Search

You may also like

„Wëlls de kucken?!“ – Police bréngt Gaffer zur Läich vum Accident!
Neiegkeeten

„Wëlls de kucken?!“ – Police bréngt Gaffer zur Läich vum Accident!

Um Dënschdeg Mëtteg ass et op der däitscher A6 a

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht
Neiegkeeten

De 6. Mee ass nees Kulturnuecht zu Esch/Uelzecht

Mat der 6er Editioun vun der „Nuit de la Culture“

Si hunn him Nowitschok an den Téi gemaach
Neiegkeeten

Si hunn him Nowitschok an den Téi gemaach

Den Alexej Nawalny, deen zu Berlin an der Charité am

Bestueden oder pacsen wärend der Coronakris

Bestueden oder pacsen wärend der Coronakris

Um 4. Mee huet de Regierungsrot eng Ausnahm beim Artikel 75 vum Code Civil beschloss, sou datt Bestietnisser nieft dem Gemengenhaus, och an anere Gebaier vun der Gemeng kënnen ofgehale ginn.

Duerch d’Mesuren, déi an der Coronakris getraff gi sinn, dierf just ee Maximum vun 20 Persounen fir d’Zeremonie vum Bestietnis, respektiv vum Pacsen an engem Sall sinn. Dëst bereet enger Rei Gemenge Problemer, wëll hir Raim net grouss genuch sinn.

Aus dësem Grond hunn d’Justizministesch Sam Tanson an d’Inneministesch Taina Bofferding proposéiert, datt dës Zeremonien temporär och an anere Gebaier vun der Gemeng dierfen ofgehale ginn. Heibäi decidéiert de Schäffen- a Gemengerot, wéi eng Raimlechkeeten dobäi geholl ginn, allerdéngs braucht et d’Zoustëmmung vum Inneministère.

Opmaacherbild: © Han-Hsing Tu / Unsplash

Related topics Bestietnis, Code Civil, Coronakris, Gemeng, Hochzäit, Pacsen, Sam Tanson, Taina Bofferding
Next post Previous post