Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international
International Neiegkeeten

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden
International Neiegkeeten

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden

De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen-

Déi verflixt 102
International Neiegkeeten

Déi verflixt 102

Lëtzebuerg huet aktuell 102 Gemengen. A vue datt Wahlkampf ass,

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik

Um Dënschdeg huet d’EU-Kommissioun hir Strategie virgestallt, déi dozou soll bäidroen den Asaz vu Plastik, besonnesch fir den eemolege Gebrauch, an der EU wiesentlech ze begrenzen. Zil ass et, bis 2030 d’Verpackungsmaterial recyclingfäeg ze maachen.

Den éischte Vizepresident vun der europäescher Exekutive, Frans Timmermans, ass dann och iwwerzeegt, dat sech d’Gewunnechte vun den Europäer, déi aktuell 25 Milliounen Tonne Plastiksoffall produzéieren, kënnen änneren.

„Wann dir äre Kanner erkläert, datt et fënnef Sekonne brauch fir e Stréihallem hierzestellen, wéi laang wäerten se dee benotzen? Fënnef, zéng Minutten? Mee wann hinne sot, datt et 500 Joer brauch bis de Stréihallem sech opgeléist hunn, wann e bis ewechgehäit ginn ass, da wäerten se en net méi wëlle benotzen“, esou de Frans Timmermans gëschter zu Stroosbuerg.

Nëmmen 30%…

Laut rezenten Etüden, gëtt nëmmen 30% vum europäesche Plastik recycléiert. De Rescht geet a Verbrennungsanlagen, wou een thermesch zerstéiert gëtt (39%), oder e lant um Tipp (31%).

D’Strategie déi vun der EU-Kommissioun virgestallt ginn ass, soll duerch e Gesetzprojet, deen nach virun Enn dës Joers soll virgeluecht ginn, ëmgesat ginn. Dat zumindest ass d’Versprieche vum Frans Timmermans. Fir den Ament huet sech d’EU-Kommissioun op veschidden Engagementer festgeluecht. Notamment soll „de Recycling fir d’Entreprise rentabel ginn“.

„Am Moment kann een net behaapten et géif e ‘marché unique’ fir den Offall an der EU“, esou de Jyrki Katainen, Vizepresident fir Handelsugeleeënheeten. „Et musse Reegelen definéiert gi fir den Echange vu Standardprodukter“.

Dozou ass e konkret Beispill ernimmt ginn: déi verschidde Faarwe vun de Plastiksfläsche maachen d’Sortéieren an de Recyclage deier. Op eng gefierfte Fläsch verzichten? Datt ass e klengt „Affer“ fir de Konsument, esou d’Meenung vun der EU-Kommissioun.

China wëll eisen „Dreck“ net méi

D’Ambitioun de Liewenszyklus vum Plastik, vun Ufank bis zum Enn ze kontrolléieren, gëtt grad zu engem Ament ugeschwat, wou de Leader am Recycling, China, entscheet huet seng Diere fir „auslänneschen“ Offall zouzemaachen. D’EU awer, exportéiert gutt d’Hallschent vu sengem zortéierte Plastiksoffall, an dovunner 85% no China.

„Mir sollten dës Entscheedung benotze fir eis a Fro ze stellen, an eis och froe firwat mir Europäer net Amstand sinn eis eegen Offäll ze recycléieren“, esou d’Argument vum Frans Timmermans.

Déi nei Strategie soll och dozou bäidroen, d’Weltmierer vun de 700 Kilo Plastik ze befreien, déi laut der EU-Kommissioun all Dag do endegen. D’EU-Kommissioun „wäert Moossnamen ergräife fir d’Notzung vum Mikroplastik ze beschränken“, deen sech beispillsweis an de Kosmetika a Wäschmëttel befënnt.

Et soll och nei Reegele ginn, fir den Empfang an den Häfen, fir datt den Offall dee vu de Schëffer während der Iwwerfaart produzéiert gëtt, net méi am Mier entsuergt ka ginn. Och sollen 100 Milliounen Euro an d’Fuerschung gestach ginn, fir déi technesch Innovatiounen ze fërderen.

Eng Plastikssteier?

D’EU-Kommissioun huet scho Mesure geholl fir d’Notzung vum Plastik ze begrenzen. Déi solle virun allem dozou bäidroen, de Gebrauch vu Plastikstuten – déi nëmmen eemol genotzt kënne ginn – drastesch ze reduzéieren.

Wat d’Iddi vun enger Plastikssteier betrëfft, déi als eng Geldquell betruecht gëtt fir zum Finanzement vun der EU bäizedroen, do hunn sech déi zwee Kommissäre virsiichteg gewisen. „Wat d’Strategie besser funktionéiert, wann ee manner Geld erakritt“, esou de Jyrki Katainen.

„Plastics Europe“, de Verband vun den europäesche Plastiksproduzenten, mat Sëtz zu Bréissel, huet d’Initiative vun der EU-Kommissioun begréisst. „Nëmmen eng verbindlech juristesch Beschränkung, déi erzwéngt alles wat recycelt ka ginn et och muss, verhënnert datt d’Saachen um Tipp landen, a kënnen esou als Ressource benotzbar gemaach ginn“, esou den Direkter Karl-Heinz Foerster an engem Communiqué.

mat AFP

Foto: Alles gëtt iergendwéi ëmmer a Plastik agepaakt. Dat misst net sinn, an d’EU-Kommissioun huet sech zum Zil gesat, eppes dogéint ze ënnerhuelen. © Justin Tallis/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Offall, Plastik, Recycling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel