Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Bei Engel versus Wilmes ass mäi Choix kloer
Neiegkeeten

Editorial: Bei Engel versus Wilmes ass mäi Choix kloer

Et sinn nach gudder zéng Deeg bis zum CSV-Nationalkongress, an

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg
Neiegkeeten

Ambitiéis, Equitabel an Nohalteg

Et ass en ambitiéisen, equitabelen an nohaltegen Accord, dee gëschter

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger
Neiegkeeten

Sechs Lidder fir d’Lëtzebuerger

Vum 26. Oktober bis de 25. November ginn d’Lëtzebuerger invitéiert

Besseren Zougrëff op d’Fleeg

Besseren Zougrëff op d’Fleeg
© MSAN
Besseren Zougrëff op d’Fleeg
© MSAN
Besseren Zougrëff op d’Fleeg
© MSAN

Bei enger Pressekonferenz zu den néie Moossname fir ee besseren Accès op d’Fleeg huet Lydia Mutsch verschidden Neierunge presentéiert.

Den Zougrëff op d’Informatioune vereinfachen

De richtegen Dokter zur richteger Zäit ze fannen ass net ëmmer einfach, egal ob een scho laang hei am Land wunnt oder eréischt frësch an de Grand-Duché geplënnert ass an doduerch nach net mam Lëtzebuerger Gesondheetssystem vertraut ass.

a) Info-kit: Fir all Bierger kloer Fakten an de verschiddene Modalitéiten a Méiglechkeeten zur medezinescher Betreiung ze vermëttelen, huet de Gesondheetsministère, zesumme mat der CNS een informative Kit a 4 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch) realiséiert. An de kommende Woche ginn d’Broschüren an de Gemenge verdeelt. D’Dokumenter leeën de Schwéierpunkt op d’Fanne vun engem gudde Generalist an d’Fleeg unzepassen.

b) SANTE.lu Smartphone App: An dëser Applikatioun fënnt een déi meescht gesichten Informatioune vu ronn 145.000 Notzer de Mount. Heizou gehéiere Gesondheetsgefährdungen, Bereedschaftsdéngschter (Urgencen an der Klinik, Apdikten asw.) oder Noutruffnummeren. Och déi eegen Impfkaart ka kontrolléiert ginn, een Organspenderpass kann ee eroflueden oder déi 3 Gestë fir Liewen ze retten noliesen.

D’Grondversuergung opwäerten an no Betreiungsdéngschter begënschtegen

a) Praxisgruppen encouragéieren: Fir ee stännege Fleegedéngscht (owes bis 19:30 Auer a Samschdes Moies) ze garantéiere solle Praxisse mat méi Doktere begënschtegt. Duerch déi erweidert Moossnamen huet de Patient méi grouss Méiglechkeeten ënnersicht ze ginn, zemools bei chronesche Krankheeten.

b) „DispoDoc“: Déi gratis App localiséiert en Echtzäit d’Generalisten, déi am direkten Ëmfeld op hunn, och wann se ausserhalb vun den normalen Zäiten op sinn. Doduerch ginn d’Servicer vun den Urgencen entlaascht, well de Patient vläicht een Dokter méi no fënnt.

Foto © MSAN

Nächsten Artikel Virrechten Artikel