Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft
Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft
An hirem Communiqué weist déi chrëschtlech-sozial Jugend (CSJ) op eng
En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht
Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch Stad Melbourne als déi ausgewielt ginn, an där et sech am beschte liewe léisst. Esou zumindest d‘Analys vum „The Economist“ an ugesicht dem Terror an den diplomatesche Spannungen uechtert d‘Welt.
Melbourne klasséiert sech also un d‘Spëtzt vun 140 Stied déi enger Etüd ënnerzu gi waren. Dat allerdéngs knapp viru Wien an dräi kanadesche Stied: Vancouver, Toronto a Calgary, déi den Top fënnef ofschléissen. „Et ass eng Victoire fir all d‘Gewënner, déi all esou derzou bäidroe Melbourne zur beschter Plaz fir ze liewen ze maachen“, deklaréiert den Daniel Andrews, Premier Minister vum Staat Victoria, vun dem Melbourne d‘Haaptstad ass.
D‘Enquête, déi e Mëttwoch publizéiert gouf, bewäert d‘Stied no fënnef grousse Kritären: d‘Stabilitéit, Gesondheetssecteur, Kultur an Ëmwelt, Bildung an Infrastrukturen. Dem Klassement no, leiden déi grouss Metropolen, wéi New York, London, Paräis an Tokio, trotz grousser Aktivitéit, ënnert enger héijer Kriminalitéit an iwwerfëllten ëffentlechen Transportmëttel.
Am Géigesaz zu de grousse Metropole, huet dem Economist seng „Intelligence Unit“ festgestallt, datt mëttelgrouss Stied a räiche Länner déi beschte Liewensqualitéit hunn. „Dës kënnen eng ganz Rei Fräizäitaktivitéite promovéieren, ouni dat et zu engem erhéichten Niveau vu Kriminalitéit oder iwwerfuerdert Infrastrukture féiert“ esou de Rapport.
Den „The Economist“ huet awer erausfonnt, datt d‘Stabilitéit an der Welt ënner der Zounam vun terroristeschen Akte leit. „Schwéier terroristesch Akten hunn sech a ville Länner zougedroen, och an Australien (…) Och wann et net nei ass, d‘Frequenz an Propagatioun vum Terrorismus huet zougeholl a gi méi wichteg“.
Aus dem Rapport geet dann och ervir, datt verschidden amerikanesch Stied aus dem Klassement erausgefall sinn. Datt an éischter Linn, wéinst der Zounam vu Gewalt, notamment am Zesummenhang mat duerch d‘Kugele vun der Police verstuerwen Afroamerikaner.
„Ausserdeem huet d‘Land mat Manifestatiounen ze kämpfen déi sech géint d‘Politik vum Donald Trump riicht“ ënnersträicht de Rapport. Et gëtt och drop higewisen, datt déi diplomatesch Spannunge vu Nordkorea bis Russland net dozou bäidroen, d‘Welt am Gläichgewiicht ze halen.
Um Wupp vum Klassement waren Damas (Haaptstad vu Syrien) esou wei Lagos (Nigeria) an Tripolis (Libyen)
mat AFP