Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
International

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner
International

Et geet dach! Mikroplastik-Verbuet schonn a fënnef Länner

Jo et kann een déi Diskussiounen iwwert de Plastik bal

Naked ass Valium a Film-Form
International

Naked ass Valium a Film-Form

Naked ass esou en onbemierkenswäerte Film, datt all Wuert driwwer

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Dat trotz de Protester vu Konservativen

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E Land vun 430.000 Awunner wou de Katholizismus Staatsrelioun ass, d‘Scheedung eréischt 2011 agefouert ginn an den Avortement nach ëmmer illegal ass.

Dat klengste Land vun der EU ass domadder dat 25. Land op der Welt – an dat 15. an der EU – wou sech homosexuell Koppelen dierfe bestueden. De Premier Joseph Muscat huet esou och säin éischt Wahlverspriechen ageléist. Et sollt säin éischt Gesetz ginn an dat huet de Staatschef dann och ëmgesat. „Et ass een historesche Vote. Dat beweist, datt eis Demokratie a Gesellschaft eng gewësse Maturitéit erreecht huet a mir elo vun eis behaapten dierfe gläich ze sinn“, esou de Muscat nodeems d‘Gesetz ugeholl gi war.

Erstaunlech hei, datt déi nationalistesch Partei (PN) – an stäerksten Oppositioun – sech och fir dëst Gesetz ausgeschwat huet. Nëmmen ee vu senge Memberen huet dogéint gestëmmt. Deen huet erkläert, datt trotz der Trennung vu Kierch a Staat, säi Gewëssen him et net erlaabt hätt den Text matzedroen. Nach virun dräi Joer hat sech de PN enthalen. De Fait, datt d‘Adoptioun och fir Jonggesellen am Gesetz verankert war huet hir Zoustëmmung verhënnert. Dëst Gesetz erlaabt se awer fir all Koppelen.

D‘Kierch gewinnt opgereegt

Et ass wuel net verwonnerlech, mee et muss awer ernimmt ginn. Déi kathoulesch Kierch huet sech mat allem wat se opbidde konnt, dem Text entgéint gestallt. Am Parlament hu sech d‘Debatten allerdéngs méi op d‘Semantik vun de Froe bezunn. Vill Deputéiert ware besuergt am Gesetzestext d‘Termë wéi „Mann, Fra, Papp oder Mamm“ ersat ze gesinn duerch „Liewenspartner“ oder „Elteren“.

Zanter 2014 sinn op Malta awer schonn 141 Koppelen eng zivil Union agaangen. 22 dovunner hunn op dës Aart a Weis e Bestietnes am Ausland androe gelooss. Um spéiden Dënschdegowend haten déi Konservativ eng stëll Manifestatioun virum Parlament zu Valetta ofgehalen.

Um Mëttwoch haten sech dunn awer ee sëlleche Leit virum Palais vum Premierminister afonnt. Vill dorënner mat Reebou-Fändelen an gutt gelaunt. Bei Musek a festlecher Stëmmung ass d‘Gesetz mat allem néidege Respekt gefeiert ginn. De Motto vun Dag: „Mir hu Geschicht geschriwwen“.

Gläichgeschlechtlecht Zesummeliewen iwwerall?

Säit Holland 2001 d‘Bestietnes fir Jidderee agefouert hunn, sinn et elo an der EU scho 14 Länner déi sech deem ugeschloss hunn. Kuerz viru Malta hat sech och Däitschland dozou entschloss, och wann et do eng däitlech Oppositioun ginn huet. Erënnere mer dann och, datt Däitschland a Frankräich domadder ugefaangen haten, déi „zivil Union“ anzeféieren. An Zentraleuropa gëtt et där Länner méi. Italien huet bis Juli 2016 gläichgeschlechtlech Koppele guer kee Statut zougestane.

Homosexuell Koppelen dierfen sech säit 2005 a Kanada a säit 2015 an den USA bestueden. Och véier latäinamerikanesch Länner hunn entspriechend Gesetzer gemaach. Mat wéinegen Ausnamen ass et awer an Afrika an Asien bis ewell nach net méiglech. A ville Länner gëtt een och nach bestrooft an um Beispill vun Tschetschenien ass ersiichtlech, datt et nach Leit gëtt déi dofir iwwer Läiche ginn.

mat AFP

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten LGBT, Malta
Nächsten Artikel Virrechten Artikel