenden héijen Temperaturen den Noutstand ausgeruff, wat et erméiglecht séier Hëllef a Geld bereetzestellen. Aus anere Bundesstaate sinn Asazkräften entsandt ginn. An der bekannter „Death Valley“ goufen an de leschten Deeg „Rekord“-Temperature vu bis zu 54,4 °C gemooss ginn. Den Evakuatiounsberäich gouf erweidert.

Geféierlech Evolutioun

Déi extrem Dréchent hätt d‘Situatioun verschlëmmert, esou CAL Fire. Aus dem Krisenzenter gëtt matgedeelt, datt d‘Küstestad Santa Cruz mat senge 65.000 Awunner aktuell nach net betraff ass. De Buergermeeschter, Justin Cummings, huet trotzdeem d‘Awunner opgeruff sech op eng Evakuatioun virzebereeden. Déi gréisste Feier halen sech nërdlech a südlech vun der Metropol San Francisco.

Hei ass et éischter onrealistesch vu gréisseren Evakuatiounen ze schwätzen an d‘Autoritéiten hunn d‘Leit opgefuerdert an hire Wunnengen ze bleiwen, hire Stroumbedarf ze reduzéieren a méiglechst op de Gebrauch vu Klimaanlagen ze verzichten. Déi kalifornesch Pompjeeë gi vun de Kolleegen aus Arizona, Idaho an Oregon ënnerstëtzt. Hëllef aus Maryland an New Jersey ass ënnerwee.

Kalifornien

An esou gesinn et d‘Pompjeeë wa se matten dra stinn. © MidnightNeko (via Twitter)

Déi ongewéinlech héich Zuel u gläichzäiteg ausbriechende Feier huet d‘Pompjeeën un d‘Grenze vun der Leeschtungsfäegkeet bruecht. Plazeweis waren d‘Ekippe bis 72 Stonnen ouni Paus am Asaz an eigentlech missten d‘Pompjeeën all 24 Stonnen zur Recuperatioun ausgetosch ginn. Och dat, esou de Krisenzenter vu CAL Fire, fänkt elo un zu engem seriéise Problem ze ginn.

Et ass och üblech, datt d‘Bundesstaaten Insassen aus de Prisongen zur „Ënnerstëtzung“ asetzen, mee zwénge kann een déi net. Meeschtens gëtt hei op déi sougenannte PoC (Person of Colour) zeréckgegraff, déi awer zanter de Protester géint Policegewalt, net méi bereet sinn „d‘Käschten aus dem Feier ze huelen“. Zudeem ass et schlecht bezuelt an e Merci kréien se dofir och net…

Klimawandel ënnerschätzt

Laut den Erkenntnisser vun de Meteorologen an den Analyste vu CAL Fire, déi sech hei wierklech schéngen eens ze sinn, hunn Blëtzaschléi déi sëlleche Feier ausgeléist. A wéinegen Deeg goufen esou eng 12.000 Blëtzer registréiert, vun deene gewosst ass, dat si fir mindestens 12 Groussbränn verantwortlech sinn. Hei ass besonnesch den Norde vum Bundesstaat betraff.

D‘Bëscher si „fuerzdréchen“ an folgerichteg och de Rescht vun der Vegetatioun. E Fonke geet hei duer fir Katastrophen auszeléisen, an esou ee „Blëtz“ ass wäitaus méi geféierlech wéi eben esou ee Fonken. De Gouverneur vu Kalifornien mécht hei och nach eng fir Amerika besonnesch gewoten Ausso: „Falls iergendeen de Klimawandel bestreide wëll, soll hie sech a Kalifornien ëmkucken“.

KalifornienEsou eppes dierft dem Locataire aus dem Wäissen Haus, deem säi Bail wuel net méi wäert erneiert ginn, net gefalen. Hien hat aus strikt wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus, d‘USA aus dem Paräisser Klimapakt erausgeholl. Mee gutt et ass net deen eenzege Staatschef deen de Klimawandel leegent. Zudeem ass et den Ament net ziilféierend ze streiden, elo muss emol d‘Feier gestoppt ginn.

Richteg ass och, datt Kalifornien all Joer mat méi oder wéineger grousse Bëschbränn ze kämpfen huet. Fir gewéinlech trieden déi schwéierst Bränn eréischt géint Enn vum Summer op. Hei dierf op dat schrecklecht Feier vum November 2018 verwise ginn. Zu Paradise am Norde vum Bundesstaat ware beim „Camp-Fire“ 85 Mënsche verbrannt. Dausenden haten hir Wunneng verluer…

Annex:

mat indymedia/sfo

Foto: En Androck wéi et ausgesäit: hei d‘Géigend vu Salinas. An dat ass just en Ausschnëtt. 2.000 Km² loossen sech just aus dem Weltraum an engem Bild zesummefaassen. © mx-Wolf

Ähnlech Sujeten Bëschbränn, Cal Fire, Kalifornien, Klimawandel, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel