Search

You may also like

Maniff fir de Patrimoine
Neiegkeeten

Maniff fir de Patrimoine

De Rendez-vous war treffend organiséiert: um Piquet, also direkt um

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?
Neiegkeeten

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)
Neiegkeeten

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)

Fir déi fënneft Editioun haten sech 72 Schoulklasse gemellt, awer

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL

Bestietnes tëscht FNCTTFEL-Landesverband an OGBL

Säit gëschter gehéiert den FNCTTFEL-Landesverband provisoresch zum OGBL. Nom Kongress vum Landesverband um 2. Dezember 2019 hunn 76,19 %, also d’Majoritéit fir dëse Schrëtt gestëmmt. Bei der Versammlung vum OGBL um 6. a 7. Dezember waren et souguer 99,6 % vun de Stëmmen. An de leschte Méint ass een d’Preparatiounen ugaangen, fir d’Integratioun ze garantéieren.

Mat der provisorescher Opnam gesellt sech en neie professionelle Syndikat zu de 15 Syndikater vum OGBL dozou: Den FNCTTFEL-Landesverband Syndikat vun den Eisebunner. D’Chargés de Cours bilden ab elo, zesumme mam SEW/OGBL en neie Comité, wärend de Secteur vun den ëffentleche Servicer vum Landesverband sech am Selwechte vum OGBL agliddert, mat Ausnam vun de Chargés de Cours.

Och eng Direktioun vun de Syndikater konnt schonn opgestallt ginn. Lokal Sektiounen an d’Departementer vun de Pensionären, de Jonken an de Frae vun den zwee Syndikater behalen hir Autonomie an déi aktuell Struktur, stäerken awer géigesäiteg d’Collaboratioun.

De Georges Merenz, deen zënter Oktober 2017 President vum FNCTTFEL-Landesverband ass, gëtt um 7. Juli 2020 als 3. Vize-President vum OGBL proposéiert. Duerch d’Pandemie ka keng offiziell Zeremonie organiséiert ginn, bei där dësen historesche Moment gefeiert gëtt. Och déi jeeweileg Gewerkschaftsdeeg sinn op den Hierscht verluecht ginn.

Fir den OGBL ass dëst eng wichteg Etapp, fir seng Ziler ze erreechen. Et well een nämlech eng eenheetlech an aflossräich gewerkschaftlech Konfederatioun opstellen, déi all d’Aarbechter vu Lëtzebuerg vertrëtt. An dësem Sënn ass d’Devise vum FNCTTFEL-Landesverband nees aktuell: „Zesumme staark“.

Opmaacherfoto: © OGBL

Related topics Bestietnes, FNCTTTFEL, Landesverband, Muecht, OGBL, provisoresch Integratioun, Stäerkung
Next post Previous post