Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Schëff vu Lifeline dierf Malta ulafen
Neiegkeeten

D‘Schëff vu Lifeline dierf Malta ulafen

No villem hin an hir dierf d‘Schëff vun der ONG

surprise
9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts
Neiegkeeten

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

All Dag reegen sech Leit doriwwer op, datt hiren Zuch

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL
Neiegkeeten

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL

Gutt Nouvelle fir all Schüler a Pendler dee d‘Eisebunn benotzt:

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee

Haut ass d'Ofstëmmung

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee

UPDATE

D’Bestietnes fir jidderee gouf mat 393 Stëmmen dofir an 226 Stëmmen dogéint gestëmmt

Uersprénglechen Artikel:

Zanter Joerzéngte beméien sech d’Verdeedeger fir ee „Bestietnes fir jidderee“ an Däitschland ëm ee Gesetz, dat d’Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppele soll erméiglechen. Haut kéint et esouwäit sinn well de Bundestag doriwwer ofstëmme muss.

De Moien um aacht Auer befaasst sech de Bundestag, wann d’Dagesuerdnung geännert gëtt, mam Bestietnes fir jidderee. Méiglecherweis féiert dat zu engem historesche Beschloss. SPD, déi Linke an déi Gréng hätte jiddefalls eng Majoritéit. Déi ass zwar denkbar knapp, kéint sech awer géint déi konservativ Union duerchsetzen. D’Union beklot dann och de Vertrauensbroch vum Koalitiounspartner.

Sollt d’Requête ugeholl ginn an et esou zur Ofstëmmung kommen, dierften an Zukunft gläichgeschlechtlech Koppelen sech bestueden. Dat heescht och, datt déi dann dierfte Kanner adoptéiere wéi eng Koppel vu Mann a Fra. Un enger Majoritéit zweiwelt keen, well och aus der Reie vun der Union, verschidde Kandidaten dem Gesetz zoustëmme wëllen.

Wéi verhält sech d’Kanzlerin?

Et ass unzehuelen, datt d’Angela Merkel sech net bei der Debatt zu Wuert wäert mellen. Aus Union-Fraktiounskreesser war awer ze héieren, datt si net fir eng Ried ugemellt ass. Virgesinn ass, datt de Volker Kauder (CDU-Fraktiounschef) an d’Gerda Hasselfeld (Cheffin vun der CSU-Landesgrupp) d’Positioun vun der CDU/CSU um Riednerpult vertrieden. Béid sinn entscheete Géigner vum „Bestietnes fir jidderee“.

Och opgestallt ass den Deputéierte Jan-Marco Luszak vun der CDU. Hie vertrëtt bei der Union de „JO“. Fir déi ganz Debatt sinn 38 Minutte virgesinn, dee gréissten Deel dovunner steet der Unioun zou. Et dierft deemno eng emotiounsgelueden Debatt ginn

D’Gewësse soll entscheeden

Um Méindegowend hat d’Angela Merkel iwwerraschend erkläert, dat Si fir eng Gewëssensentscheedung plädéiert. Dat bedeit, datt et am Fall vun enger Ofstëmmung kee Fraktiounszwang géif ginn an d’Deputéierte vun der Unioun ouni Ukënnegung vun der Parteilinn kéinten ofwäichen.

Den „NEE“ zum Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppele war déi läscht Bastioun vun der Unioun. Ënnert der Féierung vun der Kanzlerin huet d’CDU zimlech all Positiounen opginn, fir déi et an der Gesellschaft keng Majoritéit méi ginn huet.

D’Sozialisten optimistesch

Fir den Thomas Oppermann (SPD-Fraktiounschef) an de Justizminister Heiko Maas (SPD) wier dann och fir dëst Gesetz keng Ännerung vum Grondgesetz néideg. Si gesinn am Wandel vum traditionelle Verständnes fir d’Bestietnes kee Widdersproch zum Grondgesetz. D’Gestaltungsfräiheet vum Parlament wier verfassungsrechtlech zoulässeg.

Den Hans-Peter Uhl, Justiziar vun der Uniounsfraktiouns gesäit dat anescht a besteet drop, datt et eng Ännerung vum Grondgesetz misst ginn. Et géif treffend Verfassungs-Commentaire déi dat géife bestätegen. Esou knëppt d’Bundesverfassungsgeriicht d’Bestietnes un zwou Konditiounen: „Si ass eng dauerhaft Verantwortungsgemeinschaft an dorops ausgeriicht Kanner ervirzebréngen“. Dat wier nëmme méiglech mat Mann a Fra.

mat AFP

Update (9:35): D’Resultat gouf dobäi gesat.

Ähnlech Sujeten Däitschland, Ehe für Alle, LGBT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel