Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?
Neiegkeeten

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?

Et ginn esou vill Serien, datt et oft schwéier ass,

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot
Neiegkeeten

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot

E Freideg hat et nees eng Sëtzung vum Regierungsrot ënnert

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt
Neiegkeeten

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Eng Petitioun fir d‘Steiergerechtegkeet tëscht Bestueten an Celibataire war gëscht en Thema um Krautmaart

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint Rechnung droen, dat huet vill ënnerschiddlech Ursaachen. Do wou et allerdéngs méiglech ass esou eppes wéi Steiergerechtegkeet erbäizeféiere sollt een et och maachen. Dat schéngt och Allgemeng esou vun den Deputéierten ugeholl ze ginn an esouguer de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) erkennt Handlungsbedarf.

A méi fuerdert d‘Petitioun jo eigentlech och net. Trotz allem ass et erstaunlech, datt et hei zimlech generell eng gemeinsam Linn tëscht den Deputéierte vun der Majoritéit an der Oppositioun ginn huet. Och de Finanzminister erkennt dat, woubäi hien ee puer Remarken ze maachen hat. Esou verweist hien drop, datt e Celibataire net déiselwecht Ausgabe wéi eng Koppel huet, bezunn op beispillsweis d‘Ernierung oder d‘Bekleedung. Mee dat bezitt sech net op Gläichbehandlung.

Fir d‘Auteure vun der Petitioun war et virrangeg mat dësem Schratt den Debat nees opzehuelen an nei Weeër opzeweisen déi eng Reflexioun derwäert sinn. Si sinn der Usiicht, datt d‘Singel duerch d‘Steierklass 1 zur Mëllechkou vun der Gesellschaft degradéiert ginn. Dobäi wieren si net emol géint d‘Steierklass 2, och wann si der Usiicht sinn, datt e Celibataire mam Mindestloun, steierlech desavantagéiert ass, géintiwwer enger bestueter Koppel mat Kanner. Dat wier net Zäitgeméiss…

Grouss Verännerunge verlaange Gedold

Et geet also drëms eng modern Besteierung op de Wee ze bréngen, dat am beschten iwwert de Wee vun enger individualiséierter Besteierung. Klengt gutt, mee och komplizéiert firwat eigentlech eng Steierklass fir jiddereen déi besser Optioun wier. Mee de Finanzminister huet de Message verstanen an dierft och erkannt hunn, datt d‘Bestietnes an deen derzougehéierege Steiersaz weder gerecht ass nach der moderner Gesellschaft Rechnung dréit. An hei soll et zu enger weiderer Reform kommen.

Woubäi de Pierre Gramegna awer ze bedenke gëtt, datt en neien, fir jidderee gültegen an neutrale Steiersaz sech net aus dem Hutt zaubere léisst. Et géif komplizéiert, well de ganze Steiersystem vum Land op engem „Klassesystem“ opgebaut ginn ass. Dorausser ergëtt sech, datt een d‘Ofschafe vun den dräi Steierklassen och net iwwert de Knéi brieche kann. Déi sougenannt – a gefuerdert – Steierneutralitéit wäert dann och kommen, mee et sollt een net domatter virun 2021 rechnen.

Illustratioun: Conger / Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Finanzminister, Krautmaart, Petitioun, Pierre Gramegna, Steierklass 1A, Steierklassen, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel