Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“
Neiegkeeten

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Ass et Absicht oder nëmme schlechte Wëlle vum Educatiounsminister? Dës

CNL: De Superjhemp bleift nach eng Zäitchen!
Neiegkeeten

CNL: De Superjhemp bleift nach eng Zäitchen!

Duerch de grousse Succès huet den nationale Literaturzentrum zu Miersch

Zu Venedeg klëmmt de Pegel nees op ee meter fofzeg
Neiegkeeten

Zu Venedeg klëmmt de Pegel nees op ee meter fofzeg

Zanter enger Woch fluten d‘Waassermassen déi italienesch Lagunestad. Um Sonndeg

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada

Terribel Bëschbränn hunn d’Autoritéite gezwongen ronn 8.000 Leit a Kalifornien an weider 10.000 am Weste vu Kanada ze evakuéieren.

D’Regioun, vun enger unhalender Hëtztwell getraff, huet schonn iwwer 160 Quadratkilometer Land un d’Feier verluer. Dausende Pompjeeë waren och um Méindeg Owend nach Asaz fir eng Dose Bëschbränn anzedämmen.

Dem Feier näischt entgéint ze setzen

A Kalifornien huet d’Feier an der Grofschaft San Luis Obispo, tëscht Los Angeles a San Francisco, bis ewell 11.705 Hektar Land zerstéiert. Dat elo zanter véier Deeg ausgebrache Feier, datt „Alamo Fire“ gedeeft gouf, kréien d’Pompjeeën net an de Grëff.

Obwuel alles am Asaz ass, konnten um Méindegmueren eréischt 15% vun de Bränn ënner Kontroll bruecht ginn. Laut den zur Verfügung gestallten Informatioune vu „Cal Fire“ (California Fire Protection Department) kéint d’Feier nach Deeg unhalen. Déi grouss Hëtzt an den dréchene Buedem maachen et den Kräften op der Plaz ganz schwéier.

Mat engem weidere Bëschfeier, dat op ee Samschdeg zu Whittier (Grofschaft Santa Barbara) ausgebrach ass dréit eng Katastroph. Um Méindeg waren 4.380 Hektar Bësch an eng 20 Gebaier Affer vun de Flame ginn. Net ënner Kontroll ze bréngen si weider 150 Strukturen a Gefor.

Kaart vun de Feier. Hei hunn dausende Mënschen hir Haiser misse verloosse fir sech virun de Bränn a Sécherheet ze bréngen.

Grousst Leed

Dëst Feier huet notamment en Zenter getraff, dat vu Scoute genotzt gëtt. Si konnten alleguerten evakuéiert ginn, mee d’Personal bedauert op Facebook de Doud vun hiren Déieren. „Mir hunn eis véierbeeneg Frënn verluer an déi meescht vum Personal hiert Eegentum“, schreift „The Outdoor School“ vu Rancho Alegre.

Eng Awunnerin aus de Géigend, d’Sarah Gustafson, huet dem Los Angeles Times erzielt wat him Geschitt ass. D’Fra war derbäi d’Pneue vun hirem Auto ze wiesselen, wéi Si eng grouss Dampkolonn gesinn huet. Do gouf hir bewosst, datt hir sechs Kazen doheem agespaart waren. Obwuel si schnell Heem gefuer ass, konnt si näischt méi maachen. „Et war schrecklech. Wéi ech ukomm sinn waren do nach just Äschen“.

Mat iwwer 5.500 Pompjeeë versicht „Cal Fire“ de Feier bäi ze kommen. 14 Bränn gi gezielt an trotz dem Asaz vu Helikopter, déi ronderëm d’Auer Waasser ofwerfen, bleift d’Situatioun dramatesch. Nëmmen dräi Bränn kann een als „ënner Kontroll“ bezeechnen.

Zanter Éiwegkeeten ouni Reen

Kalifornien erdréit säit fënnef Joer eng grouss Dréchent an kennt zur Zäit héich Temperaturen. Bei Los Angeles iwwerschreiden déi 43°. De Gouverneur Jerry Brown hat am Abrëll offiziell d’Period vun de Dréchent als eriwwer erkläert. D’Mesurë fir de Verbrauch vum Waasser ze kontrolléieren, sinn awer a Kraaft bliwwen.

Eppes méi wéi 40 Bränn ginn och am Nevada, Arizona a Colorado gezielt. Déi meescht schéngen ënner Kontroll bruecht ze sinn. Um Méindeg konnten hei d’Evakuéierungsmoossnamen agestallt ginn.

Alarméierend Situatioun a Kanada

Déi aner Säit der Grenz, a Kanada ass d’Lag extrem schwiereg. Besonnesch a Britesch-Kolumbien hunn eng 10.000 Leit hir Haiser misse verloossen. Hei ginn am Moment 270 aktiv Bränn gezielt.

„Op mannst zéng vun de Bränn sinn no un Uertschaften, wat se besonnesch geféierlech mëscht“ ënnersträicht de Minister fir ëffentlech Sécherheet, Ralpg Goodale. „Blëtzer schéngen den Ausléiser fir déi gréisst Unzuel vun de Feier ze sinn, mee net all“ insistéiert hien a rifft d’Kanadier op virsiichteg ze sinn.

Déi kanadesch Autoritéite gesinn dann och keng Verbesserung an de nächsten Deeg. D’Hëtzt soll nach unhalen an och zolitte Wand geet sech erwaart. No dräi Wochen Dréchent sinn dat keng gutt Nouvellë fir d’Leit aus der Géigend.

mam Frankie Taggart an Karim Lebhour/AFP

Foto: En Haus an en Auto a Flame während sech d’Feier duerch eng Wunngéigend bei Oroville a Kalifornien säi Wee sicht (© Josh Edelson/AFP)

Ähnlech Sujeten Bëschbränn, Kanada, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel