Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria
International Neiegkeeten

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria

Fir déi ronn 2 Millioune Mënschen am Nordoste vu Nigeria,

Landes- an Europakongress vun de Piraten
International Neiegkeeten

Landes- an Europakongress vun de Piraten

Si gehéiert zu deene „klenge“ politesche Parteien, déi an der

3. Anger Fest an der Kulturfabrik
International Neiegkeeten

3. Anger Fest an der Kulturfabrik

Metal-Fans opgepasst! Um 24. November 2018 presentéiert d’Assossiatioun Screaming Skull

Besser Schlofen: Eng Sensibiliséierungsactioun vum CHEM

Besser Schlofen: Eng Sensibiliséierungsactioun vum CHEM

Am Kader vum weltwäiten Dag vum Schlof organiséiert d’Ekipp vum CHEM den 22. Mäerz 2019 een Informatiounsstand fir d’Ëffentlechkeet a Saache Schlof ze sensibiliséieren an ze orientéieren. Vun 9:00 bis 16:00 Auer wäerte Spezialisten zu Esch-Uelzecht an der Entrée vum CHEM unzetreffe sinn, woubäi d’Visiteuren hir Schlofqualitéit duerch ee Froebou teste kënnen an iwwert d’Méiglechkeet vu Behandlunge bei Schlofproblemer diskutéiere kënnen.

Enger Etüd no leiden 19 bis 46% vun der Populatioun u Schlofproblemer, wouvu ronn 13% quasi schwéier Symptomer opzeweisen hunn. Een internationale Klassifikatiounssystem ënnerscheet mëttlerweil 88 verschidden Zorte vu Schlofproblemer, déi all een Impakt op dat generellt Wuelergoen an d’Liewensqualitéit vun de concernéierte Persounen hunn.

„D’Wichtegkeet vum Schlof ass mëttlerweil um medizinesche, wéi och um sozio-ekonomesche Plang bekannt. Schlofproblemer spillen eng entscheedend Roll an der Entwécklung oder der Verstäerkung vun zuelräiche Krankheeten (Dagesmiddegkeet, kardiovaskulär oder neuro-degenerativ Pathologien, Diabetes, Problemer vum Immunsystem, Depressiounen, asw.). Ziel vum Dag vum Schlof ass et d’Bevëlkerung zur Wichtegkeet vum gudde Schlof fir d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit ze sensibiliséieren“, erkläert den Neurolog Dr. Michel Kruger.

schlof

Effikass Behandlungen

Viru méi wéi 20 Joer ass den CHEM entstanen. Mëttlerweil zielt hire Laboratoire eng pluridisziplinair a kompetent Ekipp, déi effikass a qualitativ héichwäerteg Behandlunge garantéiere kennen. Dobäi gëtt ëmmer erëm no Verbesserungspotential gekuckt fir esou op d’Bedierfnisser vun den internationale Wëssenschaftler an der Recherche anzegoen.

Mëttlerweil ginn am CHEM Schlofkrankheeten vun der Insomnie bis zur Narkolepsie, vun der Parasomnie bis hin zur Schlof-Apnoe behandelt. Dobäi spillt bei der Diagnos virun allem d’Polysomnographie eng wichteg Roll, woubäi um Site zu Nidderkuer de Schlof ernegistréiert a spéider zu Esch interpretéiert gëtt. Heivir sinn een Neurolog an ee Pneumolog zoustänneg, déi ee professionellen Oflaf garantéieren.

Ähnlech Sujeten CHEM, Insomnie, Norkolepsie, Schlof-Apnoe, Schlofproblemer, Weltwäiten Dag vum Schlof
Nächsten Artikel Virrechten Artikel